Search

You may also like

What the Fakt: De Guggenheim Musée huet virun 59 Joer seng Dieren opgemaach
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt: De Guggenheim Musée huet virun 59 Joer seng Dieren opgemaach

Et ass ee weltwäit bekannten Gebai vum Frank Lloyd Wright

Wann den Etienne zur Zilscheif vun der CSV gëtt
Kultur Neiegkeeten

Wann den Etienne zur Zilscheif vun der CSV gëtt

Se si veriergert, jo scho richteg rosen: déi CSV-Deputéiert, Laurent

Asaz vu chemesche Waffen a Syrien: den US-President wëll militäresch agräifen
Kultur Neiegkeeten

Asaz vu chemesche Waffen a Syrien: den US-President wëll militäresch agräifen

Um Méindeg Owend huet den Donald Trump eng „zäitno a

GARDEN SOUNDS mam Maxime Bender Quartett um 5. September

GARDEN SOUNDS mam Maxime Bender Quartett um 5. September

Vun Enn August bis Enn September 2020 gëtt mat GARDEN SOUNDS eng fantastesch Rei un Evenementer am Gaart zu Wolz gebueden. E Samschdeg, de 5. September 2020 ass et um Maxime Bender Quartett mam Projet „Universal Sky“ fir Iech ze begeeschteren.

De franséisch-Lëtzebuerger Projet „Universal Sky“ vum Saxphonist Maxime Bender soll d’Grenzen duerch d’Emotioune vun der Musek verschwanne loossen. Déi véier Member vum Grupp engagéiere sech scho säit Laangem bei diverse musikalesche Projeten ueschtert d’Land an hunn esou eng villfälteg Palett un Erfarung gesammelt.

Op der Bühn stinn de Maxime Bender (Saxophon), de Vitaliy Zolotov (Gittar), de Jean-Yves Jung (Uergel) an de Jérôme Klein (Battrie).

Garden Sounds

Weider Informatiounen

Duerch déi aktuell sanitär Kris gëllen déi bekannt Sécherheets- an Hygiènesmesuren.

Ticketen ginn et fir 10 €, respektiv 5 € fir ënnert 26 Järeger. Mam Kulturpass kascht de Spaass souguer just 1,50 €. D’Sëtzplazreservatioun ass obligatoresch.

Weider Detailer fannt Dir op www.prabbeli.lu.

Opmaacherbild: © Sven Becker

Related topics Concert, Festival, Garden Sounds, Jardin de Wiltz, Maxime Bender, Musék, Prabbeli, Quartett, Ticket, Universal Sky, Wolz
Next post Previous post