Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wann Dommheet e Beruff wier, wär et US-Diplomat
International Neiegkeeten

Wann Dommheet e Beruff wier, wär et US-Diplomat

D‘US-Aussepolitik huet e Niveau erreecht, do fält der näischt méi

Brasilien: Vernichtung vum Reebësch
International Neiegkeeten

Brasilien: Vernichtung vum Reebësch

Laut dem brasilianeschen Institut fir Weltraumfuerschung (INPE) wier d‘Lag „dramatesch“.

Beim CNFP hu se méi Froe wéi Äntwerten
International Neiegkeeten

Beim CNFP hu se méi Froe wéi Äntwerten

Esouwuel de Budget wéi och de Finanzprogramm 2019-2023 si vum

FSC: Eng Analys zum Lëtzebuerger Holz

FSC: Eng Analys zum Lëtzebuerger Holz

No enger nationaler Risikoanalys (NRA), déi vum Forest Stewardship Council (FSC) lancéiert ginn ass, konnt Lëtzebuerg mat „geréngem Risiko“ fir net zertifiéiert Holz positiv ervir stiechen. FSC Lëtzebuerg wëll soumat Entreprisen d’Vertrauen an net zertifiéiert Holz aus dem Grand-Duché zeréckginn. D’Resultater interesséieren dobäi virun allem den nationale Wirtschaftssecteur.

D’Schlussfolgerung zur NRA, déi am Juni 2019 accordéiert ginn ass, weist, datt Lëtzebuerger Holz aktuell ee „gerénge Risiko“ opweist, wann et ëm déi verschidden Indikateure ginn, déi fir den FSC „kontrolléiert Holz“ definéieren. An anere Wierder kann ee soen, datt all Holz aus dem Grand-Duché och als „kontrolléiert“ unerkannt kéint ginn. Schliisslech erfëllt d’Material all Ufuerderungen, fir weider verschafft ze ginn.

„Ouni dës Risikoanalys hätt net-zertifiéiert Holz aus de Lëtzebuerger Bëscher net méi bei FSC Mix-Produite genotzt kéinte ginn. Dat hätt selbstverständlech ee wichtegen Impakt op de lokale Maart gehat, a virun allem op d’Holz-Industrie“, sou de Philippe Genot, Manager vum Luxembourg Wood Cluster bei Luxinnovation. „Dës Risikoanalys gëtt eng gewësse Garantie a Kontroll fir all Holz aus Lëtzebuerger Bëscher.“ Dobäi kann een dëst Material net als nohalteg Ressource duerstellen, wann d’Gestioun vun de Bëscher net op mannst genau esou nohalteg ass. An dësem Sënn ënnerstëtzt de Wood Cluster och an Zukunft d’Zertifikatioun vun den nationale Bëscher.

FSC

Wat ass FSC Mix?

Leider sinn nach net all Bëscher vun FSC zertifiéiert ginn. Donieft enthale vill Produiten, déi vun FSC de Label kritt hunn, net zertifiéiert Faseren. A genau hei spréngt FSC Mix an. Sief et bei Pabeier, Kartong, Holzpanneauen oder anerer, dréit de Produit de Label, esou enthält en ee Mix aus zertifiéierten an net-zertifiéiertem Material. Hei sollt allerdéngs gewosst sinn, datt och Holz ouni Zertifizéierung déi minimal Qualitéitsuspréch opweise muss a soumat zum „kontrolléierte Material“ gehéiert.

Schwätzt ee vu „kontrolléiertem Holz“, esou gi vun FSC als inakzeptabel Praktiken direkt ausgeschloss. Heizou gehéieren:

  • Illegal gesammelt Holz
  • Gesammelt Holz, bei deem déi traditionell Rechter, sou wéi d’Mënscherechter verletzt goufen
  • Holz, dat aus Bëscher oder vun Aktivitéite kënnt, déi d’Wäerter zur Conservatioun bedreeën
  • Holz aus Bëscher, an deenen d’Beem genetesch modifizéiert goufen
  • Holz aus natierlech verännerte Bëscher, déi grad eréischt geplanzt gi sinn

FSC

Wou steet Lëtzebuerg?

Vill Entreprisen, déi op net zertifiéiert Holz zeréckgräifen, kéinten een interne Risiko-Evaluatiounssystem aféieren. Zënter dem 1.Juli, wou FSC säi System geännert huet, muss sech dëse System op dat ganzt Land bezéien.

De Frank Wolter, Direkter vun der Natur- a Bëschverwaltung erkläert, datt ee sech iwwert de Befonnt vun der Etüd freet. „D’Asetzen an d’Fërdere vun enger nohalteger Gestioun vun de Bëscher gehéiert zu eiser alldeeglecher Aarbecht an d’Zertifikatioun FSC stimuléiert dëse permanente Verbesserungsprozess vun de Gestiounstechniquen op Basis vu wëssenschaftleche Fortschrëtter an Erwaardunge vun de Bierger. Dës weideren ënnerstëtzt a beräichert d’Zertifikatioun eis Kommunikatiounsaarbecht.“

Dank der Finanzéierung vun der Natur- a Bëschverwaltung (ANF) konnt FSC Lëtzebuerg am Fréijoer 2017 seng éischt national Aarbechtsgrupp un Experten aus dem Bëschsecteur, Holz-Transformatiounsfirmen an de Luxembourg Wood Cluster opstellen. Dobäi evaluéieren d’Experten all eenzel vun de 5 Risiko-Kategorien, andeem si sech op verschidde bibliographesch Quelle baséieren an de legislative Kader analyséieren.

Fir weiderhin transparent ze bleiwen an ee participatiivt Gefill bäizebehalen, ass dës Analys bei enger ëffentlecher Ëmfro am Joer 2018 virgeluecht ginn, sou datt d’Acteuren sech och ausdrécken an eventuell Verbesserungen zur Analys virschloe kéinten. D’Conclusioune vun der NRA gouf am Juni 2019 bestätegt.

FSC

Eng responsabel Gestioun vun den FSC-Bëscher

Zum Ecosystem Bësch gehéiert eng räich Diversitéit u Flora a Fauna. Dobäi séchert dëse grénge Raum eiser aller Iwwerliewen op dësem Planéit. Eng vu sechs Persounen op der Welt ass direkt oder indirekt vum Bësch ofhängeg. Soumat bleift den Drock weiderhi grouss.

De Pit Mischo, President vun FSC Lëtzebuerg ënnersträich: „Déi nohalteg Gestioun ass eng konkret Äntwert zu de Suergen an eng vun de Léisunge fir eis grouss Reserve vun der Biodiversitéit an der Welt ze schützen an ze erhalen. Holz ka just eng nohalteg Ressource sinn, wann och d’Gestioun vun de Bëscher nohalteg ass. Dat ass och exakt de Grond, wisou FSC gegrënnt ginn ass.“

Tëscht 2010 an 2015 si 4,1 Milliounen Hektar un natierleche Bëscher verluer gaangen, sou schreift et FAO Global Forest Ressources Assessment 2015.

An dësem Kader kann de Konsument direkt zum sougenannte Consom’Acteur ginn, andeems en Holz mam FSC-Label keeft. De Logo garantéiert, datt d’Holz vun enger ekologescher Gestioun kënnt, mat sozialen an ekonomesche Virdeeler, duerch déi och un d’Besoine vun den aktuellen an zukünftege Generatioune geduecht gëtt.

Fir weider Informatiounen zu FSC Lëtzebuerg sollt een ënnert www.lu.fsc.org laanscht kucken.

Ähnlech Sujeten Forest Stewardship Council, FSC, Holz, Label, Luxembourg Wood Cluster, national Risikoanalys, Zertifikatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel