Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bretzelssonndeg: Ee léiwe Geste fir de Schäfferot
International Neiegkeeten

Bretzelssonndeg: Ee léiwe Geste fir de Schäfferot

Mat e bësse Virsprong huet dëse Mëttwoch d’Federatioun vun de

Et gëtt nach esou eppes wéi Gerechtegkeet
International Neiegkeeten

Et gëtt nach esou eppes wéi Gerechtegkeet

Zanter Mee 2019 sëtzt d‘Chelsea Manning am Bundesstaat Virginia am

money
Erschwéiert Konditioune fir d‘Stater Braderie
International Neiegkeeten

Erschwéiert Konditioune fir d‘Stater Braderie

Datt dëst Joer wéinst der Covid19-Pandemie näischt esou ass wéi

Iwwert d’Grenz gekuckt: D’Gastronomie wärend dem Deconfinement

Iwwert d’Grenz gekuckt: D’Gastronomie wärend dem Deconfinement

D’Grenzen zu Däitschland sinn nees op an esou ass een elo schonn entweder voller Freed eriwwer gejauft, ganz ouni Angscht viru Kontrollen, oder et huet ee mat immenser Virsiicht an am Auto geduckt – d’Plack gesäit ee jo schliisslech net – bei déi däitsch Nopere iwwergesat. Sief et fir anzekafen, Frënn a Famill erëm ze gesinn oder einfach dovunner ze profitéieren, nees an engem Restaurant iessen, respektiv op enger Terrasse eppes drénken ze kënnen, et ginn divers Grënn, wisou de Lëtzebuerger in die Deutsche Lande well.

Et ass dobäi vu Virdeel sech virum Depart emol d’Reegelen zum Verhalen wärend der aktueller Pandemie unzekucken. Fir déi ganz Bundesregierung gëllt zënter dem 6. Mee, datt déi sozial Distanz nach bis de 5. Juni verlängert gi sinn, wat dann heescht, datt sech just Persounen aus zwee verschidde Menagen treffen dierfen.

Den Ofstand muss gehale ginn an och d’Hygiènesmesuren, also Maskeflicht a bestëmmten ëffentleche Beräicher, beim Akafen an am ëffentlechen Transport, musse befollegt ginn. Zu gudder Lescht si grouss Evenementer bis den 31. August verbueden. Fir all aner Punkten an Detailer (Schoulen, Gastronomie, kulturell Offeren, Besich a Spideeler, kleng Evenementer,…) gëtt jee no Bundesland decidéiert, wéi eng Moossnamen ergraff ginn.

Gastronomie

© Victor He / Unsplash

D’Beispill Nordrhein-Westfalen

Kuckt ee sech d’Moossname vun NRW un, esou huet dëst Bundesland eng einfach Galerie designt, fir déi wichtegst Fakten ze erklären. Ënnert anerem ass hei d’Picknicken am ëffentleche Raum nees erlaabt, grillen awer net. Zënter dem 11. Mee hunn och nees Fitnessstudioen , Danzschoulen a Sportshalen op, Schwämmen (Freibäder, awer keng sougenannt Spaßbäder) hunn um 20. Mee, ënnert bestëmmte Reegelen nees dierfe Gäscht begréissen.

Zënter dem 11. Mee si beispillsweis och kleng Concerten erëm erlaabt an Enn dës Mounts dierfen och Theateren, Operen, Concertsgebaier an Kinoen nozéien. Muséeën,, Ausstellungen, Galerien, Schlässer, Buergen an aner Ariichtungen, sou wéi zoologesch a botanesch Gäert, Déieren- a Landschaftsparken hunn op.

Gastronomie

Ma, wëll een gemitterlech op eng Terrasse eppes drénken, respektiv an de Restaurant iesse goen, dann ass een hei richteg. Méi wéi 90 % vun de gastronomesche Betriber hunn nees op. Mee wéi huet ee sech do ugestallt?

Fräiraum bedeit Eegeverantwortung

Wärend zu Lëtzebuerg de gastronomesche Secteur nach ëmmer seng Aktivitéiten net ophuelen dierf, profitéieren d’Caféeën a Restaurante an NRW vum gudde Wieder. Net nëmmen d’Besëtzer an d’Personal vun de verschidden Etablissementer wiere frou, hire Betrib nees opmaachen ze dierfen, och d’Bevëlkerung géif sech iwweraus glécklech schätzen e bëssi Gesellegkeet zeréckzekréien a mat senge Léifsten zesummenzesetzen, och wann dëst dann mat Aschränkunge verbonnen ass.

Fir NRW gëllt beim Besuch vun engem Restaurant oder Café, datt wa méiglech reservéiert gëtt fir ee Réckstau u Gäscht ze vermeiden. Seng Plaz kritt een zougewisen, eng Mask unzehunn a sech d’Hänn ze desinfizéieren (Desinfektiounsmëttel gëtt zur Verfügung gestallt) ass ubruecht. Ënnert anerem dierf och just direkt um Teller zerwéiert, a kee Buffet offréiert ginn.

Gastronomie

Wat een awer bedenke soll, wann een auswäerts eppes drénken an iesse geet ass, datt Daten zur eegener Persoun gesammelt ginn. All Etablissement ass dozou verflicht d’Kontaktdaten an d’Openthaltsdauer vu senge Gäscht genee noverfollegen ze kënnen. Dës Date gi ganz konform op Grondlag vum Art.6 Ofsaz 1 S.1 lit. c., Abs. 3 vun der Dateschutz-Grondveruerdnung gesammelt. Wie sech net androe wëll, dee muss leider dobausse bleiwen.

Kéint Lëtzebuerg sech och ee Beispill un den däitschen Noperen huelen an esou d’Gastronomie nees un d’Rulle bréngen? E wichtege Schrëtt wier et op alle Fall. Zeene, wéi hei zu Köln missten allerdéngsvermeit ginn.

Gastronomie

Opmaacherbild: © Toa Heftiba / Unsplash

Ähnlech Sujeten Café, Däitschland, Dateschutz, Deconfinement, Gastronomie, HORESCA, Hygiènesmesuren, Kontaktdaten, Mondschutz, Nordrhein-Westfalen, NRW, Ofstand, Oppe Grenzen, Pandemie, Restaurant, Schutzmask
Nächsten Artikel Virrechten Artikel