Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

The Good Place ass déi originellste Serie, déi s de am moment kucke kanns
https://moien.lu/the-best-dating-app-bios/

The Good Place ass déi originellste Serie, déi s de am moment kucke kanns

The Good Place gëtt sech vun Ufank u Méi, ee

https://moien.lu/what-should-you-put-on-a-dating-site-profile/
https://moien.lu/the-best-dating-app-bios/

scorpio woman dating tips

Sech d‘Liewen huelen ass éischter seelen eng geplangten Dot. Experten

Spurlos verschwonnen: de saudesche Journalist Jamal Khashoggi
https://moien.lu/the-best-dating-app-bios/

Spurlos verschwonnen: de saudesche Journalist Jamal Khashoggi

Nodeems de saudesche Journalist Jamal Khashoggi an der Tierkei beim

A futile and stupid gesture packt de Spagat tëscht Dokumentarfilm a Komedie

D'Netflix-Produktioun an der Kritik

A futile and stupid gesture packt de Spagat tëscht Dokumentarfilm a Komedie
A Futile And Stupid Gesture

DSCF2257.RAF
A futile and stupid gesture packt de Spagat tëscht Dokumentarfilm a Komedie
A Futile And Stupid Gesture

Den National Lampoon ass an Europa keng esou bekannten Entitéit, wéi d’Saturday Night Live. Grad dowéinst kann een dem Film A futile and stupid Gesture e gewëssenen edukative Wäert zougestoen. D’Netflix-Produktioun beliicht op ënnerhalend Aart a Weis d’Geschicht vun dëser Satire-Zeitung a bestécht duerch seng propper Inzenéierung an e gudden Tempo.

D’Geschicht ass dobäi vu vir eran relativ absurd. Zwee Studenten, den Doug Kennedy (Will Forte) an den Henry Beard (Domhnall Gleeson), hunn sech d’Zäit an der Schoul domat verdriwwen, eng Satire-Zeitung ze produzéieren. Um Enn vum leschte Joer bréngen se nach eng Parodie zu The Lord of the Rings eraus, mee et gesäit ganz duerno aus, wéi wann déi zwee sech missten trennen. Mee do kënnt den Doug Kennedy op d’Iddi, d’Konzept vum Satire-Magazin mi grouss, op nationalem Niveau, ëm ze setzen. Dorausser spënnt sech d’Geschicht vum Opstig an Néiergang vun National Lampoon. Gewise ginn och vill Tournuren a geleeëntlechen dramateschen Entwécklungen op perséinlechem Niveau.

A futile and stupid gesture traut sech ze seelen, esou geckeg ze sinn, wéi d’Matière, déi e behandelt

Wat wéi en dréchenen Dokumentarfilm hätt kënnen ëmgesat ginn, weist sech als eng Komedie mat edukativen Zousazstoffer. An dat passt och bei de Sujet! Deelweis gi bei der Inzenéierung richteg flott Handgrëffer gemaach: Déi vill Comics vun der Virlag ginn a gewëssenen dramateschen Zeenen filmesch agesat, fir e puer méi dramatesch Momenter net ze eescht eriwwer kommen ze loossen. Dat ännert näischt un der Pregnanz – Nee! – ënnersträichen se dës Zeenen dach nach zousätzlech. Si verroden och d‘Detachéiertheet vis a vis vun der Realitéit, déi gewësse Personnagen un den Dag leeën. Och wéi dës Erzielung verpaakt ass, bréngt e puer flott Saache mat sech. Den Erzieler weess genau wou den Akzent ze setzen ass a bréngt en eegenen Twist mat sech – op mannst fir all déi, déi sech net mat der Geschicht vum National Lampoon auserneen gesat hunn. Et ass just schued, datt dës Inzenéierungen ze mann optauchen. E bëssche méi Courage hätt do vill bruecht an aus engem uerdentleche Film en exzellente Film gemaach.

Luewe muss een souwuel de Casting wéi och d‘Sets. D‘Schauspiller passe gréisstendeels bei hir Rollen, och wann se vum ausgesinn net ëmmer 100% passen. An de Cast ass grouss, gëtt hei dach probéiert, esou zimlech all Kap ënner ze bréngen. Flott ass, datt engem vill duerch hir Eegenaarten eleng schonn am Gediechtnes bleiwen. Och gutt ass, datt de Film net ze vill probéiert, op Initiéierter anzegoen, oder schlicht op Nostalgie ze spillen. Den Tempo a Witz suergen dofir, datt jiddereen seng Freed um Film kann hunn.

Kuerz: De Pseudo-Dokumentarfilm trëfft hei di wichteg Nouten alleguerten. Do hätt villes kënne schif goen, mee eraus komm ass e Film, deen einfach funktionéiert an engem eppes méi no bréngt, wat ee virdrun net kannt huet. An do ass dach jiddereen e Gewënner, oder?

Ähnlech Sujeten A Stupid and Futile Gesture, Film, Kultur, Netflix
Nächsten Artikel Virrechten Artikel