Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mexiko: E Renne géint d’Zäit
https://moien.lu/eastern-european-dating-uk/ Sport

dating someone who binge drinks

Am Renne géint d‘Auer hunn d‘Secouristen hir ganz Kraaft mobiliséiert.

tips for sending messages on dating sites
https://moien.lu/eastern-european-dating-uk/ Sport

Editorial: Stell der vir et sinn Europawahlen an et ass jidderengem egal

D‘Wierfel si gefall, rien ne va plus, wéi de Fransous

Éisträich: Populiste stelle Pressefräiheet a Fro
https://moien.lu/eastern-european-dating-uk/ Sport

Éisträich: Populiste stelle Pressefräiheet a Fro

Et ass grad emol eng Woch hir, do hu mir

Galerie: 24 Stonne Vëlo Wëntger – Den Depart

 

Um Freideg si bei der Jubiläumseditioun vu 24 Stonne Vëlo Wëntger eng ronn 1.100 Coureuren op den Depart gaangen. Net manner wéi 108 Equippe vu 7 bis 12 Leit hunn sech fir déi zéngt Ausgab vun dëser mëttlerweil héich populärer Course ageschriwwen.

Vill Courage hunn och nach 13 Cycliste matbruecht, déi am Solo déi 24 Stonnen um Vëlo bestreiden. Vergiesse mer dann och net déi sechs Dammenequippen oder d‘Jugend- a Kannerequippen.

Bei de néng Editioune virdrun, waren esouvill Kilometer zeréckgeluecht ginn, datt et duer gaange wier 13,5 mol ronderëm d‘Äerd ze fueren. Erwaart ginn eng gutt 5.000 Spectateure fir d‘Sportler bei hirem Effort ze ënnerstëtzen.

Fir d‘Sécherheet suergen 100 Pompjeeën an Secouristen, fir de gudden Oflaf sinn dann nach eng Kéier ronn 250 Benevoller um a ronderëm de Circuit am Asaz. Deen huet et mat enger Distanz vun 3.300 Meter an sech. Eng kleng Kopp, déi de Reiz vun der Course ausmëscht.

Wéi all Joer ginn d‘Einnamen engem gudden Zweck zougefouert. Dëst Joer ass d‘Prime vu 5.000 Euro fir d‘Air Rescue. Wat iwwreg bleift gëtt op déi fënnef Sportveräiner vun der Gemeng zu gläiche Parten opgedeelt.

Wa mer iech elo Loscht op méi gemaach hunn, der sidd zu Wëntger wëllkomm. Fir iessen an Drénken ass gesuergt an och a Punkto Animatioun ass fir gutt Laun gesuergt. Et gëtt dann och nach Equippen a „Solisten“ déi sech iwwert är Ënnerstëtzung géife freeën.

Fir déi Virwëtzeg: Live Resultater sinn hei www.velo.wentger.lu

Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu

Nächsten Artikel Virrechten Artikel