Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Konsumenteschutz: E Fiels an der Brandung!
Neiegkeeten

Konsumenteschutz: E Fiels an der Brandung!

Am Uschloss un d‘Generalversammlung vum Konsumenteschutz (ULC) vum leschten 8.

What the Fakt – de weltwäiten Dag vum Schokelasbotter
Neiegkeeten

What the Fakt – de weltwäiten Dag vum Schokelasbotter

Och déi nosseg brong Crème huet sech een Éierendag verdéngt.

L’Italie en poésie – dëse Freideg am Kinosch!
Neiegkeeten

L’Italie en poésie – dëse Freideg am Kinosch!

Bei dëser musikalescher Lecture geet et ëm den italienesch-lëtzebuergeschen Dialog.

Thema Fusioun: Wäerten d’Gemenge Groussbus a Wal eent ginn?

Thema Fusioun: Wäerten d’Gemenge Groussbus a Wal eent ginn?

D’Diskussiounen zur eventueller Fusioun tëscht Groussbus a Wal sinn den 13. Mee nees weider gaangen. Mat dobäi war d’Inneministesch Taina Bofferding an déi zwee Buergermeeschtere vun der jeeweileger Gemeng.

„D’Fusioune kënne just erfollegräich gi wann d’Gemengen decidéieren, Eegeninitiative ze weisen an hir Awunner anzebezéien“, sou d’Ministesch. An dësem Kader huet si ervir gehuewen, datt si sech iwwert d’Initiative freet an hir Hëllef wärend dem ganze Prozess ubidde wäert.

An den nächste Méint wäerten déi zwou Gemengen Iddien zum Fusiounsprojet opstellen an diskutéieren.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Paul Engel, Buergermeeschter vu Groussbus; Taina Bofferding, Inneministesch; Christiane Thommes-Bach, Buergermeeschtesch vu Wal © Inneministère

Ähnlech Sujeten Christiane Thommes-Bach, Fusioun, Groussbus, Paul Engel, Taina Bofferding, Wahl
Nächsten Artikel Virrechten Artikel