Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Muechtwiessel am Sudan
Neiegkeeten

Muechtwiessel am Sudan

Esou séier kann et goen. Am Sudan huet d‘Arméi duerchgegraff

Dës Verbe-Prüfung huet et a sech! Kriss du eng 1?
Neiegkeeten

Dës Verbe-Prüfung huet et a sech! Kriss du eng 1?

Eis Verbe kënne ganz schéi schwéier sinn. Wéi gutt schneits

Kanns du dës Wierder richteg schreiwen?
Neiegkeeten

Kanns du dës Wierder richteg schreiwen?

Wéi all Woch hu mer och haut erëm e puer

G20-Sommet: Investissementer a Migratiounsstopp

Arfika am Fokus

G20-Sommet: Investissementer a Migratiounsstopp

Haut um Méindeg ginn zu Berlin verschidden afrikanesch Staatscheffen erwaart, déi hir Presidence vum G20 wëllen notzen, fir Investissementer a Richtung Afrika ze lackelen. Eng wichteg Etappe wann d’Migratioun a Richtung Europa sollt ofhuelen.

Mat dëser Konferenz vum G20 Afrika, bidde mer den afrikanesche Länner eng Plattform fir mat Investisseuren a Kontakt ze trieden an esou den Engagement vum Privatsecteur ze stäerken“, erkläert de Finanzminister Wolfgang Schäuble an engem Communiqué. Schonn am Mäerz, bei engem G20 Finanz-Sommet, haten d’Finanzminister vun de wichtegsten Ekonomien hir Kollege vun der Elfebeeküst, Ruanda, Marokko an Tunesien ageluede fir dëse Partenariat op d’Been ze stellen. Dat ganzt huet dann och ee Numm: „Compact with Africa“.

Méi Gäscht fir dëse Sommet

Dës Kéier, ee knappe Mount virum G20 vun Hamburg, an mat enger Demarche déi sech oppe wëll fir all afrikanesch Länner, sinn dann och eppes méi Gäscht ugereest. Ghana an Ethiopien, de Niger an de Mali, och Egypten, grad wéi de President vun der afrikanescher Unioun (AU) de Guinäer Alpha Condé sollte vun der Kanzlerin Merkel empfaange ginn. Si erëffnet d’Konferenz haut de Mëtteg.

Just ee Land vum schwaarze Kontinent ass bis elo Member vum G20 an dat ass Südafrika. Dat erkläert sech awer wann ee weess, datt déi wirtschaftlech Entwécklung vun Afrika ni wierklech um Agenda vun de féierenden Ekonomië war.

Wann den däitschen Entwécklungsministère haut och ugekënnegt huet, 300 Milliounen zousätzlech Hëllef un d’Länner weiderzeginn, notamment un déi wou de Kampf géint Korruptioun opgeholl hunn. Dës Prioritéit déi vum Angela Merkel gewollt ass, soll awer net en Hëllefsfong mat ëffentlechem Geld sinn, mee „eng Opportunitéit fir Investissementer, Profitter an Aarbechtsplazen an d’Länner eranzebréngen“ sinn, esou ee Responsabelen aus dem Finanzministère.

Haut a Muer ginn dann och eng honnert Investisseuren zu Berlin erwaart. Zu deene kommen nach déi international Finanzinstitutiounen derbäi, déi gehale sinn de Länner déi technesch Ënnerstëtzung ze ginn, déi fir d’Ëmsetzung vun de Reformen néideg ass.

D’Migratioun andämmen

Däitschland huet an de leschte Jore méi wéi eng Millioun Refugiéen opgeholl, haaptsächlech aus Syrien, Afghanistan an dem Irak. D’Kanzlerin steet enger EU géinteniwwer, déi net amstand schéngt de Migratiounsfloss ze stoppen. Ënnert de Migranten si vill Mënschen aus subsaharesche Länner, déi iwwer Libyen a Richtung Italien flüchten. Do versteet sech, datt d’Angela Merkel sech wëll den Ursaache vun der Migratioun op de Grond goen. Eng Mesure ass et do, de Mënschen an hire Länner eng reell Perspektiv ze bidden.

Bei hirer Rees am Hiecht 2016 an de Mali an de Niger, Transitlänner fir vill Migranten, an och Ethiopien, Sëtz vun der afrikanescher Unioun, hat d’Kanzlerin zougestanen, datt „d’Wuel vun Afrika och am Interessi vun Däitschland ass.“ „Et ass entscheedend datt sech de Fridden, d’Liewensqualitéit an de Wuesstem an den Ursprongslänner vun de Migranten opbaut“, seet och d’Christine Lagarde, Generaldirektesch vum FMI am Handelsblatt.

Proposen net wäitreechend genuch?

Fir d’ONG „One“ ass déi däitsch Initiative am Kader vum G20 begréissungswäert mee „d’Proposen déi aktuell um Dësch leie ginn net duer“ wëll se ze vill op déi stabil Länner ausgeriicht ass a reng op privat Investissementer ausgeluecht ass.

Mat ee Grond firwat um Samschdeg eng dausend Mondialisatiounsgéigner duerch Berlin gezu sinn fir kloer ze maachen, datt „Afrika steet net zum Verkaf“ an Kritik um Berliner Sommet ausgedréckt hunn. Fir d’Manifestanten ass den Zweck vun dësem Sommet, sech alt nees déi afrikanesch Ressourcen unzëeegnen.

Fir de 450 Millioune jonken Afrikaner Zukunftsperspektiven unzebidden, déi an de nächsten 20 Joer op den Aarbechtsmaart kommen, mussen déi afrikanesch Länner sécherlech Reformen an Investissementer maachen, mee de G20 muss och seng Hëllef an de Schlësselsecteuren, wei beispillsweis d’Bildung, ubidden“esou „One“. Laut dem leschte Rapport huet Afrika a 50 Joer méi jonk Leit wéi déi ganz G20-Länner zesummen.

mam Marie Julien an Frank Zeller, AFP

Foto: Pixabay

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Däitschland, Europa, Frankräich, G20
Nächsten Artikel Virrechten Artikel