Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Shutdown: Zu Washington verhäerten sech d‘Fronten
https://moien.lu/call-of-duty-ww2-matchmaking-servers/ https://moien.lu/dating-bots/

https://moien.lu/phone-swap-dating-show-charlie/

Och den Zweete „Sommet“ am Wäissen Haus huet keng Léisung

is dating a single mom a good idea
https://moien.lu/call-of-duty-ww2-matchmaking-servers/ https://moien.lu/dating-bots/

What the Fakt – 51. Doudesdag vum Che Guevara

An den 1960er Joer gouf den Ernesto „Che“ Guevara als

Am Fleegeheem zu Beetebuerg gëtt säit 6 Auer gestreikt
https://moien.lu/call-of-duty-ww2-matchmaking-servers/ https://moien.lu/dating-bots/

Am Fleegeheem zu Beetebuerg gëtt säit 6 Auer gestreikt

Um Dënschdeg huet den OGBL bekannt ginn, datt et zu

Fusiounsgespréicher am héijen Norden

Ettelbréck, Schieren, Dikrech, Ierpeldeng a Bettenduerf wieren déi zukünfteg „Nordstad“

Fusiounsgespréicher am héijen Norden

De Konzept „Nordstad“ ass net nei an zugläich e politescht Koméidistéck dat längst vun der Affiche hätt dierfe verschwannen. Mee tëscht Ettelbréck (CSV) an Dikrech (LSAP) ginn am beschte vun de Fäll „Frëndlechkeeten“ um Comptoir ausgetosch. Elo soll et zu engem neie Versuch kommen.

„Erfonnt“ gouf de Konzept „Nordstad“ 1973 vum Adrien Ries, e Jurist an Ekonomist deem et net vergënnt war ze erliewen, wéi Ziilféierend seng deemoleg Fusiounsgedanke sollte sinn. Säit 2006 gëtt et déi ominéis Fusiounsgespréicher. An 13 Joer huet sech muenches gedoen, vun enger Fusioun selwer ass een awer nach wäit ewech. Fënnef Gemenge mussen sech eens ginn a mir si Lëtzebuerg.

Woubäi et der eigentlech emol „sechs“ där Gemenge waren, déi als „Nordstad“ fusionéiere sollten. Kolmer-Bierg (Kanton Miersch) schéngt awer wéineg erpicht mat der Fusioun och den Kanton ze wiesselen an hu sech och offiziell dergéint ausgeschwat. Trotzdeem sollen si am Konzept Nordstad weider opgefouert ginn. An déi verbleiwend Gemenge waren och net wierklech „presséiert“…

Eemol de Mount

33 Joer huet dem Adrien Ries seng „Iddi“ gebraucht, bis dorausser 2006 e „Konzept“ entstanen ass. A schonn am Summer 2018 haten dräi Gemengen hiren Accord (fir Gespréicher) ginn, zwou hunn sech zu Joresufank derzou entschloss. Elo gëtt et en „Interkommunale Politesche Comité Nordstad“ dee vun der Buergermeeschtesch vu Bettenduerf, Pascale Hansen (DP) zur Stonn presidéiert gëtt.

Si huet erkläert, datt sech d‘Schäfferéit vun de fënnef Gemengen all éischte Méindeg am Mount gesinn. Dës Reunioune géifen den Ament awer an éischter Linn derzou bäidroen, déi noutwenneg Informatiounen zesummenzedroen, déi Opschloss solle ginn ob iwwerhaapt a Falls jo, wéi déi Fusioun ze gestalten ass. Et gëtt vill Elementer, ausser de politeschen, déi hei eng Roll spillen.

Esou gëtt et Gemengen déi hir eege Waasserversuergung hunn an anerer déi sech engem Syndikat ugeschloss hunn. An et ass bekannt, datt sech ongär Leit vun „ausgetrëppelte Weeër“ ofbrénge loossen. Net ze vergiessen, datt d‘Nordstad eng 25.000 Awunner ziele géif, wat och wirtschaftlech Folge mat sech bréngt. D‘Nordstad wier faktesch en Entwécklungs- an Attraktiounszenter.

All d‘Zäit vun der Welt

Eng Fusioun kéint allerdéngs aus ekonomescher Siicht fir d‘Gemengen e Virdeel sinn, dat am Kontext vun de staatlechen Dotatiounen. Dëse Volet wëll d‘Buergermeeschtesch vu Bettenduerf awer net virrangeg behandelen: „Mir mussen uecht doen, datt den Awunner net bei der Fusioun verléiert“, esou d‘Pascale Hansen, déi mengt, datt de Kompromëss e Plus fir de Bierger muss sinn.

Dat dierft eng vu de gréissere Schwieregkeete sinn, déi ze iwwerwanne vill politesche Courage vun allen Acteure verlaange wäert. Fusioun bedeit jo och, datt déi ganz Gemengentaxen harmoniséiert musse ginn, an do gëtt sech bekanntlech seelen op de klengste gemeinsamen Nenner gëeenegt. Et stellen sech dann och eng Rei Personalfroen, wann d‘Gemengeservicer zesummegeluecht ginn.

Et dierft, esou éierlech ass d‘Pascale Hansen, nach vill Zäit vergoen, bis een sech iwwer Detailer kann ënnerhalen, a parallel zum Meenungsaustausch ënnert de Schäfferéit, misst ee schliisslech och den Awunner – also zumindest dee wou eng Stëmm dierf ofginn – vum Konzept „Nordstad“ iwwerzeegt kréien. Eng Fusioun nach an dëser Legislaturperiod unzestriewen, dierft schwiereg sinn.

E Kampf géint Wandmillen

Matten dran: de Chef vum Projet. Woubäi de Jean-Marc Friederici sech wéi den Don Quichotte muss fillen. Hien ass zumindest bis ewell deen eenzegen, deen d‘Potential vun der Fusioun gesäit, sech awer net dozou prononcéiere kann, ob en Zesummeschloss vun de Gemenge fir d‘Gemenge vu Virdeel ass. Um Beispill vu Kolmer-Bierg ass bewisen, datt et hei berechtegt Zweiwel gëtt.

Et kann een also getréischt e Kräiz op Kolmer-Bierg maachen, a sech de Méiglechkeete vun deenen anere Gemenge zouwennen. Esou steet am Raum d‘Schafe vun engem multidisziplinäre Syndikat, unhand deem d‘Awunner schonn emol déi ënnerschiddlech Avantage vun enger méiglecher Fusioun entdecke kënnen. Et gëtt allerdéngs e groussen Ënnerscheed tëscht Kooperatioun a Fusioun.

Wann nämlech d‘Awunner keng Awänn hunn, datt d‘Servicer aus de betraffene Gemenge méi enk matenaner sollen zesummeschaffen a firwat net och eppes wéi eng gemeinsam Akafzentral hätten, wat jo wirtschaftlech avantagéis ass, esou halen déi sech awer och un hirer Representativitéit fest. Deenen ass et zimlech egal wat de Landesplanungsminister Claude Turmes (déi gréng) versprécht…

No der Politik d‘Wirtschaft

Aus politescher Siicht dierft et dann och eppes méi schwiereg ginn d‘Gemidder zesummenzeféieren an dofir sollt een och de Bléck op déi wirtschaftlech Opportunitéite werfen, déi eng „Nordstad“ géif mat sech bréngen. Déi gëtt et tatsächlech a wann et sollt geléngen déi néideg Grondstécker ze kafen, wat zur Schafung vun der „Entwécklungsgesellschaft“ féiert, wier och ee grousse Schratt gemaach.

Dat bezitt sech allerdéngs primär op d‘Schafe vu Wunnraum. E Wunnraum dee wuel engmascheg – awer net ze vill – sollt gestreckt sinn, a vun den zwou Stied (Dikrech an Ettelbréck) ofhängeg misst bleiwen. Et geet heibäi och ëm d‘Mixitéit. Dofir ass et gutt a wichteg datt d‘Bierger sech hei dierfe bedeelegen. Wéi grouss elo d‘Participatioun aus all de Gemengen ass, hunn se eis net verroden.

Et géif awer zumindest kee bezweiwelen, datt d‘Nordstad sech effizient wirtschaftlech entwéckelt an esou mëttelfristeg vill Aarbechtsplazen unzebidden hätt. Nei Industrie- a Wirtschaftszone sinn um entstoen an de Jean-Marc Friederici geet esouwäit ze behaapten, datt wann alles wéi geplangt ëmgesat ka ginn, een esouguer Diddeleng, zumindest ekonomesch, iwwerhuele kann. Abee jo…

Illustratioun: Sarah Richter / Pixabay

Ähnlech Sujeten Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck, Fusiounsgespréicher, Ierpeldeng, Nordstad, Schieren
Nächsten Artikel Virrechten Artikel