Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Kobalt a Mënscherechter: Amnesty bewäert déi grouss Firmen
Neiegkeeten

Kobalt a Mënscherechter: Amnesty bewäert déi grouss Firmen

Amnesty International huet haut e Rapport verëffentlecht, an deem eng

Steierreform 2.0
Neiegkeeten

Steierreform 2.0

Se stieche matten an de Koalitiounsgespréicher, an d‘CGFP fuerdert vun

Israelesch-syresche Grenzkonflikt beonrouegt d‘UNO
Neiegkeeten

Israelesch-syresche Grenzkonflikt beonrouegt d‘UNO

Well eng iranesch Drone vu Syrien aus an den israelesche

Médecins du Monde: Fuerderunge brauchen en Debat

Médecins du Monde: Fuerderunge brauchen en Debat

Um Mëttwoch huet Doktere vun der Welt (MdM) de Bilan vun hirer Campagne „Fokus Lëtzebuerg“ virgeluecht. Eng Campagne, déi duerch d‘ausgeléiste Polemik vun deem engen oder anere Plakat, den Debat iwwert Aarmut an Ausgrenzung zu Lëtzebuerg lancéiert huet. Eng gutt Geleeënheet och fir e Plaidoyer fir en inklusiivt Gesondheetssystem.

„Wann et den Dokter vun der Welt hir éischt Aufgab ass erkrankt Leit ze behandelen, esou muss MdM awer och sensibiliséieren“, esou d‘Sylvie Martin. Aarmut an Ausgrenzung zu Lëtzebuerg sinn eng Tatsaach där sech d‘Gesellschaft muss stellen. Mat hirer Campagne tëscht dem 25. Juli an dem 5. August hätten se dann och op de sozialen Netzwierker fir vill Reaktioune gesuergt an och bei hinnen um Büro wier ugeruff ginn.

Dat zu Lëtzebuerg net all Mënsch Accès zu medezinescher Behandlung huet, wier dann och ville Leit net bekannt gewiescht. Zudeem wier et héich Zäit ginn et och emol op de Punkt ze bréngen: „Nee, zu Lëtzebuerg gëtt et net nëmme Räicher a Jo, et gëtt Leit déi an esou enger Aarmut liewen, datt se sech eng Behandlung net kënne leeschten“, ënnersträicht d‘Sylvie Martin.

Nëmme statistesch en héicht Akommes

Mam Hiweis an der Campagne, datt zu Lëtzebuerg – ëmmerhin dat zweet räichste Land vun der Welt – d‘Duerchschnëttsakommes iwwer 5.000 Euro läit, huet kloer provozéiert. Mee ouni Provokatioun keen Debat, an dee wier batter néideg. De Räichtum ass hei schlecht verdeelt, d‘Ongerechtegkeet awer gutt verstoppt. An zu Lëtzebuerg iwwert säi Revenu ze schwätzen ass dann och nach ëmmer en Tabu.

An natierlech war d‘Campagne och e Spendenopruff. Hei ass eng schéin Zomm zesummekomm an och nei Donateure konnten iwwert dëse Wee fonnt ginn. Dat ass esou wichteg wéi noutwenneg, well och wann all déi Leit déi sech bei MdM engagéiere Fräiwëlleger sinn, esou ass d‘Behandlung vu 1.500 Leit am Beräich vum „Generaliste“ awer mat Käschte verbonnen. An et muss engem Bewosst sinn, datt och spezifesche Soinen (Zänndokter, Hautdokter, Psy a.ä.) Geld kaschten.

Hei stellen sech dann och eng ganz Rëtsch Froen. Eng zentral, ass déi op et dann normal ass, datt ëmmer méi muss gehollef ginn obwuel de „System“ staark genuch ass de Problem ze droen. Eis Gesondheetskeess huet 2016 en Excedent vu bal 182 Milliounen Euro (e cumuléierte vun 338 Milliounen) virgeluecht. Et feelt also net u Moyenen, mee um gudde Wëllen an administrative Grondlagen.

Anerwäerts geet et längst

Fir den Dokter Jean Bottu, President vun Doktere vun der Welt, ass de Fall Lëtzebuerg och grad da schwéier ze verstoen, wann ee weess dat Länner genee dat kënnen obwuel se wäit ewech sinn, vun der wirtschaftlecher Situatioun wéi dat zu Lëtzebuerg de Fall ass. Hie plaidéiert dann och ganz kloer vir e grondsätzlechen „tiers payant“, well dat alle Betraffene Sécherheet bréngt. Dem Patient, dem Dokter an dem Apdikter, zumindest fir de finanzielle Volet.

Deel huelen um Debat an jidderengem den Zougang zur medezinescher Versuergung garantéieren, dat ass d‘Grondlag. Kee sollt, well e keng Adress huet oder soss eng administrativ Virschrëft et esou bestëmmt, d‘Recht op d‘Visite beim Dokter entzu kréien. Sech de Leit mat Zäiten unhuele gëtt um Enn ëmmer méi Bëlleg, wéi eng Behandlung an der Urgence.

Et wier da sécherlech gutt, wann MdM vun den informelle Gespréicher zu méi konkretem kéint iwwergoen. An et ass sécherlech och net nëmmen d‘Gesondheetskeess déi sech hei muss bewegen. Och politesch ass Lëtzebuerg erausgefuerdert a kéint firwat och net, sech direkt zu Bréissel staark maache fir eng eenheetlech Léisung op EU-Niveau op d‘Been ze stellen. Mee do ass dann nees déi béis Fro: „Wëlle mir esouvill Europa?“. Méi Gerechtegkeet a méi Europa awer heescht och, datt jidderee muss kënne bei den Dokter goen.

Foto: (v.l.n.r.) Sylvie Martin (Chargée de Direction) an den Dr. Jean Bottu (President vu Médecins du Monde) © Martine de Lagardère

Ähnlech Sujeten Aarmut, Ausgrenzung, Doktere vun der Welt, Lëtzebuerg, Medecins du Monde
Nächsten Artikel Virrechten Artikel