Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Formel 1 Legend Niki Lauda am Alter vu 70 Joer verstuerwen
Auto Stories infp dating advice

https://moien.lu/100-free-online-german-dating-sites/

Et war dem fréiere Formel 1 Pilot an éisträichesche Geschäftsmann

Ginn et genuch Patientebetter am Nordspidol?
Auto Stories infp dating advice

Ginn et genuch Patientebetter am Nordspidol?

Wann et mam demographesche Wandel an dem Wuesstem am grousse

Attentat zu Manchester: 22 Doudeger a 50 Blesséierter
Auto Stories infp dating advice

Attentat zu Manchester: 22 Doudeger a 50 Blesséierter

Bei engem hannerlëschtegen Attentat zu Manchester bekloen d’Autoritéiten 69 Affer.

Wee fuere wëll, muss blechen

De Sécherheetstraining um Colmar-Bierg ënnert d'Lupp geholl

Wee fuere wëll, muss blechen

Während den éischten zwee Joer, der Stagezäit, muss säit dem 1. Juli 1995 all neien Besëtzer vun engem Führerschäin hei am Land op Colmar-Bierg. Op et engem passt oder net. De Cours ass jo wéi mer wëssen mat ronn 200 Euro déi een muss bezuelen net grad geschenkt. Mee wien net untrëtt ass séin Führerschäin no deenen zwee Joer lass. Respektiv dierf net fueren, bis datt en do uewen passéiert ass an all seng Pabeieren un den SNCA erageschéckt huet.

Wann een do uewen ass leeft een awer net nëmmen Fuerufänger iwwert de Wee. Och Motorads-, Buschaufferen oder Autosfuerer déi den Cours fräiwëlleg widderhuelen kann een treffen. A Gruppen mat bis zu zwielef Leit meeschtert een déi verschidden Übungen während dem ganzen Dag. Dorënner Übungen wei “d’Schleiderplack” oder dem Auswäiche vun den Hindernisser. Bei all Übung geet et natierlech dorëmmer, den eegenen Auto ëmmer ënner Kontroll ze hunn. An Rutscht den Auto engem dann awer eng Kéier ewech solls de en am beschte Fall erëm ënner Kontroll bréngen. Wat engem dann méi oder wéineger gutt gelenkt.

Net onproblematesch

De Cours selwer ass jo definitiv net schlecht opgebaut. Et leiert een seng eegen an dem Auto seng Limitten kennen, mee awer léisst sech eng Kritik fannen – den Preis.

Et bezilt een net manner wéi 197,40 Euro an der Woch an 219,50 Euro Weekends fir um Fuersécherheetstraining deel ze huelen. Dat fir den ganzen Dag “nëmmen” sechs Übungen ze maachen. Ok, d’Iessen an eng Voll-Kaskoversécherung sinn am Präis mat abegraff mee awer fannen ech den Präis ze deier. Et muss een nëmmen iwwert Grenz an d’Saarland kucken. Do bezilt een als Fuer-Ufänger 99 Euro als ADAC-Member an 115 Euro wann een keen Member bass.

Mee den CFC (centre de formation pour conducteur) kritt säi Geld, egal wéi vill se froen. Well wann een säin Führerschäin well behalen no deenen zwee Joer muss een wéi mir alleguer wëssen do uewen passéieren. An eng Kéier déif an d’Täsch gräifen, ob een well oder net.

 

 

 

 

Ähnlech Sujeten Auto, Colmar-Bierg, Führerschäin, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel