Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Interview: Sea-Watch, e klenge Bléck hannert d’Kulissen
International Neiegkeeten

Interview: Sea-Watch, e klenge Bléck hannert d’Kulissen

Virwuert: Ze beriichten datt eppes stattfonnt huet, féiert an dësen

D‘Bevëlkerung schützen ouni de Schutz vun de Salariéeën ze afferen
International Neiegkeeten

D‘Bevëlkerung schützen ouni de Schutz vun de Salariéeën ze afferen

Mam Fortschreide vun der globaler sanitärer Kris, verstäerken sech och

Kanada: Dem Premierminister seng Korruptiounsaffär huet Folgen
International Neiegkeeten

Kanada: Dem Premierminister seng Korruptiounsaffär huet Folgen

Hie war de Pop-Star vun der nordamerikanescher Polit-Zeen, hat de

Sträit ëm Gaspipeline NordStream2 geet weider

US-Ambassadeur Grenell verdeedegt US-Sanktiounen an der „Bild am Sonntag“

Sträit ëm Gaspipeline NordStream2 geet weider

De Schlagaustausch am Dossier NordStream2, der Gaspipeline vu Gazprom, déi Däitschland an Europa mat russeschem Äerdgas beliwwere soll, geet weider. D‘Amerikaner wëlle verhënneren, datt dës Pipeline fäerdeggestallt gëtt. D‘Europäer sollen sech de Gas bei den Amerikaner kafen, dee per Schëff ugeliwwert géif ginn.

Nodeems et zu Berlin esou eppes wéi „Protest“ ginn huet, huet sech den US-Ambassadeur zu Berlin, Richard Grenell am engem Interview mat der Bild am Sonntag (BamS) zu de Sanktioune positionéiert. D‘Kritik vun der Bundesregierung huet hien zréckgewisen an nach emol ënnerstrach, datt d‘Sanktioune ganz am Sënn vun den Europäer wier. Schliisslech géif et jo och Pipelinegéigner.

NordStream2Den Amerikaner, dee scho virun Handelsbezéiunge mam Iran gewarnt hat, huet der BamS gesot: „15 europäesch Länner, d‘EU-Kommissioun an d‘EU-Parlament hunn alleguerten hir Bedenken um Projet aviséiert“, esou de Richard Grenell deen insistéiert. „Zanter längerem héiere mir vun eisen europäesche Partner, datt sech d‘USA si bei hire Beméiungen ënnerstëtze sollten. Dofir handelt et sech bei dëse Sanktiounen ëm eng proeuropäesch Entscheedung“.

Vill europäesch Diplomate sollen sech zudeem scho bei der US-Regierung bedankt hunn. Wien dat soll sinn, ob et sech ëm Entscheedungsträger handelt, wéi eng politesch „Ausriichtung“ déi solle vertrieden? Dozou huet den US-Ambassadeur keng Informatioune präisginn. Gewosst ass dogéint, datt d‘Trump-Administratioun de Grenell net zoufälleg zu Berlin Installéiert huet.

Partner oder Befeelsempfänger?

Déi vu Gazprom geplangten a mat europäeschen Entreprise gebaute Gaspipeline NordStream2 soll ab 2020, beim ëmgoe vu Polen an der Ukrain, Gas vu Russland an Däitschland liwweren. D‘USA an eng Rei EU-Länner gesinn de Projet kritesch a behaapten, datt sech Däitschland vun de Russen ofhängeg mécht. D‘USA géifen hei quasi „Däitschland virun enger Dommheet beworen“.

NordStream2

Faktesch ass et awer eng Amëschung esouwuel an déi energetesch Souveränitéit vun esouwuel Däitschland wéi och Europa. Zudeem geet an dësem Fall ëm zolidd Wirtschaftsinteressen, wann ee berécksiichtegt, datt d‘USA eis hiren deiere Flësseggas (LNG) verkafe wëllen. D‘Verhënnerung vum Bau vun der NordStream2 Gaspipeline, géif eis da vun den Amerikaner ofhängeg maachen.

Och de Vizekanzler Olaf Scholz (SPD) huet déi amerikanesch Sanktioune géint Entreprisen déi sech um Bau vun der Pipeline bedeelege kritiséiert. Et wier e kloren Agrëff an d‘Entscheedungsfräiheet vun Däitschland an der EU. Well sech awer d‘US-Sanktiounen op privatrechtlech Entreprise begrenzt, gesäit och den däitsche Finanzminister kee Grond „Géigemoossnamen“ ze ergräifen.

Den Obama ass schold…

Interessant dann de Fait, datt de Richard Grenell, deen a senger politescher Carrière wéineg guddes iwwert de Barack Obama ausgesot huet, behaapt datt schonn de fréiere President sech géint de Projet vun der russescher Gaspipeline ausgeschwat huet. Et wier d‘Flicht vun den Amerikaner dofir Suerg ze droen datt Europa seng Energiequellen diversifizéiert a séchergestallt gëtt, datt net ee Land oder eng Quell een ze staarken Afloss op den energetesche Besoin vun der Unioun kréie kann.

NordStream2Ganz erfreet – an hie gesäit dat och als en däitlecht Signal – ass de Richard Grenell iwwert de Fait, datt déi Schwäiz-Hollännesch Entreprise „Allseas Group“, déi mat Spezialschëffer d‘Réier an der Ostséi veruecht huet, sech direkt den Uweisunge vu Washington gefüügt huet. Woubäi „Uweisung“ net wierklech den Tatsaachen entsprécht. Allseas gouf schrëftlech vum Senat oppe bedreet.

Den NordStream2-Konsortium well trotzdeem um Projet festhalen. Et sinn nach eng 300 Kilometer vun den insgesamt 1.200 Kilometer fäerdegzestellen. Och hei gëtt argumentéiert, datt d‘Pipeline zum Zweck huet déi europäesch Energiesécherheet ze garantéieren. Fir den Ament jiddefalls, an nodeems Allseas seng eege wirtschaftlech Interessen an den USA ofgeséchert huet, steet de Buttek.

mat indymedia/ber

Ähnlech Sujeten Allseas, Energiesécherheet, Gaspipeline, Gazprom, Nordstream2, Richard Grenell, US-Sanktiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel