Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

natur&ëmwelt feiert Gebuertsdag: Ee Joerhonnert fir eis Natur!
International Neiegkeeten Sport Stories

natur&ëmwelt feiert Gebuertsdag: Ee Joerhonnert fir eis Natur!

An dësem Joer dierf natur&ëmwelt ganzer 100 Käerzen um Gebuertsdagskuch

Editorial: Si hunn d‘Fauscht an der Täsch gemaach
International Neiegkeeten Sport Stories

Editorial: Si hunn d‘Fauscht an der Täsch gemaach

Gëschter hunn de Presserot an d‘Journalistegewerkschaft, de Bilan vu Legislaturperiod

BLUEM – eng Kleedermark mat staarkem Message!
International Neiegkeeten Sport Stories

BLUEM – eng Kleedermark mat staarkem Message!

Mat der neier Kollektioun vu BLUEM wëllen d’Amii, den Jimmy

Fussballweltmeeschterschaft am Katar:

Nach ëmmer kee Schutz fir Aarbechtsmigranten, trotz de groussspuereg versprache Reformen

Fussballweltmeeschterschaft am Katar:

Aarbechtsmigrante stellen am arabeschen Emirat Katar 95% vun alle Beschäftegten duer. Si bauen d‘Infrastrukturen, Hoteller, sinn d‘Sklave vum Déngschtleeschtungssecteur a stelle sécher, datt alles wat fir d‘Fussballweltmeeschterschaft gebraucht gëtt, zum virgeduechten Termäin fäerdeg gëtt.

Ëmmer nees hunn déi kataresch Autoritéite versprach den Aarbechtsmigrante korrekt Léin ze ginn an dës och wéi et sech gehéiert pénktlech auszebezuelen. Aus dem haut verëffentlechte Bericht vun Human Rights Watch (HRW) geet däitlech ervir, datt et net zu wesentleche Verbesserunge komm ass a mindestens 60 Entreprisen och weiderhi Léin „zeréckhalen“ an och soss Problemer maachen.

D‘Patronen – oft och europäesch Firmen – hunn et dank gewësse Sonnerrechter an enger staarker repressiver Staatsgewalt guer net néideg hir Aarbechtssklaven ze bezuelen. Sécher huet do eng Rei Ofsprooche ginn, déi dozou sollte féieren, datt wa schonn d‘Aarbechtskonditiounen net verbessert ginn, et zumindest géif séchergestallt ginn, datt d‘Salariéeën hiren Hongerloun ausbezuelt kriten.

KatarOch d‘Regierung hat versprach seng Verflichtunge géintiwwer der ILO (International Aarbechter Organisatioun), esou wéi am Accord vum Juli 2019 festgehalen, strikt anzehalen. Dee sougenannte Kafala-System, deen all friemlännesche Salarié faktesch ënner Tutelle stellt an dësem dann och de Pass entzitt, encouragéiert eng Ausbeutung op héchstem Niveau. Et ass schlicht eng Versklavung.

Mat der Kafala ginn d‘Aarbechtsmigranten un den Employeur gebonnen. Dat dat gëllt fir all déi am Katar beschäftegt Lounofhängeg, vun der Haushaltshëllef iwwert d‘Botzpersonal an natierlech déi dausende Bauaarbechter, déi d‘Stadione fir d‘Fussballweltmeeschterschaft 2022 opriichten. De vun HRW an der ILO denoncéierte Mëssbrauch ass dann och éischter d‘Reegel wéi d‘Ausnam.

Net emol den Hongerloun gëtt tatsächlech bezuelt

„Zéng Joer nodeems de Katar den Zouschlag fir d‘Fussballweltmeeschterschaft 2022 erhalen huet, kämpfen Aarbechtsmigranten nach ëmmer mat verspéiten, ausbleiwenden a reduzéierte Léin“, esou de Michel Page, stellvertriedende Chef vun der Abteilung Noen Osten an Nordafrika bei HRW. An dësem Mann seng Erklärunge loossen engem d‘Schuddere kal de Réck eroflafen.

„Mir wësse vun Aarbechter déi verspéiter Ausbezuelung vum Loun héngere mussen, Aarbechter hu sech misse verschëlden an dat bei esou niddrege Léin, datt een net dervu liewe kann. Well hinnen hir Päss ofgeholl goufen a Reklamatioune mat schaarfe repressive Mëttel beäntwert ginn, traut sech kaum een eppes ze soen. A kee vun deene gesäit en Auswee aus dëser Situatioun“, esou de Page.

D‘Ekippe vun HRW konnten trotz schwierege Konditioune mat 93 Aarbechtsmigrante schwätzen an hu fir den uewe genannte Rapport, vill Dokumenter a Berichter gepréift. Wann een dann elo och hei berécksiichtegt, datt de Katar vun de ronn 2 Milliounen Aarbechtssklaven ofhängeg ass, wat engem Taux vu 95% vun allen Erwerbstätegen entsprécht, kann ee sech d‘Ausmooss sécher gutt virstellen.

KatarGutt, et ass net méi wéi nach viru 700 Joer, wou d‘Araber d‘Leit entfouert a versklaavt hunn. Haut ginn dës friemlännesch Lounofhängeg mat „Verspriechen“ ugelackelt an d‘Leit kommen am gudde Glawen eppes Geld ze verdénge mat deenen si hir Familljen, déi an der Heemescht bliwwe sinn, och erniere kënnen. A wann se da bis do sinn, hu se net emol en Usproch op fundamental Rechter.

Vun den 93 befroten Aarbechter hunn der: 59 gesot datt si hire Loun spéit oder guer net ausbezuelt kruten. 9 hunn zum Ausdrock bruecht, datt si keng Pai kruten, well hire Patron gesot hätt, hien hätt net genuch Clienten. 55 Aarbechter bestätegen, datt obwuel si all Dag méi wéi 10 Stonne schaffen, keng Iwwerstonne verrechent kréien. 13 hunn uginn, datt de Patron, wéi si bis op der Plaz waren, den Aarbechtsvertrag „nei formuléiert“ huet; 20 hu gesot, datt si zum Enn vum Aarbechtsverhältnis guer kee Geld kritt hunn an 12 ginn un, datt de Patron „Onkäschte“ vun der Pai ofgezunn huet.

Ee ganz zolidd opgebaute System dee virun näischt Halt mécht

Mam optauche vun der Covid19-Pandemie huet sech dësen Aarbechtssklaven hir Konditioun net verbessert, de Géigendeel ass de Fall. D‘Entreprisen hunn d‘Verträg gekënnegt, a wien net Heem reese konnt ass am Prisong gelant (dank Kafala ass dat méiglech). Wien zwangsausgewise ginn ass, ass dann och mat eidelen Hänn an engem Batz Scholden zu senger Famill zeréck gekéiert.

Et trëfft da mëttlerweil och net méi nëmmen déi „Kléng“, och de mëttlere Management gesäit sech dëser Praxis ausgeliwwert. Esou huet en 38 järege „Chef“ vun den Humanressource vun enger Baufirma – déi en Deel vun engem Fussballstadion baut – erkläert, datt d‘Ausbezuele vu senger Pai 2018 an 2019, sech mindestens a fënnef Fäll ëm bis zu 4 Méint verzögert huet, a Problemer mécht.

Katar„Dat ass eng schwiereg Situatioun. Ech si mam Loyer a Réckstand geroden, hunn Zodi mat der Kreditkaarte-Firma a meng Kanner kënnen net an d‘Schoul, well ech d‘Beiträg net am Delai konnt iwwerweisen. (…) Den Ament waarden op en neits zanter zwee Méint op meng Pai. An datt leeft esou bei alle Mataarbechter. Ech weess net wéi d‘Aarbechter iwwert d‘Ronne kommen…“.

Méiglech mécht dat de Kafala-System a kee schéngt et ze stéieren. Um Internationale Plang heescht et säitens de Politiker an den interesséierten Industrielle just, datt de Katar 2017 versprach hätt hei Reformen anzeféieren a jo och Moossnamen ergraff gi wieren. Geschitt ass faktesch näischt an och Lëtzebuerg ënnerstëtzt ganz tatkräfteg seng arabesch Finanz-Partner an dat net nëmmen am Katar.

Bedenklech ass dann och, datt d‘Leit mat Verträg ugelackelt ginn, déi et net gëtt an doriwwer eraus, jee nodeem wéi en Job ugebuede gëtt, och nach 700 an 2.600 US-Dollar Vermëttlungsgebühren u sougenannt Agence bezuele mussen, fir dann no aller Konscht ausgebeut ze ginn. Zudeem gëtt et do Netzwierker vu sougenannte Sub-Entreprisen, déi Paien net musse bezuele wa si net bezuelt ginn.

D‘Scheichen, d‘FIFA an déi international Communautéit

Fir d‘lescht hat déi kataresch Regierung am Oktober 2019 nach emol héich an helleg versprach, elo awer wierklech déi vereenbaart Reformen ëmzesetzen. Et sollt ee Mindestloun festgesat ginn, deen en als „Fair“ bezeechne kéint – wann en dann tatsächlech géif ausbezuelt ginn – an d‘Aarbechter sollten och d‘Recht hunn dierfen de Patron ze wiesselen oder ze kënnegen…

Jo am Katar dierf een net ouni de kloren an schrëftlech aktéierten Accord vum Patron senger Wee goen. Wien dat mécht lant direkt an ouni grousst Gedeessems am Prisong. Ab Januar 2020 sollt dat net méi de Fall sinn. Mir hunn elo geschwë September a faktesch huet sech op der Plaz näischt, mee esou wierklech absolutt guer näischt geännert. D‘Autoritéiten an hir Partner bestreiden dat awer.

KatarDee fir de Katar zoustännege Büro fir Ëffentlechkeetsaarbecht an d‘FIFA – eng bekannt kriminell Organisatioun mat Sëtz zu Genève – hunn op Nofro gemeinsam geäntwert, datt „ et gëtt keng Toleranz fir Diskriminéierung a Lounmëssbrauch. Dogéint gëtt et entspriechend Richtlinnen“. Vu Genève gouf et dann awer nach ee puer zousätzlech „Erläuterungen“ déi erwähnt muss ginn.

„Duerch d‘Aarbecht zum Schutz vun den Aarbechtsrechter am Kontext vun der FIFA-WM am Katar weess d‘FIFA wéi wichteg et an dësem Land ass, datt Schutzmoossname fir de Loun getraff ginn. Dofir hunn d‘FIFA an aner WM-Organisateuren ee robuste System ageriicht, deen de Lounmëssbrauch op Veranstaltungsstanduerter vun der WM verhënnert oder miniméiert“.

Zudeem géif d‘FIFA d‘ONGen – déi si ënnert alle méigleche Virwänn juristesch verfollegt – ermonteren de Mëssbrauch op de Veranstaltungsstanduerter iwwert eng Hotline vum Organisatiounscomité ze mellen. Leider ass dës Nummer net ze fannen an zu Genève huet keen d‘Erlaabnes dës der Press matzedeelen. Bei engem Milliardegeschäft muss dat wuel esou sinn…

mat indymedia/gva/nyc an Human Rights Watch (HRW)

Illustratioun: © Rowen Smith / unsplash

Ähnlech Sujeten Aarbechtsrecht, FIFA, FLF, Fussballweltmeeschterschaft, HRW, ILO, Katar, Mënscherechter, Sklaverei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel