Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ungarn: Nei Gesetzer zu Aarbechtszäit a Justiz
International Neiegkeeten

Ungarn: Nei Gesetzer zu Aarbechtszäit a Justiz

Am ungaresche Parlament sinn e Mëttwoch déi kontroverséiert Gesetzprojeten zu

surprise
Den OGBL verlaangt eng Drénglechkeetssëtzung mam Romain Schneider
International Neiegkeeten

Den OGBL verlaangt eng Drénglechkeetssëtzung mam Romain Schneider

Um 30. Januar hat de Sozialversécherungsminister Romain Schneider d‘Prioritéite vun

Beim parlamentaresche Bilan vun der ADR kënnt d‘Regierung net gutt ewech
International Neiegkeeten

Beim parlamentaresche Bilan vun der ADR kënnt d‘Regierung net gutt ewech

Wéi de Freideg d‘ADR hire parlamentaresche Bilan virgeluecht huet, ass

Gault&Millau presentéiert de Guide des Chocolatiers

Gault&Millau presentéiert de Guide des Chocolatiers

Fir déi drëtte Kéier proposéiert de Gault&Millau eng exklusiv Selektioun vun de beschte Chocolatieren a sengem neie Guide. Dëst Joer goufe, fir eng aller éischt Kéier, och déi talentéiertst Lëtzebuerger ausgewielt.

Den 9. Oktober 2018 huet de Gault&Millau, zesumme mat seng Partnere vum Projet, Chocolatieren, d’Press a Spezialiste vun der Callebaut Chocolate Academs fir d’Presentatioun vum Guide „Gault&Millau Selection of the Finest Chocolatiers in Belgium an d’ Luxembourg“invitéiert.

D’Belsch gehéiert zur weltwäiter Elite vun der Kichen, mam Schockela als Markenzeeche fir Stied wéi Bréissel oder Brügge. D’Unzuel un artisanale Chocolaterië steigt ëmmer weider, a soumat och d’Schwieregkeet vum Jury hei déi bescht Kandidate fir de Guide eraus ze sichen.

Gulat&Millau

D’Wiel war enorm schwéier

Et war eng länger Prozedur fir d’Selektioun ze maachen. Fir „Crème de la Crème“ ze ermëttele waren deels ustrengend Degustatiounen néideg. D’Bewäertungen hunn sech heibäi op visuell a geschmaachlech Charakteristike bezunn.

Vun 140 Adressen hunn 73 Chocolatieren et an de Guide gepackt a representéieren 120 Boutiquen. Zum Vergläich fënnt een elo 25 weider Adressen méi wéi an der éischter Editioun.

Chocolatier of the Year

Dräi Chocolatiere konnten sech duerch hir exzellent Kreatiounen den Titel „Chocolatier of the Year“ erkämpfen. Dëst Joer sinn d’Gewënner di folgend:

De Guide vun de Chocolatieren 2019 zielt 52 Säiten a kascht 9,95 € am Shop. Déi komplett Selektioun fënnt een um Site an op www.chocolatierpatissier.be. Fir méi Infformatiounen kënnt Dir Iech u folgend Adress wennen:

Marc Declerck
(+32) 475 78 24 21
marc@gaultmillau.be

Ähnlech Sujeten Bréissel, Flandern, Gault&Millau, Gault&Millau Selection of the Finest Chocolatiers in Belgium an d' Luxembourg, Lëtzebuerg, Schockela, Wallonie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel