Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Neigestaltung vum Stater Busservice huet nach Kannerkrankheeten
Neiegkeeten

Editorial: Neigestaltung vum Stater Busservice huet nach Kannerkrankheeten

Säit e Méindeg gëtt et – an dat kann eigentlech

„Schmaacht et?“… en Event bei deem iech d‘Häerz opgeet
Neiegkeeten

„Schmaacht et?“… en Event bei deem iech d‘Häerz opgeet

Um Tennisterrain zu Sennengerbierg ass et schonn déi 8. Editioun

34 Saachen, déi s de kenns, wann s de an de 90er opgewuess bass
Neiegkeeten

34 Saachen, déi s de kenns, wann s de an de 90er opgewuess bass

Et ass schonn eng Zäitchen hier wou s du Airwalks

Den SNE an d’CGFP hunn eng kloer Positioun a Fuerderungen zum Stage am Fondamental !

Den SNE an d’CGFP hunn eng kloer Positioun a Fuerderungen zum Stage am Fondamental !

Wéi Dir et sécherlech aus der Press erfuer hutt, ass an deene leschten Deeg endlech Beweegung an dat vill diskutéiert Thema „Stage an der Fonction publique“ komm. Et kënnt zu substanzielle Verbesserunge fir den „Enseignant-­Stagiaire“:

Hei elo klenge Réckbléck op de Stage an op d’Positioune vum SNE a senger Daachorganisatioun, der CGFP dozou:

Mat der Reform an der Fonction publique vun 2015 ass de Stage fir all Staatsbeamte vun 2 op 3 Joer eropgesat ginn, an och d’Léierinnen an d’Schoulmeeschtere kruten amplaz vun deem Accompagnement, dee bis dohinner virgesi war, e „richtege Stage“.

Dës Reform an hir Changementer goufe lancéiert vun der deemoleger CSV-­LSAP Regierung. De SNE/CGFP war net Demandeur dovun. Nee – et goung souguer souwäit, datt den SNE/CGFP vun der deemoleger Regierung, d’Aféiere vun engem richtege Stage als „conditio sine qua non“ fir d’Bäibehale vum Staatsbeamtestatut imposéiert krut.

Ouni d’Acceptéiere vun dësem Stage hätten déi zukünfteg Léierinnen a Schoulmeeschtere riskéiert, als vum Staat bezuelte Privatbeamten agestallt ze ginn, mat all den negative statutaresche Konsequenzen, déi dat mat sech bruecht hätt. Dëst konnt een op kee Fall op d’Spill setzen a genau aus deem Grond war den SNE/CGFP da schlussendlech bereet, dës batter Pëll vum Stage ze schlécken.

Eng aner Gewerkschaft aus dem Enseignement huet sech deemools net nëmme géint eng Reform vum Stage, mee géint all Form vu Stage ausgeschwat. Jo, si war esouguer bereet, doduerch de Statut vum Staatsbeamte fir déi zukünfteg Léierinnen a Schoulmeeschtere liichtfankeg op d’Spill ze setzen. An den Ae vum SNE/CGFP war dëst eng total irresponsabel Haltung vun dëser Gewerkschaft géintiwwer eise jonken an zukünftege Kollegen!

De SNE/CGFP huet sech vun Ufank u fir e sënnvolle Stage agesat, deen eise jonken an zukünftege Kollege bei hirem Beruffsantrëtt hätt sollen hëllefen a si während hiren éischte Joren am Beruffsliewen hätt sollen ënnerstëtzen. Leider ass dat och 2019 nach ëmmer net de Fall, obwuel den SNE/CGFP entretemps schonn dacks bei de Responsabele vum MENJE intervenéiert ass, fir déi Situatioun ze redresséieren an e sënnvolle Stage anzeféieren.

Den aktuelle Stage ass nämlech nach ëmmer keng „Plus-value“. Nee, et ass definitiv eng Corvée, e Stage vollgepaakt mat deelweis onsënnege Widderhuelunge vun Inhalter aus der Uniszäit, déi eis jonk Kollege stresst an hinnen dacks, vun Ufank un, d’Freed un deem schéine Beruff vum Enseignant hëlt.

De MENJE an den IFEN hunn total versot, an et net fäerdeg bruet, fir en hëllefräichen, sënnvolle Stage op d’Been ze setzen, deen eis jonk Kollege motivéiert, déi nobel Tâche vum Enseignant ze iwwerhuelen. Oft geet ze vill Energie drop, fir fragwürdeg Coursen um IFEN ze suivéieren, Energie, déi de jonken Enseignant besser am Klassesall mat der Aarbecht mat a fir d’Kanner asetze kéint.

Et gëtt also elo no 4 Joer „ronderëmdokteren“ héich Zäit, dass net nëmmen de Kader, mee och den Inhalt vum Stage vu Grond op iwwerduecht ginn !

Obwuel de Stage nach zolidd op de Leescht geholl muss ginn, däerf een net vergiessen ze rappelléieren, dass den SNE a seng Daachorganisatioun, d‘CGFP, zanter der Aféierung 2015, schonn eng ganz Partie Verbesserungen, wat de Stage ubetrëfft, an d‘Weeër geleet hunn :

Nodeems den SNE/CGFP et fäerdeg bruecht huet, fir enger Majoritéit vu Studenten eng „Réduction de stage“ vun 3 op 2 Joer ze erméiglechen, kënnt et duerch den Avenant zum Accord salarial, deen d‘CGFP verhandelt huet, zu enger allgemenger Reduktioun vum Stage vun 3 op 2 Joer fir jiddwereen.

Jo, wéi de Minister Meisch et an engem Interview op RTL de 4te Mäerz 2019 ugekënnegt huet, ass hien esouguer bereet, de Stage fir d’Studente mat engem „Bachelor en sciences de l’éducation“ op 1 Joer ze reduzéieren, mat awer dee Moment méi „Formation continue“ am 1te Joer.

Extrem zefridden si mir och, dass d‘CGFP, d’Daachorganisatioun vum SNE, et fäerdeg bruecht huet, déi komplett idiotesch 80-­‐80-­‐90 Reegelung ofzeschafen. Jidderee verdéngt elo nees am Stage 100% an dat och retroaktiv ob den 1te Januar 2019

Déi entspriechend Gesetzestexter, déi deen Avenant a Musek ëmsetzen, sinn an der Tëschenzäit um Instanzewee.

Mee weder den SNE nach d’CGFP si fäerdeg an dësem Dossier. Zwou Haaptfuerderunge vum SNE/CGFP bleiwe weiderhi bestoen:

De Stage muss inhaltlech esou reforméiert ginn, dass en endlech eng reell „Plus-value“ fir den „Enseignant-Stagiaire“ um Terrain/am Alldag duerstellt. All Forme vun Evaluatioun mussen aus dem Stage verschwannen. Nëmmen esou kann de Stagiaire déi néideg Serenitéit kréien, déi hie brauch, fir senger Missioun an der Schoul a senge Schüler gerecht ze ginn.

An den Ae vum SNE/CGFP ass et am Stage dee falsche Moment fir ze kucken, ob e Stagiaire fir de Beruff gëeegent ass oder net. Dat muss an den éischte Jore vun der „Formation initiale“ geschéien. De Stage soll begleeden, Onsécherheeten opschaffen a Kompetenzen erweideren, ouni alles aus dem Studium nees a Fro ze stellen an ouni op der Uni bestanen Inhalter vu Coursen 1:1 ze widderhuelen.

Wann am Stage Lacunne beim Wëssen oder bei de Kompetenze vum jonken Enseignant optauchen, da sollen dës individuell a punktuell behuewe ginn an net global, fir all „Enseignant-­‐Stagiaire“ d’selwecht, erëm vu fir un duerchgeknat ginn.

Wat d’Evaluatioun respektiv d’Appreciatioun vun de Stagiairen ubelaangt, kritt den SNE/CGFP déi voll Ënnerstëtzung vu sengem Daachverband, der CGFP. D’CGFP fuerdert nämlech net nëmmen d’Ofschafung vun der Appreciatioun während dem Stage, mee allgemeng während der ganzer Carrière.

Den zentrale Comité vum SNE/CGFP

Ähnlech Sujeten CGFP, ëffentlechen Déngscht, Enseignement, Fonction Publique, SNE
Nächsten Artikel Virrechten Artikel