Search

You may also like

G20-Sommet: Investissementer a Migratiounsstopp
Neiegkeeten

G20-Sommet: Investissementer a Migratiounsstopp

Haut um Méindeg ginn zu Berlin verschidden afrikanesch Staatscheffen erwaart,

Gläichstellung vu Mann a Fra: eng gedeelte Verantwortung
Neiegkeeten

Gläichstellung vu Mann a Fra: eng gedeelte Verantwortung

Am Regierungsprogramm 2018-2023 gëtt d‘Gläichstellung vu Mann a Fra als

Et ass e legitimme Wonsch vu Syrien an dem Irak, franséisch Dschihadisten ze veruerteelen
Neiegkeeten

Et ass e legitimme Wonsch vu Syrien an dem Irak, franséisch Dschihadisten ze veruerteelen

Déi franséisch Arméiministesch Florence Parly huet an der Zeitung „Libération“

D’Fro vum Dag: Wéi ee Wollef fidderen ech grad?

D’Fro vum Dag: Wéi ee Wollef fidderen ech grad?

Mir erliewen et bal all Dag. Roserei, Sträit, Haass oder Schlëmmeres. Kanner gi mat Situatioune konfrontéiert, déi hinnen Angscht maachen. Dofir hunn ech haut dës Geschicht fir Iech, ech hunn se viru Joren an de soziale Medie gelies. Si huet mech nawell staark beandrockt. A wann ech spieren, datt mir alles ze vill gëtt, erënneren ech mech drun.

Owes sëtzt en alen Häuptling mat sengem Enkel virum Lagerfeier. Dësen Dag huet de Jong en haarden, rosene Sträit tëscht den Duerfbewunner matkritt.

“Bopa, firwat streiden si sech?”, et huet de Jong beschäftegt, wat en do materlieft huet. De Bopa huet en Ament nogeduecht a sot dunn: “Mir hunn all zwee Wëllef an eis. Een ass voller Roserei, falschem Stolz, Gier, Jalousie an Egoismus. Hie reagéiert op déi klengste Saach, e flippt aus a riicht immense Schuet un. Deen anere Wollef ass erfëllt vu Léift, Demut, Empathie, Matgefill, Fridden an Hoffnung. An dës zwee Wëllef kämpfen ëmmer mateneen.

“Hunn ech se och a mir?”, freet de Jong. “Jo, se kämpfen an eis all.” äntwert de Bopa. Dat stëmmt de Jong nodenklech. “Wéi e Wollef wäert gewannen?”, freet hien. Den Häuptling grinst a seet: “Deen, deen s de fidders.”

D’Geschicht beréiert mech ëmmer erëm. Wat symboliséieren dës Wëllef dann nach? Uechtsamkeet. A ganz éierlech, ech wëll den onuechtsame Wollef net fidderen.

Dës Geschicht hunn ech och menge Kanner erzielt. Mä et gi keng gutt a béis Gefiller, se sinn all en Deel vun ons.

Mir entscheeden allerdéngs, wat mir dorausser maachen. Wéi mir reagéieren an handelen. Fiddere mir d’Roserei a loossen et un eise Matmënschen aus? Et ass eis Wal – gi mir eppes oder si mir egoistesch? Mir kënnen eis bewosst dofir entscheeden.

Mir ass bewosst, datt den anere Wollef en Deel vu mir ass. Ech hunn dat akzeptéiert, en ze bekämpfe kascht vill Kraaft. Ech huelen d’Gefiller un a geheien net nach méi Holz an d’Feier. Mat klengen Entscheedungen oder de richtege Wierder kann ech mir a menge Matmënschen eppes Guddes doen.

Wien weess, villäicht ass dës Geschicht och eng kleng Inspiratioun fir Iech. Oder fir Är Kanner.

Opmaacherbild: © Chris Ensminger / Unsplash

Related topics Aggressioun, Egoismus, Empathie, Fridden, Fro vum Dag, Geschicht, Häuptling, Hoffnung, Inspiratioun, Jalousie, Léift, Matgefill, Roserei, Wollef, Zwee Wëllef
Next post Previous post