Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du eis Autobunnen?
International Neiegkeeten

kazakhstan hook up

Iwwert d’Autobunn op d’Aarbecht: Dat ass vir vill all Dag

how do you hook up a rain barrel
International Neiegkeeten

Orang Utan Help Lëtzebuerg – Mat Häerz fir de sympathesche Mënschenaf!

Nodeems d’Grënnerin vun Orang Utan Help Lëtzebuerg um Fernseh vun

Klimaschutz: Zu Lëtzebuerg setzt „Youth for Climate“ Akzenter
International Neiegkeeten

Klimaschutz: Zu Lëtzebuerg setzt „Youth for Climate“ Akzenter

Während an aner Länner, Schüler a Studenten sech längst e

GAP-Reform: Zeréck an d’Vergaangenheet amplaz Asaz fir de Klima- an Aarteschutz

GAP-Reform: Zeréck an d’Vergaangenheet amplaz Asaz fir de Klima- an Aarteschutz

D’Majoritéit vun den Deputéierten am Landwirtschaftsausschoss setzt op d’Landwirtschaftspolitik aus de 60er Joer an huet domat fir de Bericht zu de genannte strategesche Pläng, ee Virschlag vun der EU-Kommissioun fir d’Reform vun der Gemeinsamer Europäescher Agrarpolitik (GAP) gestëmmt.

De Groussdeel vum GAP-Menage (60%), soll nom Wëlle vun de chrëschtlechen Demokraten, Rechten a Liberalen, weider nom Géisskaneprinzip no Gréisst vun der Fläch, an net mat de Kritäre vum Klima-, Ëmwelt-, Déieren- an Aarteschutz, sou wéi der Entwécklung vum ländleche Raum agesat ginn. Domat ignoréieren déi Deputéiert déi EU-wäit Protester an de Vott vum matberodenden Ëmweltausschoss fir eng gréng EU-Landwirtschaftspolitik.

Déi gréng EU-Deputéiert Tilly Metz kommentéiert: „Wat als Reform dohirkënnt ass rengen Etiketteschwindel. Wann et no der Europäescher Kommissioun an de Chrëschtdemokraten, Rechten a Liberale geet, setzt déi Gemeinsam Europäesch Agrarpolitik weider op Flächenzuelung statt Klima- an Aarteschutz. Si wëllen zeréck an d’Vergaangenheet an ignoréieren d’Protester vun de Mënschen an Europa a loossen de Steierzueler d’Agri-Monopolisten weider mat Milliarde subventionéieren.

D’Deputéiert vun de Konservativen, Liberalen a Rechten maachen d’Aen zou a fuere blann géint eng Mauer. Déi Europäesch Landwirtschaftspolitik dierf sech zudeem net weider der Zerstéierung vum lokale Marché an Entwécklungslänner duerch massenhaft Exporten zu Schleiderpräisser schëlleg maachen. Ee „Weider esou“ an der Agrarpolitik bedait fir Baueren, datt si den Image vun der Landwirtschaft als Klimasünder, Déierequäler an Aartekiller ausbuede mussen. Dobäi wier elo d’Geleeënheet, déi ëffentlech Gelder geziilt a Programmer ze stiechen, déi d’Bauere bei der Ëmstellung op rentabel ëmweltfrëndlech Methode begleeden.

Déi nächst Legislatur bitt d’Chance op dee Kurswiessel hin zur europäescher Agrarwent. Eng nohalteg Europäesch Landwirtschaft kéint d’Virbild fir méi Klimaschutz um Wee zu de Paräisser Klimaziler sinn. Mir fuerderen d’Enn vum Géisskaneprinzip no Gréisst vun der Fläch, d’Kopplung vum Groussdeel vun den Direktzuelungen un den noweislechen Ëmweltschutz an d’Belounung an d’Fërderung vun de Baueren, déi d’Ëmwelt, de Klima an d’Biodiversitéit schützen a sech op den Déiereschutz verflichten.

Hannergrond

D’Plenarofstëmmung iwwert d’Mandat fir d’Verhandlunge mam Rot an der EU-Kommissioun („Trilog“) iwwert d’GAP fannen an der neier Legislatur statt. D’EU-Kommissioun schléit fir de GAP-Haushalt an de Joren 2021-2027 365 Milliarden Euro vir, wat 28,5 vum Gesamthaushalt vun der EU entsprécht. Eleng 265,2 Milliarde sinn als Direktzuelungen ageplangt, just 78,8 Milliarde sollen an déi ländlech Entwécklung investéiert ginn. Zur Zäit gi knapp 20% vun de GAP-Profiteuren 80% vun den Zuelungen un.

An dësem Kader hunn déi gréng ee 7-Punkte-Plang fir eng zukunftsfäeg gemeinsam Agrarpolitik an eng nohalteg Entwécklung am ländleche Raum opgestallt, deen Dir HEI noliese kënnt.

Ähnlech Sujeten déi gréng, EU-Kommissioun, GAP, Landwirtschaftsausschoss, Tilly Metz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel