Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spärung vun der N33 tëscht Esch-Uelzecht a Rëmeleng
Money Neiegkeeten

Spärung vun der N33 tëscht Esch-Uelzecht a Rëmeleng

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt d’N33 tëscht Esch-Uelzecht a Rëmeleng (Potto

Den Eenzelhandel zu Lëtzebuerg ass an der Statistik staark ugeschloen – mee et gëtt kee Grond zu Panik!
Money Neiegkeeten

Den Eenzelhandel zu Lëtzebuerg ass an der Statistik staark ugeschloen – mee et gëtt kee Grond zu Panik!

Wat den Eenzelhandel ugeet, ginn et fir Lëtzebuerg keng gutt

money
Den (haarde) Brexit aus der Siicht vun der Handelskummer
Money Neiegkeeten

Den (haarde) Brexit aus der Siicht vun der Handelskummer

A sengem Blog, ass den Direkter vun der Handelskummer, Carlo

money

Mat der Fuerschung an Entwécklung kënnen Entreprise richteg Steiere spueren

Mat der Fuerschung an Entwécklung kënnen Entreprise richteg Steiere spueren

Um Krautmaart ass en Donneschdeg e Gesetz ugeholl ginn, datt dofir suerge soll, datt d‘Entreprisen déi zu Lëtzebuerg an d‘Fuerschung an d‘Entwécklung investéieren, poch belount ginn. Erhofft gëtt sech datt et besonnesch d‘Entreprisen aus dem Secteur vun der Innovatioun sinn, déi vun dësem Gesetz profitéieren, an esou zur Diversifikatioun vun der lëtzebuergescher Wirtschaft bäidroen.

Mam Gesetz ginn dann och d‘Kritäre festgeluecht, déi eng Entreprise muss erfëllen, fir an de Genoss vun der Steierbefreiung ze kommen. Den Text begrenzt d‘Gidder déi zum Steiervirdeel bäidroen. Esou sinn ausgeschloss: d‘Patenter an/oder d‘Autorerechter op der Software. E Gesetz datt d‘Zoustëmmung vun de Koalitiounsparteien an der adr fonnt huet. D‘CSV hat sech enthalen, déi lénk hu keng Stëmm ofginn.

De Finanzminister Pierre Gramegna (DP), deen och als Auteur vum Gesetz ze betruechten ass, huet um Krautmaart awer kloergestallt, datt d‘Gesetz keng Lizenz zum Gelddrécken ass. Esou gëtt d‘Zomm, déi partiell vun der Steier befreit ka ginn, duerch de Quotient vum Lien a Funktioun vun der héicht vun den zoulässegen Ausgabe bestëmmt.

Eppes fir Juristen a Comptabel

Klengt komplizéiert, ass awer nëmmen onverständlech. Gemengt ass u sech, datt de Steiervirdeel, oder d‘Erliichterung, vun där eng Entreprise profitéiere kann, vum Ëmfang vun de Fuerschungs- an Entwécklungsaktivitéiten ofhänkt. An et geet dann och ëm richteg Geld, well bis zu 80% vum Asaz, steierlech geltend gemaach kënne ginn. Dofir muss een e puer Konditiounen anhalen.

De Revenu deen exoneréiert ka ginn, ass dee wou vum Notzen oder der Konzessioun vun der Notzung vun engem eligibelen Aktiva hir staamt. Och d‘Revenuen, déi en direkte Bezuch zum eligibelen Aktiva hunn, an am Verkafspräis vun engem Produkt oder enger Déngschtleeschtung, agebonne sinn; déi aus der Oftriedung vun engem eligibelen Aktiva; an d‘Entschiedegung déi am Kader vun enger juristescher Prozedur zu engem eligibelen Aktiva bezuelt ginn ass.

De Laurent Mosar veriergert

Wann een op der Bänk vun der CSV-Oppositioun de Prinzip vun enger Steiererliichterung fir Fuerschung an Entwécklung unerkennt, esou ass dem Finanzminister dann awer zolidd d‘Lewitte gelies ginn. Den Deputéierte Laurent Mosar werft dem Minister dann och däitlech vir, d‘Avise vum Staatsrot an der Handwierkerkummer ignoréiert ze hunn.

Zwou Institutiounen déi sech op engem Punkt eens sinn: d‘Gesetz benodeelegt déi kleng a mëttelstänneg Betriber (PME), déi vun dësem Gesetz kee Notzen hunn. Tatsächlech ass et esou, dat de neie Regimm d‘Uwennung vun den eligibelen Aktiva, op d‘Patenter a d‘Software am wäitste Sënn aschränkt.

Dat d‘Gesetz et zudeem den Entreprisen erlaabt, wann déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg hunn, d‘Fuerschung an d‘Entwécklung an engem aneren EU-Land ze tätegen, gefält dem Laurent Mosar och net. Woubäi den Text festleet, datt d‘Ausgabe fir Fuerschung an Entwécklung, déi dem Steierzueler operluecht ginn, nëmmen an Zesummenhang mat enger Konventioun zur duebeler Besteierung entstane sinn.

Hei freet sech den Deputéierten dann, wat et mat den anere Länner op sech huet, wéi beispillsweis d‘USA. Ëmmerhi wier Lëtzebuerg och d‘Heemecht vu groussen amerikaneschen Entreprisen, wéi Dupont de Nemours, Goodyear, Amazon an deemnächst Google. Esou wéi sech d‘Gesetz fir de Laurent Mosar liest, géifen déi Entreprisen ausgeschloss.

De Pierre Gramegna op Zack

Fir de Finanzminister eng Kritik déi un him ofpärelt. Säi Gesetz wier gerecht an equilibréiert, et géif d‘Attraktivitéit vum Land erhéijen ouni sech un de Reegele vun der OECD an der EU ze stoussen. Dat Marken a Modeller vun den eligibelen Aktiva ausgeschloss gi sinn, läit dorunner, datt si d‘Ursaach vu vill Mëssbrauch waren a sinn.

Et géif nu emol keng Autoritéit an Land, déi dat zertifiéiere, oder ubruechte Kontrolle vun de Patenter duerchféiere kann. De Pierre Gramegna gëtt och ze bedenken, datt unhand der Vergaangenheet, Lëtzebuerg am Viséier vun den internationalen Agencen ass. Et sollt een deemno uecht dinn, wann ee wéilt kredibel bleiwen.

Wat d‘Remark zu den US-Entreprise betrëfft, esou stellt de Finanzminister kloer, datt ee sech bewosst géint Konventioune mat Länner ausserhalb der EU entscheet hätt. Et wier eemol ze schwéier a komplizéiert ze iwwerpréiwen, op all d‘Kritäre vum Gesetz respektéiert ginn. Dofir géif een am Géigenzuch déi genannte Firmen ermonteren, d‘Fuerschung an d‘Entwécklung zu Lëtzebuerg ze maachen.

Ähnlech Sujeten Entwécklung, Fuerschung, Laurent Mosar, Pierre Gramegna, Steieren
Nächsten Artikel Virrechten Artikel