Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 21. Juni 2020
Kultur Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 21. Juni 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge

money
Tierkei: Wirtschaftskris fir eng Diktatur
Kultur Neiegkeeten

Tierkei: Wirtschaftskris fir eng Diktatur

Déi tierkesch Lira huet e Freideg e brutale „Plongeon“ missen

Twitter: US-President net als Tester zougelooss
Kultur Neiegkeeten

Twitter: US-President net als Tester zougelooss

Ee vun de „big users“ bei Twitter ass net beim

Gamescom zu Köln: Et gëtt eng Welt „hannert“ de Spiller

Gamescom zu Köln: Et gëtt eng Welt „hannert“ de Spiller

Et war schonn déi 10. Editioun vun der Gamescom, an natierlech op e neits e vollen Erfolleg. Laut dem Veranstalter sinn dëst Joer ronn 370.000 Visiteuren aus 114 Länner an den Hale gezielt ginn. An et dierf ee mat Recht behaapten, do war eng méi lass…

Millioune Mënschen „zocken“ op elo um Handy, der Tablett, der Konsol oder direkt um PC. Hei kann ee dann och constatéieren, datt net nëmmen d‘Krapperten sech mat der Manett oder der Tastatur an der virtueller Spillwelt erëmdreiwen, nee och ganz gestane Maanskärel an Dammen, wësse wat sech an der Zeen deet.

GamescomEt ass allerdéngs net ëmmer einfach sech erëmzefannen, besonnesch dann net wann ee keen Insider ass. Mee et ass eng Welt, an där ee bei FIFA19 Weltmeeschter ka ginn, oder bei „Call of Duty“ an d‘Roll vum Zaldot schlüpfe kann. Wie wëll, kann sech bei „Grand Theft Auto“ (GTA) als Bandit de Batti stellen, a mat aneren däischtere Gestalten esou richteg (virtuell) kriminell ginn.

E Business bei deem et ëm vill Goss geet

Well sech d‘Gamescom zu Köln ofspillt, an et net wierklech konkret Zuelen iwwert Lëtzebuerg gëtt, mir awer wësse wollten, op e mat „Video-Spiller“ och Goss maache kann, hei eng kleng Analys vum däitsche Maart. Mat Ëmsazzuele beschäftegt sech de Felix Falk. Hien ass de Chef vum däitsche Verband vun der Gamer-Branche, a konnt eis Froen dann och beäntwerten.

GamescomEsou hunn eis däitsch Noperen 2017, net manner wei 3,3 Milliarden Euro (fir Spiller, Konsolen, Soft- an Hardware, mee och Accessoiren) ausginn. Eppes iwwert d‘Hallschent, also 1,22 Milliarde sinn heibäi eleng fir Computer- an/oder Video-Spiller drop gaangen. Domatter ass Däitschland an der Welt op Rank 5, am Bezuch op den Ëmsaz bei de Spiller.

De Felix Falk, deen an dësem Maartsegment vill Potential gesäit, kann sech allerdéngs net nëmme freeën. Wou dréckt de Schong? Vun dësen Zuelen, déi jo och en zolitte Benefice bedeiten, entfalen der séier wéineg op däitsch Produiten. Esou si nëmmen 5,4% vum Ëmsaz op Titel aus Däitschland ëmgeluecht ginn. Dat wier laut dem Felix Falk, nach emol 1% manner wéi zejoert.

International Konzerner beherrschen de Maart

Elo ass et awer net, wéi wa se bei eisen Noperen d‘Hänn an de Schouss geluecht hätten an op besser Zäite géife waarden. De Géigendeel ass de Fall. Alles an allem, entwéckelen, programméieren a verdreiwe 524 däitsch Entreprise Spiller.

GamescomHire Problem ass, datt de Maart vun den internationale Konzerner beherrscht gëtt, an de Felix Falk muss schwéieren Häerzes feststellen: „Eiser Branche feelen d‘Méiglechkeeten um internationale Marché konkurrenzfäeg ze sinn. Si fuerdert vun der Politik finanziell Fërderung an Unerkennung“. Dobäi geet et an der Branche net nëmmen ëm „Spiller“.

An elo gëtt et och fir Lëtzebuerg interessant, well wat sech eis Noperen entgoe loossen, kéint fir „Digital Luxembourg“ e grousse Benefice sinn. Et geet hei wéi gesot net nëmmen ëm Spiller. Et geet virun allem ëm e Potential, deen eisem gewollt „qualitative Wuesstem“ géif entgéint kommen. Dat ganzt huet immens vill mat „virtueller Realitéit“ a „kënschtlecher Intelligenz“ ze dinn.

GamescomÄhnlech, wéi een e Filmfong huet, kéint ee sech virstellen, och hei e Fong unzeleeën, Entwéckler a Programméierer unzelackelen, a firwat net, mat Spiller „Made in Luxembourg“, der asiatescher an amerikanescher „Iwwermuecht“ eppes entgéint setzen. Mee bon dat ass nëmmen esou e Gedanken.

Fotoen: © Marcin Rzeczkowski

e grousse Merci un de Marcin an d’Melissa, déi sech fir eis zu Köln ëmgekuckt hunn

Ähnlech Sujeten Computerspiller, Digital Lëtzebuerg, Gamescom, Köln, Videospiller
Nächsten Artikel Virrechten Artikel