Search

You may also like

Ass den Assange a Liewensgefor?
International Neiegkeeten

Ass den Assange a Liewensgefor?

An engem haut verëffentlechte Bréif un déi britesch Inneministesch, hunn

Esch-Uelzecht: De Budget am Mëttelpunkt
International Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: De Budget am Mëttelpunkt

Déi lescht Gemengerotssëtzung vun 2017 huet sech bal integral mat

OPGEPASST: Metallesch Fragmenter an der Pizza!
International Neiegkeeten

OPGEPASST: Metallesch Fragmenter an der Pizza!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt de Lidl an den

G20-Sommet: Eenegkeet gesäit anescht aus

90 Deeg Waffestëllstand am Handelskrich tëscht den USA a China

G20-Sommet: Eenegkeet gesäit anescht aus

Den Donald Trump an de Xi Jinping un e Samschdeg e „Waffestëllstand“ an hirem Handelskrich verkënnt, deen d‘Weltwirtschaft a Fro stellt. Et war eng vun de „positive“ Conclusiounen no engem Sommet, dee virun allem d‘Differenzen tëscht de „Club-Memberen“ opgewisen huet.

„Si hunn en Accord fonnt fir nei Douanestaxen auszeschaffen“, sot de chineseschen Ausseminister Wan Yi, no engem laangen Aarbechtsiessen tëscht de Presidenten an hire Beroder. De Vizeminister fir Handel, Wang Shouwen huet preziséiert, datt Washington dovunner Ofstand hëlt d‘Douanestaxe vun 10% op 25% – fir en Handelsvolume vun 200 Milliarden US-Dollar – ze erhéijen. Dat Wäisst Haus huet wësse gelooss, datt d‘Entscheedung nëmme fir 90 Deeg suspendéiert ginn ass.

An dësem Zäitraum, muss et zu strukturelle Changementer an den Handelsbezéiunge kommen. Hei notamment wat den „erzwongenen Transfert vun Technologien an intellektueller Proprietéit“ ugeet. De Communiqué vun der amerikanescher Presidence ass däitlech: ouni „Arrangement“ erhéijen d‘USA d‘Douanestaxe vun 10% op 25%. Washington weist drop hin, datt sech Peking engagéiert, eng (ondefinéiert) Quantitéit vun US-Produiten ze kafe fir den Handel ze equilibréieren.

Nom Aarbechtsiesse mam Xi Jinping, huet den Donald Trump seng Entrevue als „onvirstellbar a produktiv Reunioun, déi China an den USA onbegrenzt Méiglechkeete bitt“, ëmschriwwen. „Et ass fir béid Länner eng ‚Win-Win‘ Situatioun“, esou de chineseschen Ausseminister Wang Yi. D‘Welt kann awer nach net opootmen, wëll d‘Gestreits tëscht den Handelsrisen, dat säit dem Fréijoer op de globale Wirtschaftswuesstem dréckt, de Welt-BIP ëm 0,75% reduzéiere kann, esou den IMF.

En elitäre Club an der Sakgaass

Bleift festzehalen, datt den „Tête-à-Tête“ tëscht dem chineseschen an amerikaneschem President, en Highlight vun dësem G20-Sommet vu Buenos Aires duerstellt. Fir de Rescht hunn déi grouss Wirtschaftsnatiounen, et mat engem gemeinsame Communiqué grad esou gepackt, d‘Gesiicht net ganz ze verléieren. Am Text huelen se Notiz vun den „Problemer“, ouni awer de Protektionismus ze veruerteelen. Eng zimlech „prüd“ Formulatioun am Kontext vum Trump sengem „America First“.

G20-Sommet

Déi obligat „Familljefoto“ vum G20-Sommet zu Buenos Aires, léisst den Androck opkommen, datt ee sech verdréit an gemeinsam fir eng besser Zukunft schafft. Deem ass leider net esou, an esou wéi se lancéiert sinn, muss een éischter „Besuergt“ sinn vun deem wat nach kënnt. © Alexander Nemenov/AFP

Am Communiqué ass och festgehale ginn, datt sech 19 Länner engagéieren de Paräisser Accord am vollen Ëmfang ëmzesetzen. Washington huet „a grousse Buschtawen“ drun erënnert, datt d‘USA do net matmaachen. „Et ass dee schwächsten Ofschloss-Communiqué deen et jeemools bei engem G20 ginn huet“, esou den Thomas Bernes, Expert vum Centre for International Governance Innovation (CIGI) a fréiere kanadeschen Negociateur vun dësem virun 10 Joer gegrënnte Sommet.

„Si hunn sech op de klengste gemeinsamen Nenner gëeenegt. Dat werft d‘Fro vun der Kredibilitéit vum G20 op. Beim Handel engersäits, an dem Klima anersäits“, esou den Thomas Bernes. Elo muss een ofwaarde wéi et weidergeet. Déi grouss Wirtschaftsnatioune gesinn sech d‘nächst Joer a Japan, a bis dohinner wäert d‘Gestreits wuel weidergoen…

Ukrain, Khashoggi, Pëtrol

Wäit ewech vum Communiqué, hunn d‘Staats- a Regierungscheffe bei den ofschléissende Pressekonferenzen, hir Differenzen nach emol opgelëscht. Esou huet de russesche President Vladimir Putin e Samschdeg verdäitlecht, datt „de Krich am rebelleschen Oste vun der Ukrain geet esoulaang weider, wéi déi aktuell ukrainesch Autoritéiten un der Muecht bleiwen“. D‘Europäer haten hien awer gebieden, nom Tëschefall am Mier vun Azov, sech um Rimm ze rappen.

De russesche President huet sech iwwerdeems mam saudesche Krounprënz, Mohammed ben Salmane „gutt verstanen“. Si sinn sech doriwwer eens ginn, den Accord zur Reduzéierung vun der Pëtrolsproduktioun ze verlängeren. Iwwerhaapt muss een dierfe festhalen, datt sech déi zwee, de ganze Sommet iwwer „beschtens verstanen hunn“, fir net ze soen, si hätte Komerodschaft demonstréiert. Et ënnersträicht allerdéngs, datt fir Mënscherechter op engem G20 keng Plaz ass.

Et muss een zudeem drop hiweisen, datt den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan, net labber léisst, a weiderhin de Mord vum Jamal Khashoggi als politescht Instrument asetzt. Hie gesäit de saudesche Krounprënz als Drotzéier hannert dëser hannerlëschteger Dot. Géintiwwer de Medien huet den tierkesche President deklaréiert, datt de Mohammed ben Salmane, de Membere vum G20 eng Erklärung ofginn huet, déi schwéier ze gleewen ass, an d‘Roll vu Ryad eigentlech erwisen ass.

G20-Sommet

D‘Entrevue tëscht der däitscher Bundeskanzlerin, Angela Merkel (l), an dem US-President, Donald Trump, soll „zefriddestellend“ gewiescht sinn. Detailer zum gefouerte Gespréich sinn net matgedeelt ginn. © Saul Loeb/AFP

Buenos Aires ass och de Sommet vum „verpasste Rendez-vous“ tëscht dem Donald Trump an dem Vladimir Putin. D‘Entrevue déi vu laanger Hand geplangt war, huet den US-President a leschter Minutt ofgeblosen. Als Begrënnung huet den Tëschefall am Mier vun Azov missen hierhalen.

„Et ass schued, datt et eis net gelénge Wëll eng echt Entrevue ze hunn. Ech sinn der Meenung, datt déi awer wierklech néideg ass“, esou de Versuch e verséinlechen Toun géintiwwer Washington unzeschloen. De russesche President huet awer wësse gelooss, datt hien zum Enn vum Sommet, d‘Geleeënheet hat, an engem kuerze Gespréich, dem Donald Trump seng Positioun am Kontext vun der ukrainescher Kris duerzeleeën. Op a wat de Milliardär geäntwert huet, ass net bekannt.

mam Tupac Pointu an dem Aurélia End/AFP

Foto: Den elitäre Club vun den 20 gréisste Wirtschaftsnatiounen, huet sech och zu Buenos Aires nees vu senger „beschter Säit“ gewisen. Erreecht hunn se näischt, ze grouss sinn d‘Differenzen tëscht de Länner. Si ginn domatter den Aktiviste Recht, déi och bei dësem G20-Sommet nees ganz konsequent op d‘Verfeelunge vun dëser Elite higewisen hunn. © Martin Bernetti/AFP

Related topics Angela Merkel, Buenos Aires, Donald Trump, G20-Sommet, Handelskrich, Klimawandel, Vladimir Putin, Xi Jinping
Next post Previous post