Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Visioun, wéi (k)eng aner?
Neiegkeeten

Eng Visioun, wéi (k)eng aner?

Mat engem séieren Tram bis 2035 bis op Belval –

Keng International Dog Show 2020
Neiegkeeten

Keng International Dog Show 2020

D’Federatioun vun der Lëtzebuerger Kynologie (FCL) deelt mat, datt déi

Voll ofgehuewen: Weltrekord bei de Ballone gebrach
Neiegkeeten

Voll ofgehuewen: Weltrekord bei de Ballone gebrach

De Weltrekord fir de Start vu Ballonen gouf haut gebracht.

Verhältnes Putin-Trump um G20-Sommet ënner Drock

Trouble in Paradise?

Verhältnes Putin-Trump um G20-Sommet ënner Drock

Wann sech d’Presidente vu Russland an den USA haut zu Hamburg um G20-Sommet begéinen, dierft D’Stëmmung net sonnerlech häerzlech sinn. Ze däitlech huet den Trump zu Warschau géint de Kreml Stellung geholl.

Fir déi russesch Delegatioun dierft dem Donald Trump seng Ried zu Warschau eng kloer Provokatioun gewiescht sinn. D’Liwwerung vu „Patriot“ Rakéiten u Polen an d’Kritik un der russescher Virgoensweis a Syrien, esou wéi de Sträit mat der Ukrain si politesche Sprengstoff.

Eskalatioun an de russesche Medien

Och déi russesch Staatstëlee pucht Ueleg an d’Feier. Do war dem amerikanesche President säin Optrëtt a Polen folgendermoosse kommentéiert ginn: „Déi zwee Staatscheffen Donald Trump an Andrzej Duda hätten enaner fonnt, wëll se ee gemeinsame Sujet hunn. Si beschëllege Russland der Bedreeung. Den Trump sot, et misst een der Destabiliséierung vu Russland widderstoen. An de polnesche President hätt d’Hoffnung ausgeschwat, datt a Polen stänneg amerikanesch Zaldote stationéiert ginn.“

Et schéngt dem russesche President vill dru geleeën, d’Stëmmung net d’Bach erofgoen ze loossen.

Dat sinn nawell keng gutt Virzeeche fir eng Entrevue tëscht dem Trump an dem Putin. Wat allerdéngs opfält, vun offizieller Säit hält sech Russland op erstaunlech Aart a Weis zréck. Aus dem Kreml keng béis Wieder, net emol Kritik. Et schéngt dem russesche President vill dru geleeën, d’Stëmmung net d’Bach erofgoen ze loossen.

Am Handelsblatt huet de Putin erkläert: „Et ass offensichtlech, datt de G20 e beträchtleche Bäitrag zur Verbesserung vun der Stabilitéit vun der Weltwirtschaft leeschte kann. Nëmmen zesumme kann een fair Wettbewerbsreegelen aushandelen.“

De russesche President fuerdert zudeem, datt een zesumme muss géint d’Cyberkriminalitéit an d’Hacker virgoen. Seng Regierung géif fir d’Ëmsetzung vun UN-Accorden antrieden an hie rechent domadder, datt déi aner Länner dësem Beispill follegen. Dobäi gëtt grad Russland ëmmer nees virgeworf Hackerugrëff géint aner Länner ze ënnerhuelen. Besonnesch fir Afloss op Wahlen ze huelen, wéi dat mam Hiweis op d’US-Presidentschaftswahl gäre gemaach gëtt.

Besser wéi säi Ruff

Op dat ganzt just soll dozou féiere vum „béise Jong“ Image ofzelenken, oder et dem Putin eescht ass, muss ee gesinn. Jiddefalls steet de russesche President un der Säit vum Angela Merkel. „Russland steet zum Paräisser Klimaofkommes“, schreift de Putin a senger Begréissungsried.

Schonn zu Sotschi viru sechs Wochen, huet de President der Bundeskanzlerin seng Ënnerstëtzung zougesot. Hie wëll op Diplomatie setzen an trotz aller Differenzen op ee gutt Verhältnis zum Weste setzen. Just säi Spriecher Dimitri Peskow setzt d’Erwaardungen un d’Entrevue mam Trump erof: „Obwuel et ee Bilateraalt-Gespréich ass, fënnt et am Kader vum G20 Sommet statt. Et ass also zäitlech begrenzt an de Vladimir Putin dierft kaum d’Zäit hunn seng Positioun ausféierlech duer ze stellen.“

De Peskow seet dann och, datt déi stänneg Provokatioune vun der Ukrain missten ophalen. Moossnamen déi heifir néideg sinn wäert den Trump awer net virleeën, ugesicht senger Positioun déi en ageholl huet. Dem amerikanesche President seng Ausféierungen zu dësem Thema a Polen loossen éischter g’Géigesätz tëscht béiden Natiounen opliewen.

Besser Aussiichten?

Et dierf een dann dovunner ausgoen, datt d’Entrevue vum Putin mam Emmanuel Macron an dem Angela Merkel méi entspaant wäert sinn. D’Kanzlerin kennt déi russesch Argumenter: Keng weider Sanktiounen, den Ofbau vun de Sanktiounen ass dem Putin säi längerfristegt Zil. Dee wëll nees aus der Isolatioun eraus, mee et stellt sech d’Fro op hien och bereet ass seng Positioun ze veränneren.

D’Sanktiounen drécken op d’Investitiounen an de Wuesstem ass sichtlech gestéiert.

D’Entrevue mam Trump ass fir de russeschen „Establishment“ ee ganz wichtege Moment, dee ganz opmierksam wäert verfollegt ginn. D’Begeeschterung vun der Mëttel- an Uewerschicht a Russland huet nogelooss an Onsécherheet mëscht sech breet. D’Sanktiounen drécken op d’Investitiounen an de Wuesstem ass sichtlech gestéiert.

Hoffnunge gëtt sech och gemaach, datt en Termin fir de russesch-amerikanesche Sommet festgeluecht ka ginn. Deen ass laut dem Kreml iwwerfälleg an d’Entrevue kéint hei Remedur bréngen. Datt sech déi zwee Presidenten de Mëtteg um véier Auer gesinn, bréngt mat sech, datt se allebéid net un der Sëtzung „Klima an Energie“ kënnen deelhuelen. D’Gespréich soll eng gutt Stonn daueren.

mat AFP

Foto: Seefeblosen als symboleschen Akt fir de G20-Sommet. Kann d’Entrevue tëscht dem Vladimir Putin an dem Donald Trump en Akzent setzen? Gett et Verbesserungen oder zerplatzen d’Hoffnunge wéi d’Blose vun der Aktivistin? (© Steffi Loos/AFP)

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Europa, G20, G20 Hamburg, Russland, USA, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel