Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Gutt Aussiichten an der Stad
Neiegkeeten

Gutt Aussiichten an der Stad

Um Mëttwoch war et emol ee besonnesche Rendez-vous deen de

Migratioun: Italien am Clinch mat der EU
Neiegkeeten

Migratioun: Italien am Clinch mat der EU

E Freideg huet Italien säi Wëlle bestätegt et mat der

love
Galerie: Op Besuch bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Neiegkeeten

Galerie: Op Besuch bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Op der grousser Wiss um Kierchbierg, ee Steeworf vun den

D‘Garagisten hunn och e neie Kollektivvertrag

D‘Garagisten hunn och e neie Kollektivvertrag

OGBL an LCGB hunn an engem gemeinsame Communiqué matgedeelt, datt de 27. Juni, béid Gewerkschafte mat de Patronatsfederatiounen ADAL a FEGARLUX, no laangen an zéie Verhandlungen, de neie Kollektivvertrag fir de Secteur ënnerschriwwen hunn.

De Kollektivvertrag gëllt réckwierkend op den 1. Januar 2018 a seng Lafzäit geet den 31. Dezember 2020 op en Enn. Op e neits konnten d‘Gewerkschaften d‘Fuerderunge vun hire Memberen an de Salariéeën aus dem Secteur op ville Niveauen duerchsetzen.

Am Accord ass festgehale ginn, datt et bei der Carrière „DAP“ an „DT“ zur Revalorisatioun kënnt, an d‘Carrière vum Techniker op 10 Joer ausgedehnt ginn ass. De Kollektivvertrag gesäit och eng Upassung vun der Gratifikatioun vir. Am Detail presentéiert sech dat esou:

  • d‘Gratifikatioun bedréit fir all Salarié aus dem Secteur op mannst 400 Euro/Joer;
  • fir d‘Salariéeën déi eng manuell Aarbecht verriichten, an wéinst hirer Anciennetéit ausserhalb der Lountabell ukomm sinn, muss d‘Gratifikatioun bei mindestens 450 Euro/Joer leien;
  • fir d‘Salariéeën aus dem administrative Beräich, bedréit d‘Gratifikatioun 600 Euro/Joer.

Och beim Congé hunn d‘Gewerkschaften eppes konnten erausschloen: en zousätzlechen Dag Congé kritt de Salarié elo net méi no eréischt 20 Joer, mee scho mat 15 Joer Anciennetéit. Ab 25 Joer Anciennetéit kritt de Salarié dann nach emol een Dag Congé weider.

Ähnlech Sujeten ADAL, FEGARLUX, Kollektivvertrag, LCGB, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel