Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislikesurprise
Cattenom ass a bleift eng Gefor, esou vill ass fir Greenpeace kloer
International Stories

Cattenom ass a bleift eng Gefor, esou vill ass fir Greenpeace kloer

Virun ee puer Wochen hat Greenpeace eng Aktioun géint d‘Atomzentral

Du bass e Bicherwuerm? Beweis et an dësem Quiz!
International Stories

Du bass e Bicherwuerm? Beweis et an dësem Quiz!

Et gëtt vill iwwert Literatur ze wëssen. A kee kann

„de Konsument“ vum Abrëll: Europa stäerkt d‘Rechter vun de Konsumenten
International Stories

„de Konsument“ vum Abrëll: Europa stäerkt d‘Rechter vun de Konsumenten

Déi nei Ausgab vum „de Konsument“ vum Konsumenteschutz (ULC) ass

Fukushima: Japanesch Regierung bedreift e knaschtegt Spill

Auswierkung vun Atomkatastroph op Kanner an Dekontaminéierungsaarbechter erofgespillt

Fukushima: Japanesch Regierung bedreift e knaschtegt Spill

Greenpeace Japan huett e Méindeg matgedeelt, datt déi japanesch Regierung absichtlech d‘Experte vun de vereenten Natiounen a Mënscherechtsorganisatiounen, iwwert déi unhalend Kris duerch d‘Zerstéierung vum Atomkraaftwierk zu Fukushima, an der entstanener nuklearer Kontaminatioun vun den ugrenzende Gebidder, belunn huet.

De Bericht: „On the Frontline of the Fukushima Nuclear Accident: Workers and Children“ deckt op, datt a béide Spärzonen, esouwuel an den Ausschlusszonen, wéi och an den oppene Gebidder, trotz de Beméiungen zur Dekontaminatioun, nach eng héich Stralebelaaschtung besteet. Greenpeace dokumentéiert ausserdeem, a wéi engem Mooss d‘Regierung domatter Mënscherechtskonventioune a -Richtlinne, ganz besonnesch am Bezuch op d‘Kanner an d‘Aarbechter, verletzt.

Fukushima

Dekontaminatiounsaarbechter sinn ze gesinn, wéi ze zu Namie, an der Prefektur Fukushima, bei enger Grondschoul „opraumen“ (Oktober 2018). © Christian Aslund/Greenpeace

„D‘Stralewäerter, déi an deene Géigende gemooss goufen, an deenen e Partie vun den Aarbechter mat der Dekontaminatioun beschäftegt sinn, sinn esou staark, datt si bannent enger Zentral als geféierlech agestuuft ginn“, erkläert de Roger Spautz vu Greenpeace Lëtzebuerg. „Dës Aarbechter gi schlecht bezuelt, héijer Stralung ausgesat, a verléieren hire Job wa se sech dozou Äusseren. UN-Mënscherechtsberichterstatter si berechtegt d‘Regierung virun dëse Risiken a Verstéiss ze warnen“.

Déi wichtegst Resultater vun den Ermëttlunge vu Greenpeace Japan ëmfaassen:

  • de Stralungsniveau an der Auschlosszon an der erhéichten Evakuéierungsberäicher vun Namie an Itate, a bilden en erhiefleche Risiko fir d‘Ëffentlechkeet, Kanner abegraff. D‘Niveaue leien tëscht dem 5- an 100-fache vun de Wäerter déi international als Maximum empfuele ginn. Dat wäert sech dann an de nächste Joerzéngten och net groussaarteg verbesseren;
  • an der Ausschlusszon zu Obori a Namie, leien déi duerchschnëttlech Stralungswäerter bei véier Mikrosievert/Stonn (µSv). Déi Wäerter sinn esou héich, datt wann en Aarbechter deen do ee Joer laang all Dag misst aacht Stonne schaffen, enger Dosis ausgesat wier, déi iwwer 100 Röntgen vum Broschtkuerf entsprécht;
  • an engem Bësch géinteniwwer der Crèche an enger Schoul zu Namie, an deem d‘Veruerdnung zur Evakuéierung opgehuewe gouf, huet déi duerchschnëttlech Stralebelaaschtung bei 1,8µSv/Stonn bedroen. All 1.584 gemoosse Punkten hunn dat laangfristegt Dekontaminatiounszil vun der japanescher Regierung iwwertraff (0,23µSv/Stonn). An 28% vun dësem Beräich kéint d‘Dosis vun de Kanner tëscht 10 an 20 Mol iwwert den international unerkannten Héchstwäerter leien;
  • d‘Ausbeutung vun den Aarbechter ass wäit verbreet, dorënner och d‘Beschäftegung vu Mënschen déi sech kaum wiere kënnen (Benodeelegter an Leit ouni Daach iwwert dem Kapp sinn gelleg Affer). D‘Schoulung a Punkto Straleschutz ass onzouräichend, Fälschunge vu Kennzeechnungen a Gesondheetszertifikater sinn Alldag, an och bei den amtlechen Opzeechnunge gëtt et Defiziter.

E fréieren Dekontaminatiounsaarbechter, Minoru Ikeda, deen am Bericht ernimmt gëtt huet eis gesot, datt hie sech onmënschlech behandelt gefillt huet: „Et hat een et mat der Sklaverei verglach. Ech hunn dësen Tatort hautno erlieft a wëll datt d‘Welt weess wat sech hei opspillt. Ech fuerderen déi japanesch Regierung op, d‘Gesondheet vun den Aarbechter ze respektéieren, hire geféierlechen Aarbechten ze beendegen an d‘Aarbechter entspriechend ze ënnerstëtzen“.

Fukushima

De fréieren Dekontaminatiounsaarbechter Minoru Ikeda (Oktober 2018) huet vu „Sklavenaarbecht“ bericht. © Shaun Burnie/Greenpeace

De Bericht vu Greenpeace Japan erschéngt e Mount nodeems den UN-Comité fir d‘Kannerrechter eng Rei Empfeelungen un déi japanesch Regierung ginn hat, Sollten déi ëmgesat ginn, esou géifen si der aktueller „Fukushima-Strategie“ en Enn bereeden: Ophiewe vun Evakuéierungsmoossnamen, vollstänneg Entschiedegung vun den Evakuéierten a vollstänneg Ëmsetzung aller op Evakuéiert an Aarbechter uwennbar Mënscherechtsverflichtungen.

Fukushima

Kanner Spillen am Schoulhaff zu Itate (16. Oktober 2018) a setzen sech esou all Dag enger Iwwerdosis Stralen aus. © Shaun Burnie/Greenpeace

„An hirer Berichterstattung un déi vereenten Natiounen, huet déi japanesch Regierung d‘Ausmooss, d‘Komplexitéit an de Stralerisiko an de Gebidder vu Fukushima, d‘Aarbechtskonditioune fir d‘Aarbechter, esou wéi d‘Mëssuechtung vun der Gesondheet an dem Wuelergoe vun de Kanner absichtlech falsch duergestallt. D‘Regierung sollt sech eppes schummen a muss hir Methode radikal änneren“, betount den Energie-Campaigner vu Greenpeace Japan, Kazue Suzuki.

 

Fukushima

D‘Stralewäerter zu Obori sinn enorm. Op dësem „Hotspot“ goufen de 24. Oktober 2018, net manner wéi 108 µSv/Stonn gemooss. © Christian Aslund/Greenpeace

„Déi geféierlech Energiepolitik vun der japanescher Regierung ass den Ursprong vun der Atomkatastroph zu Fukushima an den dorops folgende Mënscherechtsverletzungen. D‘Majoritéit vun de Japaner fuerdert den Iwwergang zu erneierbaren Energien. D‘Regierung strieft awer en Neistart vun de Reakteren un an erhéicht gläichzäiteg d‘Unzuel vu Kuelekraaftwierker, wat zu engem extreme Klimawandel féiert“, ergänzt den Kazue Suzuki.

E Méindeg gouf während der Sëtzung vum UN-Mënscherechtsrot zu Genève eng Zeienausso iwwert d‘Verletzung vun de Kannerrechter opgrond vun der Atomkatastroph vu Fukushima an der japanescher Regierungspolitik ofgeluecht. Dës Ausso gouf vun engem Vertrieder vun der „International Association of Democratic Lawyers“ (IADL) am Numm vu Greenpeace iwwereecht.

Foto: Wéi et 2011 zur Katastroph komm ass, hu vill Leit alles misse stoen a leie loossen. Bis haut muss d‘Anlag gekillt ginn, d‘Dekontaminatioun kënnt nëmme lues virun, an déi japanesch Regierung ass net ganz éierlech, wat déi tatsächlech Stralewäerter betrëfft. © Shaun Burnie/Greenpeace

Ähnlech Sujeten Atomkraaft, Fukushima, Greenpeace, Japan, Katastroph, Kontaminatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel