Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislikesurprise
Editorial: Ass et nach zäitgeméiss hautdesdaags en Eefamilljenhaus ze bauen?
https://moien.lu/war-day-matchmaking/ best dating app for weed smokers

matchmaking slamm

Eppes Polemik um Méindegmuere ka net schueden an esou ass

Et solle méi Zich tëscht Wittlich a Lëtzebuerg zirkuléieren. Dobäi kënnt jidderee fir säin eegenen Trafic op!
https://moien.lu/war-day-matchmaking/ best dating app for weed smokers

Et solle méi Zich tëscht Wittlich a Lëtzebuerg zirkuléieren. Dobäi kënnt jidderee fir säin eegenen Trafic op!

Eng Kéier d’Stonn soll den Zuch tëscht Lëtzebuerg a Wittlich

NATO: E Rapport proposéiert en Artikel „5b“ géint den „Hybridkrich“
https://moien.lu/war-day-matchmaking/ best dating app for weed smokers

NATO: E Rapport proposéiert en Artikel „5b“ géint den „Hybridkrich“

D’Parlamentarier vun der NATO, déi nach bis haut zu Warschau

surprise

G7 Sommet: Tëscht Konsens a Status Quo

G7 Sommet: Tëscht Konsens a Status Quo

Um Freideg huet zu Taormina a Sizilien de G7 Sommet ee schnelle Konsens iwwert den Terrorismus bruecht, dat kuerz nom hannerhältegen Attentat zu Manchester. Net viru komm sinn d’Staatscheffe bei de Froe vum Klima an den internationalen Handel.

Et sollt ee laangen Dag ginn, gefëllt vu Plenarsëtzungen a bilaterale Gespréicher. D’Vertrieder vun de G7 (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien, Japan, Kanada an USA) hunn eng Deklaratioun géint den Terrorismus ugeholl. An där ginn notamment d’Acteure vum Internet derzou opgeruff, sech verstäerkt géint terroristesch Inhalter anzesetzen. Domadder hunn se eng Fuerderung vun der britescher Premierministesch erfëllt. „Et ass ee grousse Schratt an déi richteg Richtung. D’Internetentreprisë mussen sech hirer gesellschaftlecher Verantwortung bewosst ginn“, sot d’Theresa May an der Pressekonferenz.

De G7 huet sech och engagéiert alles drun ze setzen, eng „kollektiv Approche“ op de Wee ze bréngen, fir géint d’Geforen déi vun auslännesche Combattanten ausginn, wann dës nees aus de Krichsgebidder zeréckkommen. Den Akzent ass hei op den Austausch vun Informatioune geluecht ginn.

Klimawandel: Jo, Nee, Vläicht ?

Mat Sécherheet ee vun de kriteschste Sujete vum Sommet war d’Fro vun der Äerderwiermung. Hei ass et wéi gewinnt nees zu kengem Resultat komm, wei den italienesche Conseilspresident Paolo Gentiloni huet missen agestoen. „Déi amerikanesch Administratioun huet eng eegen Usiicht an dëser Fro an déi aner Länner hunn dat aktéiert. Mir hunn vir eisen Deel eise vollen Engagement bestätegt“, sot den Gentiloni an engem kuerze Statement virun der Presse.

Dëse Sujet dierft awer och nach haut aktuell sinn a weider Bestand vun den Diskussioune sinn. Op d’Europäer et fäerdeg wäerte bréngen, den Trump ze iwwerzeegen, wéi et eng franséisch diplomatesch Quell ugedeit huet, bleift ofzewaarden. Et soll allerdéngs insistéiert ginn, datt Mesurë géint d’Äerderwiermung wirtschaftlech Opportunitéite bréngen an och fir Aarbechtsplaze suerge kënnen.

Um Freidegowend huet et een Abléck geschéngt wéi wann dës Argumenter éischt Friichte kéinten droen. Dem Trump säi Wirtschaftsberoder, Gary Cohn, huet wësse gelooss, datt „d’Siicht vum amerikanesche President sech weiderentwéckelt (…) Hien ass heihinner komm fir ze léieren“, fir dann awer nees ze warnen „seng endgülteg Entscheedung wäert sech dorops baséieren, wat am beschte fir Amerika ass.

Ee schwierege Sommet

Et war gewosst, datt et mam Donald Trump keen einfache Sommet sollt ginn. Dat hat schonn am Virfeld den Paolo Gentiloni, dem säi Land d’Presidence vum G7 huet, matgedeelt. An esou konnt een hannert de „frëndleche“ Gesiichter während der traditioneller Familljefoto am griicheschen Theater vun Taormina erkennen, datt et zolidd ramouert huet.

Erënnere mer eis un de kontroverse Sujet, deen alt nees vum amerikanesche President ausgaange war, wou hien sech iwwert déi „schlechtDäitsch ausgelooss hat. Hei gouf natierlech dementéiert a vun Iwwersetzungsdefiziter geschwat, sécherlech éischter fir Rou an dat ganzt ze bréngen. D’Kanzlerin Merkel huet sech dann och kee Kommentar zu dësem Punkt erlaabt, wéi Si ee Freideg zu Taormina ukomm ass. De Cohn erwaart sech trotzdem eng hëtzeg Diskussioun.

D’Beroder vun den Delegatioune „wäerte bis spéit an den Owend schaffenfir de Versuch vun engem Konsens an d’Enddeklaratioun anzebréngen, sot déi däitsch Kanzlerin op enger Pressekonferenz am spéiden Nomëtteg. Am Bezuch zu Klima an Handel war si dann och eppes méi konkret: „Mir haten eng mouvementéiert mee éierlech Diskussioun, op verschidde Punkte konnte mer eis eens ginn, bei aneren net.

Wat d’Relatioune mat Russland betrëfft, huet d’Wäisst Haus seng Positioun bezüglech de Sanktioune wéinst der Kris an der Ukrain verdäitlecht, a schléisst aus, dës ze erliichteren. Den Donald Tusk, President vum Europarot, hat moies d’Memberen opgeruff d’Sanktiounspolitik géint Moskau ze bestätege bis d’Accorde vu Minsk ëmgesat gi géifen. De Konflikt an der Ukrain huet an dräi Joer 10.000 Mënschen d’Liewe kascht.

D’Fro vun de Migranten ass eng vun den italienesche Prioritéiten, wëll Italien op fiichter Front steet, am besonnesche wat d’Rettung vun den sëlleche Leit déi um Mier a Séinout gerode betrefft an hei huet et ausgesi wéi wann ee Kompromëss méiglech wier. Et bréicht een eng global Approche, déi net eleng de Sécherheetsaspekt an d’A faasst, war aus italieneschen Diplomatekreesser ze erfueren.

Ee Sommet G6 + 1 ?

Um Samschdeg da wëllen se nees all versichen déi Divergenze néier ze leeën, wat no engem schonn ustrengende Freideg, bei dem den Trump kee Meter Buedem hir ginn huet, net einfach dierft sinn. Deen huet no engem Tour duerch de Mëttleren Osten, dem am Zeeche vu Kooperatioun stoung net gezéckt op all Etapp seng Alliéiert verbal uerdentlech duerchzerëselen, obwuel dës hiren Drock op eng gemeinsam Approche opriicht gehalen hunn.

Nieft de Suergen déi Nordafrika bereet an de Stroum vu Refugiéen dee vun do aus Richtung Europa ënnerwee ass, geréit nom Uschlag vu Manchester och Libyen nees an de Fokus. Am Land wat op ee neits an de Chaos gedriwwe gëtt, mam opkomme vun neie Kämpf am Süde vun Tripolis an den egyptesche Bombardementer am Oste vum Land, no engen Attentat géint d’chrëschtlech Kopte vun Egypten, läit villes am Uergen.

D’Regierungscheffe sollten sech op Ufro vu Japan op eng ferm Linn géinteniwwer Nord-Korea verstännegen. Dat als Äntwert op eng Serie Ofschëss vu ballistesche Rakéite säitens dem Regime aus Pyongyang. An dësem Punkt huet den Donald Trump sengem japaneschen Homolog, dem Premierminister Shinzo Abe verséchert, datt den „Nord-Korea Problem geléist gëtt. Mat esou Aussoe versprécht de Samschdeg zu Taormina net langweileg ze ginn.

mam Cécile Feuillatre, Jérôme Cartillier an Olivier Baube (AFP)

Foto: De japanesche Premier Shinzo Abe mam EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker kuerz virum Ufank vun de Gespréicher zu Taormina (© Mandel Ngan/AFP)

Ähnlech Sujeten Europa, G7, Klimawandel, Merkel, Terrorismus, Trump
Nächsten Artikel Virrechten Artikel