Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Stephen King feiert seng 70! Hei sinn 7 Saachen, déi s de iwwert e wësse muss
Neiegkeeten

De Stephen King feiert seng 70! Hei sinn 7 Saachen, déi s de iwwert e wësse muss

Et gi wéineg Schrëftsteller, deenen hire Numm esou bekannt ass,

Wuelergoe vun den Déieren – d’EU-Kommissioun muss agéieren!
Neiegkeeten

Wuelergoe vun den Déieren – d’EU-Kommissioun muss agéieren!

E Mëttwoch huet den Europäesche Rechnungshaff ee Sonderbericht zum Wuelergoe

Ënnerdréckung vun den Uiguren: Soll d‘EU méi Drock op China maachen?
Neiegkeeten

Ënnerdréckung vun den Uiguren: Soll d‘EU méi Drock op China maachen?

Zu Stroossbuerg hunn sech d‘EU-Deputéiert op eng Resolutioun gëeenegt, mat

Fun4Kids – D‘Ekipp vun de Maisons Relais aus der Gemeng Käerjeng informéiert

Fun4Kids – D‘Ekipp vun de Maisons Relais aus der Gemeng Käerjeng informéiert

Schoulvakanz an Zäite vum Coronavirus Covid19, dierft den Eltere komesch virkommen, fir eis Krapperten ass et net fir ze laachen. Laachen awer ass wichteg an der Kandheet, soss geet een am Erwuessenenalter an de Keller fir dat ze maachen. Ausser Laachen an sech natierlech un déi puer Regelen halen déi mir elo aus dem FF kennen, sollt et awer nach eppes ginn… Dofir checkt dat hei:

Déi engagéiert a motivéiert Ekipp vun de Maisons Relais aus der Gemeng Käerjeng, huet d‘Käpp am virtuelle Raum zesummegestach, well och fir si heescht et „Bleift Doheem!“ a wann een eng Zäit laang kierperlechen Ofstand muss halen, dann heescht dat awer net, datt een net kann zesumme sinn. Gutt de Bildschierm ersetzt net wierklech déi reell Welt, an awer kann dat spannend sinn.

An esou heescht dann do, datt ab muer 6. Abrëll, dës fantastesch Ekipp all Méindes, Mëttwochs a Freides mat eppes „Entertainment“, also villméi sinn et kleng Erausfuerderungen a Concoursen ubitt, bei deenen et och eppes gewanne gëtt. Also wann iech dat elo net virwëtzeg mécht, dann huet dir keng Kanner… mee vläicht kennt der jo een deen esou huet an heivunner nach näischt Weess.

Wéi leeft dat Ganzt?

Matmaachen ass denkbar einfach, virausgesat dir huet eng vun de ville Méiglechkeeten am Netz ze Surfen. Dat sollt bei deenen déi dës Informatioun elo grad liesen, da jo och de Fall sinn. Gitt also, wa mir ären Interessi sollten erwächt hunn op www.kaerjeng.lu, wou dir eng Foto oder e Video mat deene fir den Challenge oder eng Aktivitéit bestëmmten Informatioune fanne sollt. Einfach, oder?

Ass dës Hürd iwwerwonnen an dir hutt alles verstanen, da bleiwen iech ronn 48 Stonnen Zäit fir dann äert Bild per Mail un funforkids@kaerjeng.lu ofzeschécken. Wien gewonnen huet, kënnt „grouss eraus“, schneit also vläicht kee Gesiicht vun deem dir iech net wënscht, datt een iech et mat 18 Joer nach emol virleet. All déi aner „Gesiichter“ ginn an enger Montage zesummegeschrauft.

Kléngt lëschteg an esou an net anescht soll et och sinn. Et geet jo och emol virrangeg drëms bei dëser Saach matzemaachen, a Spaass derbäi ze hunn. Wien emol keng Loscht huet, muss dann och net matmaachen an heiansdo soll et Wichtegeres ginn. Eis fält do elo näischt Besonnesches an, mee do wier nach eppes, dofir hunn d‘Krapperten an d‘Knetzelen dach eigentlech ëmmer Loscht an Zäit.

Esou gëtt um Site www.kaerjeng.lu och nach ee eppes fir ze Molen. Also eigentlech ass et Bild dat ee ka koloréieren, an déi Erwuessen, wëssen dat d‘Butzen deem net ofgeneigt sinn. Ass dat Bild mat ausräichender Kreativitéit an zur eegener Zefriddenheet fäerdeggestallt, da schéckt et dach w.e.g per Mail zréck. D‘Gemeng léisst dës dann eelere Leit Zoukommen, esou dat si och eppes Freed hunn.

Dat wier et eigentlech, mee esou ganz ouni Hiwäis, sollt dir elo net direkt duerfueren. Wann dir un dëser gewëss flotter Iddi deelhuelt, an eppes eraschéckt, da gitt dir der Gemeng an deem dofir zoustännege Service d‘Erlabnes dat ze verëffentlechen. Dir kënnt iech awer gewëss sinn, datt hei alles Dateschutzgerecht behandelt gëtt. Nach ass et d‘Gemeng an net de CIA deen derhannert stécht.

Illustratioun: © Tanaphong Toochinda / unsplash

Ähnlech Sujeten Fun4Kids, Käerjeng, Maisons Relais, Sanitär Kris, Vakanzenaktivitéiten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel