Search

You may also like

Kanalisatiounsaarbechten an der Eecher Strooss (20. – 21. Juni 2020)
Neiegkeeten

Kanalisatiounsaarbechten an der Eecher Strooss (20. – 21. Juni 2020)

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt am Kader vum Reamenagement vun

VDL: De Service Senior plënnert
Neiegkeeten

VDL: De Service Senior plënnert

Vum 7. bis den 12. Januar 2021 wäert de Service

D‘Lëtzebuerger Arméi am Asaz: e Bilan dee sech weise léisst
Neiegkeeten

D‘Lëtzebuerger Arméi am Asaz: e Bilan dee sech weise léisst

Ganzer 25 Joer engagéiert sech schonn eis Arméi bei militäreschen

Ganz wäit ewech vun eis waart e Stär op säin Numm

Lëtzebuerger Schüler sollen en Exoplanéit a säi Stär benennen

Ganz wäit ewech vun eis waart e Stär op säin Numm

Am Kader vum 100 järege Gebuertsdag vun der Internationaler Astronomen Unioun (IAU) ass eng Campagne lancéiert ginn, déi all Land d‘Méiglechkeet bitt, engem Exoplanéit a sengem Stär e Numm ze ginn. Ronn honnert Länner bedeelegen sech un dëser Campagne, esou och Lëtzebuerg.

Mir dierfen also dem Stär HD45350 a sengem Planéit HD45350b an der Konstellatioun „Auriga“ e Numm ginn? Also u sech schon, woubäi den Appell sech exklusiv un d‘Krapperte riicht. Méi prezis: d‘Wutzen aus dem „Fondamental“ an dem Secondaire, esou wéi ausgewielte „Maisons Relais“.

Wéi den naturhistoresche Musée informéiert, ginn d‘Kanner vum 1. September bis den 20. Oktober „consultéiert“. Déi Virschléi wou zréckbehale goufen, ginn der Ëffentlechkeet zum Vott am Internet proposéiert. Dës Aktioun gëtt am Kontext vum „Science Festival“ (7-10. November) organiséiert.

Wat ass dat fir e Planéit?

De Planéit mat der Bezeechnung HD45350b ass ee risege gasfërmegen Exoplanéit am Orbit ronderëm engem Stär vum Typ „G“. Seng Mass ass 1,2 mol déi vum Jupiter. Den HD45350b brauch 2,6 Joer fir een Orbit ze absolvéieren. Entdeckt gouf dëse Stär iwwregens schonn 2004.

Stär

Kaart vum Stärebild Auriga (cc by-sa 3.0)

Wat de „Stär“ HD45350 betrëfft, esou ass dësen 160 Liichtjoer vun der Sonn ewech a läit am Stärebild Auriga. Et handelt sech heibäi ëm e sougenannte „giele Ris“ dee schonn eppes an den Alter komm ass, a sech an noer Zukunft an e risege „roude Stär“ wäert verwandelen…

Wéi leeft dat of?

Déi offiziell Reegele fir matzemaachen si gutt um Site vum naturhistoresche Musée erkläert. Et empfeelt sech Nimm virzeschloen déi eng Bezéiung zu Lëtzebuerg hunn. Dat kann historescher, kultureller oder gesellschaftlecher Natur sinn, woubäi ee sech HEI „orientéiere“ kann.

Stär

D’Kartographie vum Himmel mam Exoplanéit, dee vu Lëtzebuerger Schüler elo soll en Numm erhalen.

Hale mir nach fest, datt bei der Preselektioun vun den 3 Nimm déi dem Public zum Vott virgeluecht ginn, de Comité deene Gruppen, déi hirer Propose en artisteschen an/oder wëssenschaftleche Projet a form vu Video, Illustratioun, Collage an ähnlechem uspéngelen, extra Opmierksamkeet bidden.

Ma dat versprécht eng flott Rentrée ze ginn, hoffentlech huet de Educatiounsminister dëst Joer genuch Enseignante virgesinn…

Related topics Exoplanéiten, HD45350, HD45350b, IAU, MNHN, Stär
Next post Previous post