Search

You may also like

Reprise vum Schoulbetrib… mir si virbereet
Neiegkeeten

Reprise vum Schoulbetrib… mir si virbereet

Wat fir vill kleng Gemengen net einfach ass, datt ass

EU-Kommissiounspresident un der Galeblos operéiert
Neiegkeeten

EU-Kommissiounspresident un der Galeblos operéiert

D‘EU-Kommissioun huet informéiert, datt den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker seng Vakanz

Eng App fir faarweblann Persounen: Elo gëtt et faarweg!
Neiegkeeten

Eng App fir faarweblann Persounen: Elo gëtt et faarweg!

Säi ganzt Liewe ass de Vincent Florentini scho faarweblann. Mat enger

De Stater Bierger a seng „Léift“ zum Garer Quartier

Awunner, Geschäftsleit, Drogendealer, Houeren, an d‘Politik hunn ënnerschiddlech Interessen

De Stater Bierger a seng „Léift“ zum Garer Quartier

Wann et gutt a wichteg ass, datt déi politesch verantwortlech an der Haaptstad regelméisseg Reunioune mat den Awunner an den ënnerschiddleche Quartieren organiséieren, esou ass de Garer-Quartier „eng Nummer“ fir sech. Et ass en Hotspot an alle Beräicher an d‘Gemidder sinn erhëtzt.

Elo huet de Garer-Quartier säi schlechte Ruff net zanter gëscht. Prostitutioun an Droge sinn den „éischte Business“ op der Plaz, an d‘Police huet weder d‘Moyenen nach d‘Autoritéit an dësem jo awer eppes besonnesche Milieu duerchzegräifen. Wien net hei schafft oder Wunnt, kënnt dann och éischter fir sech „befriddegen“ ze loossen, oder well seng Sucht hien heihinner dreift.

Fir d‘Awunner an d‘Geschäftsleit ass et keng schéi Situatioun, an alles wat e soe kann, et wëll sech net verbesseren. Dozou ee puer Zuelen: bannent 7 Méint huet d‘Kriminalitéit déi a Verbindung mat Drogenhandel an/oder -konsum steet ëm 62% zougeluecht. Dat bréngt Gefore mat sech an d‘Leit hunn och Angscht. Vill eeler Mënsche ginn an der Däischtert einfach net méi virun d‘Dier.

Wann een da gewëllt wier de Leit ze roden anzwousch anescht wunnen ze goen, esou wier dat dee mat Ofstand dommste Saz deen een hei ausschwätze kann. Zum engem wunnen an dësem Quartier net déi mat de grousse Paien a Renten, zum anere gëtt et zu Lëtzebuerg bekanntlech e Problem am Secteur vum Logement. Et brauch deemno aner Léisungsusätz. Dat awer alles anescht wéi einfach.

Garer

Och den Tramschantier mécht de Garer-Quartier am Ament net Attraktiv, an et sinn och sécherlech net déi „gäilsten“ Enseignen déi een hei fënnt. Dofir ass de Service an de Butteker vum Toun hir, der Strooss awer gutt ugepasst. © Martine de Lagardère/moien.lu

D‘Strummerte ginn a regelméissegen Ofstänn vun enger Plaz zur anerer „verdriwwen“, dobäi sinn dat nach éischter friddlech Gesellen och wann hiren Ubléck engem schonn Angscht maache kann. Mee fir d‘Police si se méi liicht ze ergräife wéi d‘Drogendealer an d‘Houeren, an och si sollen oder mussen „Zuele“ virleeën“. Dobäi war an ass de Garer-Quartier eigentlech e Wirtschaftszentrum.

Politesch léisst sech d‘Situatioun an dësem populäre Quartier net léisen. Dat wier och dann net de Fall, wa wéi et bei der Reunioun gefuerdert gouf, d‘Buergermeeschtesch mam ganze Schäfferot, oder d‘Regierung op dëse Plaz wunne géif. Et war, ass a wäert nach op onbestëmmten Zäit e rechtsfräie Raum bleiwen. Zumindest esou laang bis een d‘Jicken huet, deem ganzen opzehëllefen.

Foto: Wann de Garer-Quartier och net de beschten Numm huet, et esou méi Krimineller wéi an de meeschte Banken oder Garage gëtt, sollt een dat wirtschaftlecht Potential vun dësem populären Uert net ënnerschätzen. Iwwerall gëtt geschafft,a mam Tram gëtt de Quartier nach e Stéck besser mam Recht vun der Haaptstad verbonnen. A wou investéiert gëtt, kann net alles schlecht sinn… © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Bierger, Drogenhandel, Garer Quartier, Geschäftsverband, Kriminalitéit, Police
Next post Previous post