Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Am Juli goufen zu Lëtzebuerg 38 nei Refugiéeën unerkannt
Neiegkeeten Sport

Am Juli goufen zu Lëtzebuerg 38 nei Refugiéeën unerkannt

Vum 1. Januar op den 31. Juli vun dësem Joer

Buschbränn an Australien: Zuel vun den Affer klëmmt weider
Neiegkeeten Sport

Buschbränn an Australien: Zuel vun den Affer klëmmt weider

Bei Temperature vu bis zu 50°C sinn d’Buschbränn zu engem

Facebook opzesplécken wier net nëmme reaktionär, mee géing zu näischt féieren
Neiegkeeten Sport

Facebook opzesplécken wier net nëmme reaktionär, mee géing zu näischt féieren

Ech hu keen Interesse, d’Optriede vum Mark Zuckerberg virum Europaparlament

Gala-Fussball zu Gonschte vun der Europäescher Vereenegung géint Leucodystrophien

Wéini a wou? Den 8. Juni um Stade Jos Haupert zu Nidderkuer

Gala-Fussball zu Gonschte vun der Europäescher Vereenegung géint Leucodystrophien

Virun néng Joer hat sech de Stade Josy Haupert zu Nidderkuer an d‘Faarwe vun der Vereenegung ELA-Lëtzebuerg (Europäescher Vereenegung géint Leucodystrophien) gekleet. Hei gouf een aussergewéinleche Fussballsmatch, zu Gonschte vun de Kanner déi u Leucodystrophie erkrankt sinn, ausgedroen.

Dëse sportlechen Event huet derzou bäigedroen, datt déi ëffentlech Opmierksamkeet op eng sougenannte „Weesekrankheet“ konnt gezu ginn. An et ass wierklech imminent wichteg, datt endlech eppes géint dës Krankheet ënnerholl gëtt, un där et an Europa Woch fir Woch bis zu 40 neie Fäll gëtt. Den éischten Event war parrainéiert vum Zinedine Zidane a co-organiséiert vum Jeff Strasser – en treien Ambassadeur vun dëser Kausa – an hat fir vill Freed beim Public gesuergt.

Am Kontext vum 100 järege bestoe vum Progrès Nidderkuer, organiséiert de Veräin e Gala-Fussball zu Gonschte vun ELA. Dës Renconter fënnt statt den 8. Juni um Stade Josy Haupert zu Nidderkuer an zu éiere vun der Vereenegung, gëtt de Stadion nees an d‘Faarwe vun der Associatioun gekleet. D‘Ekipp „ELA all stars“ (ausgezeechent international Spiller) trëfft op d‘Legende vum Progrès.

De Programm vum Dag selwer ass och entspriechend dem Zweck opgestallt ginn. Ab 10 Auer ginn d‘Diere vum Stadion op a scho kann et lass goen. Ugefaange gëtt mam Tournoi am „Teqball“. Dann an der Mëttegstonn kënnt et zum Oldies-Cup, iert géint 16 Auer d‘Finale am Teqball gespillt gëtt. Uschléissend fënnt d‘Final bei den alen Häre statt. Iert et zum eigentleche kënnt, lëften dann d‘U13 vum Progrès-ELA de Rideau. Um 18 Auer dann de grousse Gala-Match „Legende vs ELA“

Tickete vum Dag gëtt et op der Plaz fir 10€, 20€ an 30€, oder an den übleche Virverkafsplazen. Déi ganz Einname sinn integral fir ELA versprach. Et wäert zudeem dat schéinste Wieder hunn, firwat et keng Entschëllegung gëtt net mat derbäi sinn. Méi Informatiounen zur Associatioun ELA an de ganze Programm am Detail: www.ela-asso.lu an/oder www.progres.lu

Ähnlech Sujeten Benefizveranstaltung, ELA, Fussball, Gala-Match, Progrès Nidderkuer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel