Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Algerien: De Wonsch nom politesche Wiessel
paisley and davide celebs go dating

Algerien: De Wonsch nom politesche Wiessel

Zu Dausenden hunn e Freideg d‘Algerier sech géint e fënneft

online dating no subscription
paisley and davide celebs go dating

678. Schueberfouer: Offiziell Ouverture am Zeeche vun der Traditioun

Vill Gedrécks a wéineg ze gesinn, dat ass den éischten

Gala-Fussball zu Gonschte vun der Europäescher Vereenegung géint Leucodystrophien
paisley and davide celebs go dating

Gala-Fussball zu Gonschte vun der Europäescher Vereenegung géint Leucodystrophien

Virun néng Joer hat sech de Stade Josy Haupert zu

G20 Sommet: Wéineg Erfreeleches

G20 Sommet: Wéineg Erfreeleches

Dat hat sech Däitschland anescht virgestallt. Amplaz vu schéine Biller, grousser Ukënnegungen, hunn d’Kläppereien an de Stroossen an d’Gestreits ëm d’Enn-Formuléierung zum G20-Sommet dominéiert. Besonnesch bei der Fro ëm de Klima ka just nach de Sträit dokumentéiert ginn.

De G20-Sommet vun Hamburg ass zu gudder Läscht nach esou just laanscht d’Blamage gerutscht. Zwar konnten sech d’Staatscheffen um Enn nach op een Ofschlossdokument eenegen, en Duerchbroch huet de Sommet allerdéngs net bruecht. Mee den Trump schéngt zefridden ze sinn. Hien huet d’Kanzlerin de Samschdeg virun der G20-Ronn gelueft: „Dir hutt ee groussaartege Job Gemaach“

No de sëlleche Sëtzunge vum Freideg, déi wéineg Konsens bruecht hunn an enger laanger Verhandlungsnuecht ass beim Thema „Fräihandel“ nach zu engem Kompromëss komm. D’Ofschlossdokument vun 19 Säiten enthält ee Bekenntnis zur Bekämpfung vum Protektionismus an onfairen Handelspraktiken. Eng Eenegung déi een ee Freideg nach fir onméiglech gehalen hätt. All d’Problemer sinn awer – wéi erwaart – net geléist ginn.

Klima-Géigner Trump

Et ass wuel gelongen d’USA bei der Fro ëm d’Finanzmaartreguléierung an der fairer Besteierung vun Entreprisen anzebannen. Beim Klima allerdéngs ass ee sech wieder oneens bliwwen. Eens war ee sech, datt ee sech net kann eens ginn. 19 vun 20 Dirigenten hunn sech am Ofschlossdokument dozou bekannt, den Accord vu Paräis ëmzesetzen.

De Fait, datt sech d’USA aus dem Ofkommes eraushalen, ass zur „Kenntnis“ geholl ginn. Zudeem kritt Washington d’Recht zougestanen, fir déi vermuttlech propper Notzung vu fossille Brennstoffer Reklamm ze maachen. Dat ass eng Première an engem G20-Ofschlossdokument, besonnesch wann ee bedenkt, datt déi Länner jo bei dëse Sommeten hir Eenegkeet wëllen demonstréieren. An der Klima-Fro hunn se beschtefalls bewisen datt se um Enn sinn.

Mini Erfolleg beim Handel

Fir d’Organisatrice vum Sommet, war dann awer net alles fir d’Kaz. Et dem Angela Merkel tatsächlech gelongen nieft dem Handel weider Kompromësser hinzekréien. Eng nei Strategie fir Afrika, een zentraalt Uleies vun der däitscher Presidence, konnt ausgeschafft ginn. Zukünfteg solle beispillsweis Investitioune vu privaten Entreprisë gefërdert ginn, eng Ënnerstëtzung déi iwwert d’Entwécklungshëllef erausgeet.

Experte bedaueren allerdéngs, datt just Südafrika beim Sommet vertruede war. Mat den Entscheedungen déi zu Hamburg geholl gi sinn, huet d’Majoritéit vun den afrikanesche Länner just nach de Choix, matzemaachen oder sech aner Handelspartner ze sichen. An deem Zesummenhang kann een d’Grënnung vun engem Millounefonds gesinn, deen Entreprisen an Entwécklungslänner ënnerstëtzt.

Erfreelech d’Zouso vun enger verstäerkter Zesummenaarbecht am Kampf géint den Terrorismus. Woubäi eng Eenegung bei dëser Fro scho virum Sommet ze erwaarde war. Et ass bei de schwierege Sujete wou een op der Plaz getrëppelt ass an esou muss ee bal Frou sinn, datt et beim G20-Sommet zu engem Ofschlosscommuniqué komm ass, deen se all matgedroen hunn.

Krawall, Gewalt an Zerstéierung

Erniichtert dierft d’Bundesregierung op d’Erwaardunge vum Sommet zréckblécken. Si wollt onbedéngt de G20 op Hamburg huelen an d’Kanzlerin dierft sech och dovunner erhofft hunn, Réckewand fir déi bevirstoend Wal ze kréien. Schéi Biller, wéi beim G7-Sommet op Schlass Elmau virun zwee Joer sinn awer ausbliwwen. Dorunner ass dann och net nëmmen den Trump schold, dee wäitreechend Beschlëss verhënnert huet.

D’Demonstratioun „Solidarity without Bordersinstead of G20“ huet dausende Mënschen zesummebruecht, déi friddlech fir hir Rechter an déi negativ Auswierkunge vum Sommet op d’Welt agetruede sinn. (© Steffi Loos/AFP)

De ganze Verlaf vum G20-Sommet war gepräägt vu Krawall, Gewalt an Zerstéierung. Béis betraf war de „Schanzenviertel“ wou d’Ausernanersetzung tëscht Police an gewaltbereeten Demonstrante bis an de fréie Moien ugehalen hunn. Mat Waasserwerfer an Tréinegas sinn d’Poliziste géint d’Randaléierer virgaangen. Déi hu sech mat Fäschen, Steng a Feierwierkskierper gewiert. Op der Strooss ass Offall zesummegedroe ginn a grad wéi e sëllechen Autoen a Brand gestach ginn. Och ee Supermarché ass regelrecht ausgeraumt ginn.

Et goufen nees Mënsche verletzt, och wann dozou nach keng genau Zuele virleien, esou ergëtt och dat kee schéint Bild. Eng Ronn 300 Leit si festgeholl ginn, geet aus enger Matdeelung vun de Police ervir. Dorausser ergëtt sech dann och kee schéine Fazit fir déi ville Friddlech Demonstratiounen. Vun deene sollt ee Message ausgoen, deen op déi negativ Auswierkunge vum Sommet hiweist. Ee Message deen duerch d’Ausschreidungen op mannst an de Medien nëmmen nach marginal ukomm ass.

Foto: De Jean-Claude Juncker, EU-Kommissiounspresident begéint dem amerikanesche President kuerz virun enger Aarbechtssëtzung beim G20-Sommet. (© Markus Shreiber/Pool/AFP)

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Donald Trump, G20, G20 Hamburg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel