Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dëse Sonndeg: Porte Ouverte vun der Schlammwiss
Neiegkeeten

Dëse Sonndeg: Porte Ouverte vun der Schlammwiss

Matt 88 Hektar ass d’Schlammwiss dat gréisst Fiichtegbitt vu Lëtzebuerg a

De „roude Block“ gewënnt d‘Parlamentswahlen an Dänemark
Neiegkeeten

De „roude Block“ gewënnt d‘Parlamentswahlen an Dänemark

D‘Dänen hunn sech bei de Parlamentswahle fir eng nei Regierung

Earth Overshoot Day erreecht – Lëtzebuerg op der traureger 2. Plaz!
Neiegkeeten

Earth Overshoot Day erreecht – Lëtzebuerg op der traureger 2. Plaz!

Et ass wuel ee vun den trauregsten Deeg, déi eist

FSC Lëtzebuerg: Wien e Bam planzt, kann den Himmel gewannen

FSC Lëtzebuerg: Wien e Bam planzt, kann den Himmel gewannen
(v.l.n.r.) Carole Sinner, ANF; Pit Mischo, President vun FSC Lëtzebuerg © Martine de Lagardère/moien.lu
FSC Lëtzebuerg: Wien e Bam planzt, kann den Himmel gewannen
© Martine de Lagardère/moien.lu
FSC Lëtzebuerg: Wien e Bam planzt, kann den Himmel gewannen
© Martine de Lagardère/moien.lu
FSC Lëtzebuerg: Wien e Bam planzt, kann den Himmel gewannen
© Martine de Lagardère/moien.lu
FSC Lëtzebuerg: Wien e Bam planzt, kann den Himmel gewannen
© Martine de Lagardère/moien.lu
FSC Lëtzebuerg: Wien e Bam planzt, kann den Himmel gewannen
© Martine de Lagardère/moien.lu
FSC Lëtzebuerg: Wien e Bam planzt, kann den Himmel gewannen
Marc Parries, vun der ANF a Fierschter vum Härebësch© Martine de Lagardère/moien.lu
FSC Lëtzebuerg: Wien e Bam planzt, kann den Himmel gewannen
© Martine de Lagardère/moien.lu
FSC Lëtzebuerg: Wien e Bam planzt, kann den Himmel gewannen
© Martine de Lagardère/moien.lu

Bei der Entstoung vum Forest Stewardship Council, kuerz FSC, hat wuel keen mat dëser immenser Erfollegsgeschicht gerechent. Haut sinn ronn 200 Millioune Bëscher an 83 Länner an 36.000 Betriber zertifiéiert. Duerch de konstante weltwäite Wandel mussen natierlech och d’Prinzipien a Kritäre vun esou enger grousser Organisatioun reegelméisseg ugepasst ginn. FSC Lëtzebuerg huet dofir um vergaangenen Dënschdeg seng Upassungen, déi vun FSC International ofgeseent an den 1. Oktober 2019 a Kraaft getruede sinn, presentéiert.

Wéi de Pit Mischo, President vun FSC Lëtzebuerg erkläert huet, hunn a leschter Zäit eng sëllechen Neierungen och de Bësch betraff. „Lëtzebuerg krut een neit Naturschutzgesetz, d’Bëschverwaltung ass zur Naturverwaltung ginn, mir missten déi europäesch Habitatdirektiv iwwerhuelen, nei Bëschpläng goufen erstallt, een neie „Code forestier“ gouf als avantprojet de loi am leschte Joer virgeluecht, Europa huet mat FLEGT nei Virlage géint illegalen Holzhandel operluecht a sou weider.“

Och fir Lëtzebuerg war et also un der Zäit d’Standarten ze iwwerschaffen. D’Dokument beschreift op 76 Säiten all Detailer an erkläert a klorer, präziser Aart a Weis d’Ëmsetzung an d’Kontroll vun de Kritären. Et wëll ee schliisslech sécher goen, datt de System kee Sputt léisst, fir de System ze hannergoen. Duerch reegelméisseg Kontrollen duerch Audits suergt ee fir Glafwierdegkeet an Akzeptanz beim Konsument. Dobäi gëtt sécher gestalt, datt all Interessegruppen aus der Ekonomie, Ekologie an dem Soziale gläichberechtegt vertruede sinn.

FSC Lëtzebuerg

D’Carole Sinner (ANF) bei der Presentatioun vun den Upassungen © Martine de Lagardère/moien.lu

Kuerz a knapp: Wat gouf ugepasst?

D’Dachorganisatioun FSC International schreift fir, datt d’Standarten all 5 Joer revidéiert ginn. Am Januar 2016 hat Lëtzebuerg mat senger Iwwerschaffung ugefaangen a konnt 3 Joer drop d’Resultat an den Hänn halen. Folgend Theme goufen soumat bei der Aktualiséierung berécksiichtegt:

  1. D’Anhalung vun de GesetzerNatierlech Regeneratioun, Plantatioun, net-heemesch Beem, invasiv Spezies a Klimawandel
  2. D’Konditioune fir d’Bëschaarbechter an hir Rechter
  3. D’Rechter vun den indigene Vëlker
  4. D’Bezéiungen zu de lokale Vëlker
  5. D’Leeschtunge vum Bësch
  6. D’Ëmweltgidder an d’Auswierkung op d’Ëmwelt
  7. De Management
  8. Monitoring a Bewäertung
  9. Besonnesch Schutzwäerter
  10. D’Ëmsetzung vun de Bewirtschaftungsmoossnamen

Momentan sinn et d’Bëscher vum Staat an zuelräich Gemengen, déi den FSC-Label schonn droen an esou den Erhalt vun dëse gréngen Oasen op nohalteger Basis garantéieren. Dobäi soll gewosst sinn, datt d’Zertifiéierung fräiwëlleg ass, an awer schonn iwwert ee Véierel vun de Lëtzebuerger Bëscher de Standarts entspriechen.

Mat senge 25,8% FSC-zertifiéierte Bëscher steet de Grand-Duché um weltwäiten Niveau ganz wäit vir. D’Ziel am internationale Beräich ass et nämlech, bis 2020 ganzer 20% Bëscher mat dësem Label virweisen ze kënnen.

FSC

Keng Theorie ouni Praxis

Den décken Dossier vun 76 Säiten ass natierlech un dësem Dag net ganz duerchgeknat ginn. Méi wichteg war et de Representante vun FSC Lëtzebuerg an der Bëschverwaltung, fir direkt um reale Beispill déi nohalteg Aarbechtsweis duerzestellen a generell Informatiounen zur Organisatioun ze verdäitlechen. Soumat ass de Grupp duerch de Bambësch, laanscht Buchen, Champignonen an déi räichhalteg Hierschtfaarwen, gewandert.

Déi nohalteg Forstwirtschaft gesäit dobäi fir, datt ee sech just dat hëlt, wat och nees nowuesse kann. Schwéier Maschinne fueren a Spure vun décke Pneue sinn op dëse Biedem net ze gesinn. Schliisslech soll dësen Nierbuedem net zerstéiert ginn. An esou gräift een ënnert anerem och emol gären op d’Schaffpäerd zeréck.

Fir d’Risike bei de geféierlechen Aarbecht, beispillsweis bei de Coupen, ze reduzéieren, gi reegelméisseg Formatiounen organiséiert. Noutwenneg Sécherheetskleedung an ergonomescht Material soll een geséchert Aarbechtsklima bei den Aarbechter schafen an hiert Wuelbefanne garantéieren. Mir kënnen do just bestätegen, datt un den Bëschaarbechter nach alles dru war a mir mat engem Laachen empfaange gi sinn.

FSC Lëtzebuerg

Een Tour duerch de Buchebësch © Martine de Lagardère/moien.lu

Wat ass FSC eigentlech?

D’Ofkierzung FSC steet fir Forest Stewardship Council. Déi onofhängeg, net-Regierungsorganisatioun, déi 1993 als Reaktioun op den Ëmweltsommet zu Rio de Janeiro gegrënnt ginn ass, ass an 49 Länner aktiv a stellt sécher datt d’Bëschbewirtschaftung ëmweltgerecht, sozial fërderlech a wirtschaftlech drobar vun alle Parteien ëmgesat gëtt. Ass ee Bësch FSC-zertifiéiert, esou gëtt déi natierlech Dynamik, d’Regeneratiounsfäegkeet an déi sozial an ekonomesch Wäerter respektéiert.

Och zu Lëtzebuerg representéiert an ënnerstëtzt den 2006 gegrënnte Veräin „Fir en nohaltege Bësch Asbl“ den FSC. De Veräi fërdert de Schutz vun der Ëmwelt a Landwirtschaft duerch den Erhalt vun eise Bëscher, ganz am Kader vun enger nohalteger, verantwortungsvoller Bewirtschaftung. Am Grand-Duché ass FSC vum Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen, sou wéi vun der Naturverwaltung unerkannt.

De ganze Rapport kann HEI nogelies ginn.

Ähnlech Sujeten Alabama, ANF, Bam, Bambësch, Bësch, Biodiversitéit, Carole Sinner, Ëmwelt, FSC Lëtzebuerg, Holzhandel, Kritären, Marc Parries, Natur, Nohaltegkeet, Pit Mischo, Zertifiéierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel