Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Revanchismus ass keng Léisung
Auto Kultur https://moien.lu/girl-powerpoint-dating/ dating shouter

dating female app

Wann ee verstoe muss, datt déi spuenesch Regierung, no der

Ee Besuch am Aquarium DISCUS zu Déifferdeng – Einfach emol andauchen!
Auto Kultur https://moien.lu/girl-powerpoint-dating/ dating shouter

Ee Besuch am Aquarium DISCUS zu Déifferdeng – Einfach emol andauchen!

Am Aquarium DISCUS zu Déifferdeng treffen Traditioun an d’Léift zum

Luxembourg Art Fair – D’Luxexpo am Konschtféiwer
Auto Kultur https://moien.lu/girl-powerpoint-dating/ dating shouter

Luxembourg Art Fair – D’Luxexpo am Konschtféiwer

Och zum Schluss vum Joer muss een Highlight gesat ginn.

Garage Losch: Ee Buch mat Symbolcharakter a Geschicht

Garage Losch:  Ee Buch mat Symbolcharakter a Geschicht
(v.l.n.r.) Pit Reckinger, Damon Damiani, Mark Binsfeld, Pierre Ahlborn © Laurent Mehlen/moien.lu
Garage Losch:  Ee Buch mat Symbolcharakter a Geschicht
© Laurent Mehlen/moien.lu
Garage Losch:  Ee Buch mat Symbolcharakter a Geschicht
(v.l.n.r.) Pit Reckinger, Damon Damiani, Mark Binsfeld, Pierre Ahlborn © Laurent Mehlen/moien.lu
Garage Losch:  Ee Buch mat Symbolcharakter a Geschicht
© Laurent Mehlen/moien.lu
Garage Losch:  Ee Buch mat Symbolcharakter a Geschicht
© Laurent Mehlen/moien.lu

Dës Woch war an der Garage Losch, am Showroom vun der Luxusmark Lamborghini, ee besonneschen an historesche Moment fir den Betrib. Hei gouf d’Buch mam Titel „Losch Luxemburg – Eine Unternehmensgeschichte über Gründer, Macher und Menschen“ an engem klenge Film an puer Riede virgestallt.

Gestart gouf mat engem klenge Resumé, zesumme gepackt an enger interessanter Presentatioun iwwert d’Geschicht, un där d’Ried vum CEO Losch Import, Damon Damiani, ugeknäppt war. Hei huet hie fir d’éischt emol ee grousse Merci un all d’Mataarbechter ausgeschwat, déi et iwwerhaapt erméiglecht hunn, dëse Moment ze realiséieren. Mee och zukünfteg Mobilitéits-Froe stoungen am Raum, fir déi d’Garage Losch sech gutt gerëscht gesäit. Zousätzlech gouf och en Merci un de Verlag Guy Binsfeld ausgeschwat.

Viru goung et mam Pit Recking, den President vun der Losch Fondation, déi 2009 vum André Losch gegrënnt ginn ass, an haut och als eng Fondatioun fir Allgemengheet unerkannt ass. Och wann d’Fondatioun vum Lëtzebuerger Betrib staamt, esou hält dësen sech aus der Fondatioun eraus an ëmgedréint och. D’Fondatioun Losch ass haaptsächlech an de Beräicher vun der Bildung an Kultur, der Gesondheet an, an der Fuerschung aktiv. Beispillsweis ënnerstëtzen si den Audit, den fir UNI.lu um Kierchbierg sollt gebaut ginn oder och den Science Center zu Déifferdeng. Am Moment stécht d’Fondatioun nach an enger Ufanksphas an erlieft een dauerhafte Wuesstem. Eréischt elo huet si eng gefestegt Organisatiounsstruktur kritt.

Seng Ried huet mat der Fro „ Wisou eigentlech en Buch iwwert d’Garage Losch ze maachen“ opgehale. Dës Fro sollt de Pierre Ahlborn, den Administrateur-Delegué de la Banque de Luxembourg, beäntferen. Mat e puer Wierder zum André Losch selwer gouf gestart, firu goung et mam Buch. Hei huet hien ee grousst Lueft duerch déi gutt Zesummenaarbecht mam Verlag Guy Binsfeld an déi excellent Recherche vun den Dokumenter, wei och Resultat ausgesprach.

Ob déi eigentlech Fro, wisou dëst Buch dann elo iwwerhaapt entstanen ass, äntwert de Pierre Ahlborn, datt et d’Symbol vum Ierwe, souwuel fir d’Clienten, d’Aarbechter an d’Fondatioun sollt sinn, an dëst Iewen och séchere sollt. Esou sollt jiddwereen sech an Erënnerung behalen, wat d’Garage Losch ass an wou dem Betrib seng Wuerzele leien.

Ee Merci un de Marc Binsfeld

Nieft der Wichtegkeet vun dësem Buch huet de Marc Binsfeld d’Entwécklung vum Wierk erkläert. Dobäi huet hien ënnerstrach, datt fir dëst Buch eng extra Equippe huet missen zesummegestallt ginn, déi uschléàissend d’Konzept fir dëst Buch opgestallt huet.

Virun allem sollt dëst Buch virun allem d’Geschicht vun der Entreprise däitlech maachen, woubäi de Mënsch am Mëttelpunkt stoe sollt. Fir dëst ze erméigleche goufen iwwer 40 Interviewe gehalen, déi souguer bis op Wolfsburg an d’Haaptzentral vu VW gereecht hunn. Ziel wier et Ufanks gewiescht 250 Säiten ze schreiwen, mee dëst war sou schnell iwwerschratt, datt sech ob 380 Säite gëeenegt ginn ass. Allerdéngs hätt eeb nach vill méi kenne schreiwen.

D’Buch ass an 8 Kapitel opgedeelt, déi jeeweils och Teschensequenzen hunn. Fir d’éischt hunn se mat enger Bestandsopnam vun der Garage Losch ugefaangen, déi de Pionéiergeescht vun der Grënnerzäit beschreift, gefollegt vum Kapitel Leidenschaft, an dem ob d’Persoun Losch selwer agaange gëtt. Uschléissend geet et ëm d’Dynamik, sou wéi ëm d’Entwécklung vun den Marken. Vum Profil vun der Garage geet den Inhalt bis hinn zum Handel, natierlech mam éischte Kafvertrag vun engem Käfer.. Donieft geet d’Wierk ob d’Fondatioun, wéi och d’Existenz vum Familljebetrib an. De Schluss besteet aus engem Resumé vum Ganzen.

De Marc Binsfeld erkläert, datt et dëst Buch ab elo an 2 Sprooche gëtt (Däitsch an Franséisch). Dëst Buch wier och net nëmmen exklusiv an der Garage ze kréien, mee och am regulären Handel.

Dozou huet hien och nach emol betount, datt d’Wierk ee Symbolcharakter fir d’Geschicht vun der Lëtzebuerger Wirtschaft huet. „Ech mengen et huet en zäitgeeschtleche Wäert“, sou de Marc Binsfeld.

D’Schlusswuert huet den Damon Damiani iwwerholl. Och hien huet säin Interêt un dësem Buch, an ee grousse Merci ausgesprach. Natierlech ass d’Evenement mat engem Patt an der Méiglechkeet, weider Diskussiounen iwwert d’Buch virunzeféieren, wonnerbar ofgeschloss ginn.

Zum Buch selwer

„Losch Luxemburg – Eine Unternehmensgeschichte über Gründer, Macher und Menschen“ ass een opwennegt Wierk vun der Fondatioun Losch , dat vum Martin an André Losch, mee och VW selwer handelt. Et beschreift den Ufank am Joer 1948, wou de Mechanikermeeschter Martin Losch en Bréif un d’Direktioun vu VW geschriwwen huet, den vun enger positiver Äntwert gefollegt gouf. D’Lizenz zum Verkaf vu VW war domadder hei am Land geséchert. Dëser a villen anere Spuere geet dëst Buch no. Et ass eng Geschicht iwwert en Erfolleg, vun dem haut nach vill Leit profitéieren.

Iwwert den André Losch selwer, den als Geschäftsmann, den Betrib erfollegräich weidergefouert huet, wei och d’Fondatioun gegrënnt huet, ginn déi lescht Joerzéngte beschriwwen. Nom sengem Dout am Joer 2016 stoung de Wonsch no enger Chronik ëmsou méi am Raum an sollt esou d’Ierwe vun der Vergaangenheet an éieren halen.

D’Buch ass fir 48 Euro ze kréien, den Erléis geet dobäi un d’ André Losch Fondatioun an ass ausschliisslech fir den gudden Zweck bestëmmt.

Ähnlech Sujeten Auto, Buch, Editions Guy Binsfeld, Entreprise, Garage Losch, Losch Luxemburg - Eine Unternehmensgeschichte über Gründer, Macher und Menschen, Martin Losch, VW-Käfer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel