Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sonic Visions 2018 – d’Escher Héichiewen hu gebieft!
International Meenung Neiegkeeten

Sonic Visions 2018 – d’Escher Héichiewen hu gebieft!

Um vergaangene Weekend sinn all d’Museks- a Festivalfans op hir

Wéi gëtt ee Kandidat fir d’franséisch Présidentielle?
International Meenung Neiegkeeten

Wéi gëtt ee Kandidat fir d’franséisch Présidentielle?

WEIDER ARTIKEL ZUM THEMADëse Video erkläert, wat Homeopathie wierklech bréngtWiem

Cannabis gëtt a Kanada legaliséiert. Mee kee weess, wien d’Steiere kritt!
International Meenung Neiegkeeten

Cannabis gëtt a Kanada legaliséiert. Mee kee weess, wien d’Steiere kritt!

Nodeems se sech a Kanada eens gi sinn de Cannabis

GAP-Campagne a Farm-to-Fork-Strategie: Keng Zäit verschwenden!

GAP-Campagne a Farm-to-Fork-Strategie: Keng Zäit verschwenden!

D’Joer 2020 ass ee Schlësselmoment fir d’Zukunft vun der europäescher Ernierungs- a Landwirtschaftspolitik. D’Verhandlungen iwwert déi Gemeinsam Agrarpolitik vun der EU (kuerz GAP) lafe scho säit Méint an déi vun der EU-Kommissioun ugekënnegt Farm-to-Fork-Strategie, sou wéi d’Biodiversitéitsstrategie si viru kuerzem verëffentlech ginn.

D’Initiative Good Food Good Farming, déi sech schonn zënter 2012 fir eng ëmweltfrëndlech, ressourcëschounend a sozial verdréiglech Agrarpolitik asetzt, huet zu dëser Geleeënheet eng Videocampagne gestart, un där sech Meng Landwirtschaft iwwer 5 Woche bedeelegt.

An de kommende Méint wäerte wichteg Decisioune säitens der Europäescher Unioun an den nationale Regierunge getraff ginn, déi entweder de Wee zu enger nohalteger Landwirtschaft aleeden, oder am Géigendeel weiderhin eng destruktiv, net méi zäitgeméiss Agrarpolitik fuerdere wäerten. Reforme mussen elo endlech kommen, eng Ëmverdeelung vun de Gelder an een Ëmdenken sinn dréngend noutwenneg, wa mir éischtens déi bevirstoend Klimakris meeschteren an zweetens eng Situatioun, wéi se aktuell mam Covid-19 present ass, an Zukunft besser iwwerstoe wëllen.

Der Natur an der Biodiversitéit ass besonnesch duerch déi gefërdert Praktike scho vill ze vill Schuet zougefüügt ginn. Wa mir eng zukunftsfäeg a resilient Ernierungspolitik wëllen, da musse sech grondleeënd Prinzipien, wéi z.B. dee vun der Hektarprimm änneren, wëll alles hänkt zesummen: proppert Waasser, gesond Biedem, d’Wuel vun den Déieren, d’Stoppe vum Insektestierwen, mee d’Stierwe vun den Häff, wëll déi kleng a mëttels Betriber stinn viru groussen Erausfuerderunge mat der aktueller Ausriichtung vun der europäescher Agrarpolitik.

Déi konventionell Landwirtschaft stéisst lues awer sécher u seng Grenzen, wou géint sech de Biolandbau ëmmer méi, souguer – oder grad – an Zäite vum Klimawandel ervirdeet. Desto méi d’Entscheedungsdréier déi noutwenneg Upassungen erauszögeren, desto méi staark wäert den Upassungsdrock spéider sinn.

D’Verhandlunge vun der GAP erweise sech als schwéierfälleg

Net just ware sech den Agrar- an den Ëmweltausschoss vum europäesche Parlament a ville Punkten net eens, och d’Onverméige vun den EU-Länner sech ze eenegen, huet dozou gefouert, datt den Agrarausschoss um 28. Abrëll enger Verlängerung vun der bestoender Agrarfërderung fir déi nächst zwee Joer zougestëmmt an d’Parlament um 15. Mee ofgeseent huet, et sief dann de méijärege finanzielle Kader vun der EU an d’GAP ginn dach nach am Oktober 2020 ugeholl.

Sollt et bei dëser Iwwergangsveruerdnung bleiwen, wäert den aktuelle Fërdersystem vun der GAP mat sengen desastréise Suitte fir Ëmwelt, Biodiversitéit a letztendlech och fir eng bäuerlech Landwirtschaft ouni substantiell Ännerungen ëm bis zu zwee Joer verlängert ginn. D’Chance fir eng „gréng“ Wend, de Green Deal, och an der Landwirtschaft ëmzesetzen, wier soumat verpasst. Dës Ofstëmmung fir eng Verlängerung vun der bestoender Subventiounspolitik wäert déi bekannt a bedenklech Schwächten am Hibléck op Nohaltegkeet an Ëmweltschutz weider verschäerfen.

Den Däiwel stécht am Detail

Fir d’EU-Farm-to-Fork-Strategie war d’EU-Kommissioun bis ewell zeréckhalend an et ass net vill iwwert hiren Inhalt bekannt. Sollten d’Strategien, wéi e puer Ëmweltverbänn aus Bréissel duerchsickere gelooss hunn, wierklech dorobber setzen, ee verbindleche Renaturéierungs-Agenda ze starten, Naturschutzgebidder eescht ze huelen an auszebauen, an d’Katalysatore vum Biodiversitéitsverloscht anzegoen, hu si Applaus verdéngt.

Am Beräich Landwirtschaft huet den Entworf tatsächlech ambitionéiert Ziler fir d’Reduktioun vu Pestiziden (-50 % bis 2030) vir, sou wéi eng drastesch Senkung vum Düngerasaz an eng signifikant Erhéijung vu Landwirtschaftselementer, wéi Hecken (min. 10 %). Natierlech stécht den Däiwel am Detail, an et kënnt dorobber un, wéi genee d’Instrumenter ausgeschafft an operationaliséiert ginn.

Bedenklech ass och, wéi kompatibel d’EU-Farm-to-Fork-Strategie mat der GAP wäert sinn. Wéi wäert et ausgesinn, wann de Versuch d’Ernierungskette vun der EU nohalteg, resilient an naturfrëndlech ze gestalten, op eng GAP stéisst, déi weiderhin ëmweltschiedlech an destruktiv Praktiken fir Betriber a Bauere finanzéiert?

Wëll mir an dëser gliddeger Phas vun de Verhandlungen iwwert d’GAP-Reform antrieden, ass et un der Zäit ze verhënneren, datt d’Politik ee weider Joerzéngt verschwent! Déi europäesch Liewensmëttel- a Landwirtschaftspolitik muss opgewullt ginn. Dofir huet Meng Landwirtschaft sech mat hire Partnerorganisatiounen an der Good Food Good Farming Campagne zesummegeschloss, déi d’Politik, besonnesch d’EU-Parlamentarier opfuerdert, sech fir eng zäitgeméiss Agrarpolitik anzesetzen, déi dem Klima, der Ëmwelt AN de Baueren ze Gutts kënnt.

All Videoen zum Thema ginn an de kommende Wochen a verschidde Sproochen op de soziale Medien verëffentlecht.

Matgedeelt vu Meng Landwirtschaft

Opmaacherbild: © Wil Stewart / Unsplash

Ähnlech Sujeten Agrarpolitik, Biodiversitéitsstrategie, Bréissel, EU-Kommissioun, Farm-to-Fork Strategie, GAP, Meng Landwirtschaft, Nohaltegkeet, Parlament
Nächsten Artikel Virrechten Artikel