Rise for Climate Lëtzebuerg: Keng „Wonschlëscht“ dofir Revendicatiounen
Den 20. Dezember huet de Kollektiv „Rise for Climate Lëtzebuerg“
Den 20. Dezember huet de Kollektiv „Rise for Climate Lëtzebuerg“
Et ass de Premierminister Scott Morrison, deen um Dënschdeg annoncéiert
D‘Schëff Diciotti vun der italienescher Küstewaach ass um Dënschdegowend am
Déi amerikanesch Police huet an engem Funerarium zu Detroit (Michigan), am Kader vun enger méi déifgräifender Enquête zu Beschëllegunge wéinst Verstéiss géint déi berufflech Deontologie, am Etablissement 63 Fötussen entdeckt.
No enger Perquisitioun vum „Perry Funeral Home“, wou d‘Enquêteure d‘Reschter vu 36 Fötussen a Këschten opfonnt, a weider 27 am Frigo entdeckt hunn, huet sech de Chef vun der Detroit-Police, James Craig mat de Journalisten ënnerhalen. „Et geet alles vill méi wäit wéi een et geduecht hätt“, äntwert de James Craig, op d‘Fro vum Reporter vun der Detroit News. „Et ass net ze gleewen“.
D‘Regulateure vum Bundesstaat Michigan haten d‘Lizenz vun der Entreprise suspendéiert, eng Woch nodeems an engem anere Bestattungsinstitut 10 Fötusse fonnt haten, déi am falsche Plafong verstoppt waren. De James Craig huet preziséiert: „Mir wäiten eis Enquête aus, well mir d‘Grënn verstoe wëllen. Gett et finanziell Grënn? Mir wëssen et net“.
Fir d‘Inspektere besteet d‘Méiglechkeet, datt de Funerarium d‘Doudeschäiner net an den Delaien agereecht huet, keng Autorisatioun erhalen huet d‘Kierper ofzehuelen oder ze begruewen, an och vun der Famill net d‘Erlaabnes erhalen hat, déi Verstuerwen ze „behandelen“.
Laut der Detroit News, huet e Familljemember d‘Bestattungsinstitut „Perry Funeral Home“ an aner Funerarien ugeklot. Dee beschëllegt déi éischt Entreprise, d‘Iwwerreschter vun Neigebuerenen an Doutgebuerten an der Morgue vun enger Universitéit, bis zu dräi Joer gelagert ze hunn. Dat ouni d‘Elteren ze informéieren…
„Perry Funeral Home“ gëtt am Kader vun dëser Uklo och beschëllegt, Begriefnesser facturéiert ze hunn, déi ni stattfonnt hunn.
No der Entdeckung vun de „Reschter“ leschte Freideg, huet den Affekot vum Bestattungsinstitut, Joshua Arnkoff, an enger vu CNN verëffentlechter Deklaratioun bemierkt, datt „d‘Uspillungen sech nëmmen op d‘Läiche vu Bëbeeë bezitt déi net ‚reklaméiert‘ goufen. D‘Entreprise hätt déi ‚Reschter‘ vu lokale Spidoler erhalen, déi uginn hunn, datt se net vun den Elteren ugefuerdert gi sinn“.
„Mir ginn net dovunner aus, datt dës mënschlech Iwwerreschter Famillje betreffen, déi „Perry Funeral Home“ fir eng Bestattung bezuelt hunn“, esou de Joshua Arnkoff.
mat AFP