Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

2000 Quadratmeter fir eist Iessen
International Neiegkeeten Sport

2000 Quadratmeter fir eist Iessen

E Mëttwoch ass, a Presence vun eiser Ëmweltministesch Carole Dieschbourg,

Bolivien am Ausnamezoustand
International Neiegkeeten Sport

Bolivien am Ausnamezoustand

Bei de jéngste Protestaktioune géint déi ëmstridde Presidentschaftswahl a Bolivien,

Cargolux: Wann‘s de op der Sonnesäit vum Liewe stees
International Neiegkeeten Sport

Cargolux: Wann‘s de op der Sonnesäit vum Liewe stees

Zanter enger Rei Joren, ka sech d‘Direktioun an de Verwaltungsrot

Wéi ee (Fussball)Gott an Däitschland

De Bundesinneminister Horst Seehofer ass fir eng Reprise vum Profi-Fussball awer géint Reesen

Wéi ee (Fussball)Gott an Däitschland

Bei eisen däitschen Nopere geet et zügeg am Kontext vun der Covid19-Exitstrategie virun. Wuel gëtt et nach zolidd Ënnerscheeder jee no Bundesland, mee déi „nei Normalitéit“ ass net méi opzehalen. Elo soll et nieft dem Brout och nees Spiller ginn… D‘Fussball-Bundesliga ass prett.

De Bundesinneminister Horst Seehofer (CSU) huet sech oppe gewisen, d‘Fuerderung vun der DFL ze ënnerstëtzen an hält den Zäitplang wéi och déi virgeschloe Mesure als duerchsetzbar. Géintiwwer der Bild am Sonntag (BamS) huet hien awer betount: „Fir mech ass awer och kloer, datt et keng Privilegie fir d‘Fussball-Bundesliga ka ginn“. Grondsätzlech, esou de Bundesinneminister, dierf et duerch méi Tester an der Bundesliga, net zu Enkpäss am ëffentleche Gesondheetswiese kommen.

Hie verlaangt dann och entspriechend streng Oplagen, sollt e Spiller oder e Betreier vun enger Ekipp positiv getest ginn. Esou missten, wann en Infektiounsfall an enger Mannschaft festgestallt gëtt, de ganz Veräi wéi och de leschte Club géint deen ee gespillt huet fir 14 Deeg a Quarantaine gesat ginn. Dat géif bedeiten, datt den 1. FC Köln, wou ee Betreier an zwee Spiller positiv getest goufen, de Spillbetrib misst astellen. Dat awer ass net de Fall, hei geet een dat eppes anescht un…

DäitschlandBeim 1. FC Köln si just déi dräi „infizéiert“ Team-Memberen a Quarantaine geschéckt ginn, ee Méindeg sollen déi wou en negativen Test haten, nach emol engem Test ënnerzu ginn. Laut dem Konzept vun der DFL dierfen zum Training an/oder de Spiller nëmmen zougelooss ginn, déi Leit wou zweemol hannertenaner negativ getest goufen. Dat steet zwar eppes a Widdersproch zur Ausso vum Bundesinneminister, mee d‘DFL ass zouversiichtlech datt d‘Bundeskanzlerin hien Accord gëtt.

Fussball geet, Vakanz maachen nach net

Wärend also d‘Frënn vum Ronne-Lieder sech nees op Fussball – wann och nëmme virun der Tëlee, well an d‘Stadien dierfen d‘Fans nach net – freeën dierfen, gouf kee Wuert iwwert eng Reprise vun anere Sportaarten, wéi Handball oder Basketball verluer. Dat weist wéi eng Muecht de Fussball bei eisen Noperen huet. Et geet natierlech och ëm Geld: Sponsoring, Iwwerdroungsrechter an anert Akommes, leeft nëmme wann och gespillt gëtt. Um Spill stinn honnerte Milliounen Euro…

DäitschlandEm „Milliounen“ geet et awer och am Tourismussecteur. Eng Reprise vum Reesbetrib, a sief et nëmmen tëscht Däitschland an Éisträich, dat wëll den Horst Seehofer de Mënschen net an Aussicht stellen. Hie seet dozou: „Esoulaang wéi de Virus keng Vakanz mécht, mussen och mir eis Pläng fir d‘Vakanz aschränken“. Hien huet awer ee grousst Verständnis fir d‘Doleance vun de ville Leit aus dem Secteur. De Minister mengt allerdéngs, datt hei den Infektiounsschutz d‘Agenda bestëmmt.

Wéi ee gesäit, dat mat der Covid19-Exitstrategie ass néierewou eng einfach Ugeleeënheet. Villes kann ee sécherlech novollzéien an och déi regional Ënnerscheeder spille jo hei eng Roll. Bleift elo nach ze klären, ob d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel, déi de 6. Mee nees eng „Konferenz“ mat de Ministerpresidente vun de Bundeslänner virgesinn huet, sech och enger Reprise vun der Bundesliga „ënnert gewëssen Oplagen“ wäert uschléissen.

mat indymedia/ber

Illustratioun: © Sportbuzzer

Ähnlech Sujeten Bundesliga, Coronavirus, Covid19, DFL, Exitstrategie, Fussball, Geeschterspiller, Horst Seehofer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel