Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Emirates SkyCargo a Cargolux ënnerschreiwe Codesharing Partnerschaft
Meenung Neiegkeeten

Emirates SkyCargo a Cargolux ënnerschreiwe Codesharing Partnerschaft

Um Méindeg hunn Emirates SkyCargo an d‘Cargolux ugekënnegt eng Partnerschaft

What the Fakt – Eng europäesch Konventioun géint d’Gewalt géint Fraen!
Meenung Neiegkeeten

What the Fakt – Eng europäesch Konventioun géint d’Gewalt géint Fraen!

Bei der sougenannter Istanbul-Konventioun hunn haut virun 8 Joer ganzer

Verpakungsfräi ënnerwee: Den OUNI kënnt op Diddeleng
Meenung Neiegkeeten

Verpakungsfräi ënnerwee: Den OUNI kënnt op Diddeleng

OUNI ass déi éischt verpakungsfräi Epicerie zu Lëtzebuerg a kënnt elo

Ass eng Fusioun tëscht FNCTTFEL an OGBL sënnvoll? (ee Gedanken)

Eng Äntwert dorobber soll den aussergewéinleche Kongress vun den Eisebunner bréngen

Ass eng Fusioun tëscht FNCTTFEL an OGBL sënnvoll? (ee Gedanken)

D‘Eisebunnergewerkschaft FNCTTFEL – déi am Volleksmond de „Landesverband“ genannt gëtt – hält den 2. Dezember hiren aussergewéinleche Kongress of an dee soll Zukunftsweisend sinn. Woubäi aus der „Aluedung“, op där keng Dagesuerdnung vermierkt ass, wéineg ze enthuelen ass…

Wa gewosst ass, datt se beim OGBL vun der Eenheetsgewerkschaft dreemen, dierft sécher sinn, datt déi längst „ugegliddert“ Gewerkschaft, mat oppenen Äerm dierft opgeholl ginn. Si soll do och eng gewëssen Autonomie behalen. An ee puer Woche sollen also d‘Membere vun der FNCTTFEL sech fir den „Uschloss“ entscheeden, dat no 110 Joer Eegestännegkeet. Eigentlech ass dat awer Geheim.

Egal bei wien een et versicht huet, ob beim OGBL oder dem Landesverband, kee wollt sech dozou äusseren, wat zwar hiert Recht ass mee just zu onerwënschte Spekulatioune féiert. Gutt beim Veräi vun den Eisebunner, wou de Gips esou lues awer sécher vun de Mauere bréckelt, sollt ee frou sinn beim OGBL ënner Daach ze kommen, wann een net endgülteg vun der Bildfläch verschwanne wëll.

Net ze vergiessen, datt déi meescht Pressekonferenze vum Landesverband, ëmmer och iergendwéi eng Pressekonferenz vum OGBL war, zumindest wann een d‘Paritéit vun de Vertrieder virun de Mikroe constatéiere wollt. Zudeem si Landesverband an OGBL d‘Komponente vun der genereller Aarbechtskonfederatioun CGT-L, déi eigentlech nëmmen eng supranational Funktioun erfëllt.

Eng Fuerderung, eng Stëmm

Op et elo Sënnvoll ass ze fusionéieren, dat dierf ee getréischt de Membere vum Landesverband iwwerloossen. Déi vum OGBL wäerten éischter net gefrot ginn, ob si bereet sinn den FNCTTFEL bei sech opzehuelen, wëll eng Eenheetsgewerkschaft muss net all demokratesche Prozess u sech selwer uwennen. Woubäi et de richtege Wee wier a kaum unzehuelen ass, et wier do een dergéint.

Wann een awer – an dat gëllt fir béid Gewerkschaften – weess, datt ëmmer manner Salariéeën sech gewerkschaftlech engagéieren, sinn esou Spillercher net Ziilféierend. Et gëtt gemunkelt datt 40% vun de Lounofhängege syndikaliséiert wieren, d‘Wourecht dierft wäit drënner leien an d‘Tendenz léisst keen Optimismus opkommen. Also wat soll dee ganze Blödsinn mat „kee Kommentar!“?

Datt d‘Gewerkschaft OGBL eigentlech schonn ëmmer, also vun 1979 un, ëmmer de Gedanke vun enger Eenheetsgewerkschaft an sech gedroen huet, dat wëssen nëmmen nach déi eeler. Dat si hei argumentéieren, datt eng Eenheetsgewerkschaft d‘Interesse vum Salariat besser vertriede kann, ass eng gewoten Thees. Eenheetsgewerkschaften si wéi Eenheetsparteien: einfach ondemokratesch.

Vill Häuptlingen, wéineg Indianer

Wann een also dierf bezweiwelen, datt eng Eenheetsgewerkschaft d‘Interesse vum Salariat besser verdeedege kann, esou ass ersiichtlech, datt dat wat nach vum Landesverband iwwreg bliwwen ass, besser ënnert dem Präbbeli vum allmächtegen OGBL opgehuewen ass. Et ass dann – zumindest no baussen hin – och net den OGBL, mee d‘FNCTTFEL déi de „fusionelle Schratt“ maache wëll.

Interessant och de Choix vum Termin. Den aussergewéinleche Kongress vum Landesverband, fënnt passend virum „ordinäre“ Kongress vum OGBL statt, dee fir de 6. an 7. Dezember ugesat ginn ass. A wann déi vum Landesverband sech entscheet hunn, mussen déi vum OGBL hinnen, dat gehéiert sech esou, och äntweren. An déi wäerten sech hidden der Zentralheizung de Mazout ofzedréinen.

Schliisslech huet déi Fusioun jo den Zweck, déi chrëschtlech Gewerkschaft LCGB nach eppes méi ze isoléieren an ze schwächen. Statt Gemeinsamkeeten auszeliewen an d‘Differenzen am Dialog ze léisen, gëtt hei en zimlech onopfällege Krich gefouert, deen nëmmen dem Patronat en Notze bréngt. D‘Déckpänz laachen sech eng Knupp an d‘Säit an dreiwen d‘Gewerkschafte vrun sech hir…

Illustratioun: Stefan Keller / Pixabay

Ähnlech Sujeten Eenheetsgewerkschaft, FNCTTFEL, Fusioun, Kongress, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel