Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Optakt vun der COP25 zu Madrid
International Money Neiegkeeten

Optakt vun der COP25 zu Madrid

Nach iert et zu Madrid mat der UN-Klimakonferenz COP25 konnt

Summeruni – Een informative Weekend ëm d’Klimaproblematik a méi!
International Money Neiegkeeten

Summeruni – Een informative Weekend ëm d’Klimaproblematik a méi!

Um 27. an 28 Juli organiséieren déi Lénk d’Summeruni, ee

EU-Inneminister beroden haut iwwer EU-Asylpolitik
International Money Neiegkeeten

EU-Inneminister beroden haut iwwer EU-Asylpolitik

D‘Fro iwwer „Stierwen an Iwwerliewen“ um Mëttelmier an un de

money

G20 Buenos Aires: de Protektionismus als „Plat de Resistence“

G20 Buenos Aires: de Protektionismus als „Plat de Resistence“

De G20-Sommet vun de Finanzminister an de Gouverneure vun den Zentralbanken, huet dëse Samschdeg zu Buenos Aires am engem wirtschaftlech ugespaante Kontext ugefaangen, nodeems d‘USA sech an de Kapp gesat huet et mat der ganzer Welt opzehuelen.

Nach um Freideg huet den US-President sech bereet erkläert, d‘Integralitéit vun de chineseschen Importer mat zousätzlechen Douanestaxen ze belaaschten. Als Protest géint d‘Subventiounen an d‘Exportkreditter hat sech den amerikanesche Protektionismus an éischter Linn op de Stol an den Aluminium konzentréiert.

„Ech maachen dat net aus politesche Bewegungsgrënn, ech maachen et fir ze maache wat gutt fir eist Land ass“, betount den Donald Trump, dee China beschëllegt d‘USA zanter längerem „op d‘A ze drécken“. China géif mat onloyale Mëttel agéieren an sech déi intellektuell Proprietéit uneegnen.

Nieft dem wirtschaftleche Konflikt, gëtt et och Spannungen tëscht de Währungen. „China, d‘EU an déi aner manipuléieren hir Währungen an deem se hir Zënsen erofsetzen, während d‘Amerika seng Zënsen hieft, firwat den Dollar Dag fir Dag ëmmer méi staark gëtt, wat sech op eis Kompetitivitéit auswierkt“, iergert sech de Milliardär, dee seng Zentralbank fir d‘Zënserhéijung kritiséiert huet.

Eng Gefor fir de globale Wirtschaftswuesstem

Peking sengersäits beschëllegt Washington mat senge Mesuren, dee „schlëmmsten Handelskrich an der Wirtschaftsgeschicht“ auszeléisen. D‘Chinese hu reagéiert, an amerikanesch Produite mat neien Douanestaxe beluecht.

Den amerikanesche Finanzminister, Steve Mnuchin, géif e Samschdeg an e Sonndeg an Argentinien „op d‘Suergen zur Wirtschaftspolitik“ agoen, heescht et säitens dem US-Finanzministère. An dësem Kontext sinn dann och bilateral Gespréicher, tëscht dem Mnuchin a senge franséischen, däitschen, italieneschen, japaneschen, südkoreaneschen, a mexikaneschen Homologe virgesinn.

Trotz der ugespaanter Lag, huet de Weltwährungsfong (IMF) seng global Wuesstemsprevisioune bäibehalen. Déi solle fir 2018 an 2019 bei 3,9% leien. D‘Generaldirectrice Christine Lagarde huet awer ënnerstrach, datt et sech heibäi ëm e Plafong handelt.

An de Chef-Ekonomist vum Weltwährungsfong, Maurice Obstfeld, huet an dësem Kontext gemengt, datt déi wirtschaftlech ugespaante Situatioun, kuerzfristeg déi „gréisste Bedreeung fir de globale Wuesstem duerstellt“. Dat, well de Protektionismus vum Wäissen Haus net nëmme Peking trëfft, mee och déi Haapthandelspartner, wéi d‘EU, de Kanada oder Mexiko ënner Drock setzt.

Déi europäesch Optiounen

Nächste Mëttwoch flitt den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker op Washington, wou hien eng Entrevue mam Donald Trump huet. Sënn an Zweck vun de Gespréicher: nees Rou an d‘Bezéiungen tëscht der EU an den USA ze bréngen.

Laut der däitscher Bundeskanzlerin Angela Merkel, ass Europa bereet „zréckzeschéissen“ sollten sech d‘USA derzou entscheeden, och Douanestaxen op Autoen aus der EU ze erhiewen. Eng vun de Moossnamen déi grad der däitscher Automobilindustrie vill Kappzerbrieches verursaacht. D‘Angela Merkel seet awer och, datt „Vergeltungsmossnamen déi schlechtste Léisung“ ass.

E weidere Punkt dee fir Spannungen tëscht der EU an den USA suergt: d‘Demande vu Washington den Iran wirtschaftlech ze isoléieren. Déi hunn d‘Europäer verworf, an sech e juristescht Instrument ginn, fir déi europäesch Entreprisen, déi am Iran aktiv sinn, ze schützen.

Déi amerikanesch Sanktioune géint den Iran trieden de 6. August a Kraaft. Am Kontext vum exterritoriale Prinzip vum amerikanesche Recht, huet Washington ugekënnegt all d‘Entreprisen a physesch Persounen, déi mam Iran Handel dreiwen, ze penaliséieren. Grouss Entreprise wéi Total hu sech entscheet „ze goen“, wann se net vun de Sanktiounen ausgeholl ginn.

Léisunge ginn sech beim Sommet keng erwaart

Bis ewell huet Washington, dat sech aus dem Atomofkommes mam Iran zréckgezunn huet, net wëlles déi europäesch Entreprise vun de Sanktiounen auszehuelen. Bedenkt een datt Amerika de gréissten Handelspartner vun der Unioun ass, gëtt ersiichtlech wéi kleng den Handlungsspillraum vun der EU an dësem besonneschen Dossier ass.

Zu Buenos Aires muss sech de G20-Finanzsommet also mat der Bedreeung vum globale Wuesstem, an de Risiken déi heiduerch fir déi ervirtriedend Länner entstinn, beschäftegen. D‘Analyste ginn hei net dovunner aus, datt et zu spierbare Léisunge komme kann.

D‘Aarbechtssëtzunge vun de Finanzminister an de Gouverneure vun den Zentralbanke sollen e Samschdeg um 14.30 Auer (Lokalzäit) ufänken an e Sonndeg weidergefouert ginn. Et ass dat dann och schonn den drëtte Sommet an dësem Joer, no engem éischte Meeting zu Buenos Aires am Mäerz, an dem Sommet vum Abrëll zu Washington.

Wann d‘USA matmaachen, soll et um Sonndeg dann e gemeinsamen Ofschloss-Communiqué ginn. Den 30. November an 1. Dezember sinn et dann d‘Staatscheffe vun de G20, déi bei engem Sommet zu Buenos Aires iwwert Zukunft vun der Weltwirtschaft entscheeden.

mam Alexandre Peyrille/AFP

Foto: Beim G20-Finanzsommet zu Buenos Aires sinn dausende Polizisten am Asaz. Ausschreidunge ginn sech awer keng erwaart. © Eitan Abramovich/AFP

Ähnlech Sujeten Buenos Aires, Finanzminister, G20, Handelskrich, Zentralbanken
Nächsten Artikel Virrechten Artikel