Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spuenien: Manipulatiounen am Profi-Futtball!
International Neiegkeeten

Spuenien: Manipulatiounen am Profi-Futtball!

Bedruch am Futtball ass wéi Dopping am Vëlossport: ouni schéngt

Biologesch ofbaubar Fläschen aus Plastik kéinte méi Problemer mat sech bréngen, wéi se der léisen
International Neiegkeeten

Biologesch ofbaubar Fläschen aus Plastik kéinte méi Problemer mat sech bréngen, wéi se der léisen

Et gi gläich e puer Initiativen, déi der Plastiksfläsch wëllen

D‘Populisten an Italien hunn hire Regierungsprogramm
International Neiegkeeten

D‘Populisten an Italien hunn hire Regierungsprogramm

D‘Koalitioun „Cinque Stelle“ (M5) – Lega Nord huet um Donneschdeg

G20-Sommet – E Scheitere verhënnert, mee eens ass ee sech och net

Déi gutt Nouvelle: China an d‘USA entschäerfen Handelskrich

G20-Sommet – E Scheitere verhënnert, mee eens ass ee sech och net

Datt de G20-Sommet vun Osaka net zum Debakel verkomm ass, dat well d‘USA nees mat ganz eegene Wënsch an Fuerderunge geglänzt huet, ass déi gutt Nouvelle. De Donald Trump war ugereest mat der Intentioun, hannert d‘Beschlëss vum G20-Sommet zu Buenos Aires ze goen.

Gestridde ginn ass wéinst dem Handel an dem Klima. A besonnesch beim Klima hunn d‘USA massiv Drock op d‘Länner gemaach, fir datt déi sech hinnen uschléissen. Hei hätt ee sech erwaarde kënnen, datt beispillsweis Brasilien a Saudiarabien, mee och d‘Tierkei, dem US-President zu Säit stoe géifen. Déi hunn et dann awer virgezunn sech der Majoritéit unzeschléissen…

G20-Sommet

Bis zur leschter Minutt ass verhandelt ginn an um Enn war et ee siichtlech „erliichterten“ Shinzo Abe, Ministerpresident vu Japan, dee sech de Medie gestalt huet: „Ech si frou, datt si alleguerte fir den Erfolleg zesummegeschafft hunn“. Woumatter de japanesche Regierungschef eigentlech zum Ausdrock brénge wollt, datt hie ganz frou ass, datt de Sommet net am Fiasko beendegt gouf.

Datt et net zum genannte „Fiasko“ komm ass, huet awer och eppes mat deem ze dinn, wat sech an de Kulissen zougedroen huet. Esou e Sommet ass och ëmmer eng gutt Geleeënheet fir grouss diplomatesch Entrevuen, déi sougenannten „bilateral“ Gespréicher. Vill Opmierksamkeet hat hei d‘Treffen tëscht dem chinesesche President Xi Jinping an dem US-President Donald Trump.

Exzellent Bezéiungen?

D‘Bezéiung tëscht den USA a China haten sech deels zolidd verschlechtert, nodeems Washington de Chinesen, engersäits d‘Verantwortung fir hiren Handelsdefizit, anersäits den Déifstall vun intellektuellem Eegentum, virgeworf hunn. Zum Optakt vum Sommet huet de Milliardär dann awer nees iwwerrascht. Den Donald Trump hat sech eng verséinlech Rhetorik zougeluecht.

G20-Sommet

„Mir hunn exzellent Bezéiungen, mee mir musse beim Handel fir méi Ausgläich suergen. (…) Ech mengen dat ass liicht hinzekréien“, esou den US-President. Déi Ausso hat séier d‘Ronn gemaach a vill Medien hunn sech op dëse Statement gestäipt, fir ze behaapten, datt d‘Handelsgespréicher tëscht béiden Natiounen nees géifen opgeholl ginn. Och d‘Staatsmedien hunn hei matgemaach.

Ganz esou einfach wäert et net sinn. Zum engen ass den Donald Trump onberechenbar an zum aneren existéiert och e gewësse geostrategeschen Dissens tëscht China an den USA. Wann et da beim Handel Liichtblécker sollt ginn, esou dierf een déi politesch Dimensioun vum territorialen Usproch am chinesesche Mier, wéi och den Dissens mam Iran an Nordkorea net ausblennen.

Knackpunkt: de Klimawandel

Nodeems d‘Europäer sech op eng gemeinsam Positioun fir de Klima gëeenegt haten an vu virera kloer gemaach haten, datt si keng Ofschlosserklärung géifen ënnerschreiwen, déi hannert d‘Ziler vum Paräisser Ofkommes géif goen, war gewosst, datt dëse Sujet eng haart Noss gëtt. De „grousse Verhandlungsmarathon“ hat wéinst der amerikanescher Positioun net zum Konsens gefouert.

G20-Sommet

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker hat schliisslech drop bestanen, datt et eng staarkt Erklärung zum Klimawandel misst ginn, an däitlech gemaach, datt hie seng Ënnerschrëft net ënnert eng „wischi-waschi“ Erklärung géif setzen. An Argentinien hate mat Ausnahm vun den USA, d‘Länner sech zum Paräisser Ofkommes an der Begrenzung vun der Äerderwiermung bekannt.

Laut dem Donald Trump awer, benodeelegt dëst Ofkommes d‘USA. Hei ass dann awer wichteg nees drun ze erënneren, datt vill Bundesstaaten dem US-President do net zoustëmmen an e sëlleche Buergermeeschter an den USA um Ofkommes festhalen, an op hirem Niveau alles ënnerhuele fir déi Ziler anzehalen. An einfach zréckrudderen ass am Wahlkampf vum Milliardär net méiglech…

Nofolger gesicht

Interessant um G20-Sommet dann och de Fait, datt sech den Debat ëm d‘Nofolleg vum Jean-Claude Juncker „invitéiert“ hat. Laut däitsche Medieberichter wier zu Osaka eng Virentscheedung gefall, an et heescht, de favoriséierte Kandidat vun der EPP, Manfred Weber (CSU) aus Bayern, wier esou gutt wéi aus dem Rennen. Eng Situatioun déi der Bundeskanzlerin net wierklech entgéint kënnt.

G20-Sommet

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker hat awer och Zäit fir eppes Humor. Hei mam Tito Titus Mboweni, Finanzminister vu Südafrika. © Mboweni (via Twitter)

D‘Angela Merkel huet dat Ganzt dann awer mat Fassung gedroen, an de Kommentar entspriechend kuerz gehalen: „Ech ënnerstëtzen datt eng Léisung fonnt gëtt a freeë mech dat de Choix op der Grondlag vum Spëtzekandidat getraff soll ginn. (…) An da kucke mir emol wat dobäi erauskënnt. Jiddefalls sinn déi zwee Spëtzekandidaten en Deel vun der Léisung an dat ass ganz wichteg“.

Mat den zwee Spëtzekandidate sinn de konservative Manfred Weber an de sozialdemokratesche Frans Timmermans gemengt. An ëm dës zwee wäert et muer zu Bréissel, beim Treffe vun de Staats- a Regierungscheffe goen. Et gëtt sech allerdéngs net erwaart, datt et um Méindeg schonn zu enger Entscheedung bei de „Personalfroen“ kënnt. Eng däitlech Majoritéit huet kee vu béide Kandidaten.

Wat an de Beschlëss steet

Bei villem konnten sech d‘Länner vum G20 eens ginn, woubäi net alles nei ass an aneres esou lax formuléiert ass, datt een et besser ganz gelooss hätt. Zudeem si Formuléierunge wéi: „Mir bekräftegen“, „Mir bekennen eis onverännert“ oder „Mir drécken eis op en neits dofir aus“, an engem Ofschlossdokument de Beweis dofir, datt een eigentlech nees u sech selwer gescheitert ass.

G20-Sommet

„Ech hu vill Respekt a Frëndschaft fir dat japanescht Vollek, seng Geschicht mee och sech geeschtlech Stäerkt. Merci u Japan an den Abe Shinzo, fir de schéinen Empfang“, esou de Emmanuel Macron via Twitter. © Délégation Française

D‘Amerikaner wollten net hunn datt de Klimaschutz an der Ofschlosserklärung steet an elo gëtt et alt nees eng „G19+1-Erklärung“. 19 Länner hu sech zum Paräisser Ofkommes bekannt, d‘USA si strikt dergéint. Beim Handel konnt keng Eenegung fonnt ginn, de Protektionismus ze denoncéieren. Och bei der Reform vun der Welthandelsorganisatioun (WTO) ass ee kee Schratt virukomm.

Migratioun ass och esou en Thema déi d‘USA net an der Ofschlosserklärung wollten hunn. Zwar ass et dann awer agefloss, mee et si beschtefalls eidel Phrasen. Eens ginn ass ee sech beim Thema Finanzen. Hei ass awer och nëmmen iwwerholl ginn, wat d‘Finanzminister virun dräi Wochen zu Fukuoka beschloss hunn. Fazit: de G20-Sommet ass net de grousse Worf, mee dat kennt ee schonn.

mat indymedia/tyo/osa

Foto: Familljefoto vun de Staats- a Regierungscheffen © G20-Official

Ähnlech Sujeten Finanzen, G20-Sommet, Handel, Klimwandel, Migratioun, Osaka
Nächsten Artikel Virrechten Artikel