Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
En Auswee aus der Nordkorea-Kris gëtt ëmmer méi schwéier
International Neiegkeeten

En Auswee aus der Nordkorea-Kris gëtt ëmmer méi schwéier

Mir mussen den Drock erhéijen. Dat schéngt d’Taktik ze sinn,

Weess du, wat déi Saachen hei heeschen?
International Neiegkeeten

Weess du, wat déi Saachen hei heeschen?

D’Lëtzebuergesch Sprooch ass eng räich Sprooch. Dat vergësst een heiansdo

Sport, Spill a Spaass um Escher Gaalgebierg
International Neiegkeeten

Sport, Spill a Spaass um Escher Gaalgebierg

Dat traditionellt Sportsfest fir Grouss a Kleng fënnt dëse Sonndeg,

Verbuede „Gay Pride“ zu Istanbul mat massivem Policeasaz verhënnert

Verbuede „Gay Pride“ zu Istanbul mat massivem Policeasaz verhënnert

Während d‘LGBT-Communautéit villeruerts op der Welt fir hir Rechter friddlech demonstréiere kann, gëtt se zu Istanbul vun der Police gejot. Et ass dat fënneft Joer a folleg, datt d‘Autoritéite d‘Gay Pride Parad verbueden hat.

Ronderëm d‘Taksim-Plaz – am Zentrum vun der tierkescher Metropol – ass d‘Police geziilt a massiv, mat Tréinegas a Knëppele géint d‘Participante vun der Gay Pride virgaangen. Laut de Berichter déi sech an de sozialen Netzwierker noliese loossen, wieren och Waasserwerfer opgestallt ginn an deels hätten d‘Sécherheetskräfte Gummiskugele géint d‘Demonstranten agesat.

Istanbul

Iert d‘Police handgräiflech ginn ass, haten Aktivisten eng Erklärung virgelies, an där si Kritik um widderhuelte Verbuet geäussert hunn. D‘Autoritéiten hätten zudeem keng vun deenen anere virgeschloe Plazen, op deenen d‘Gay Pride hätt stattfanne kënnen, zougelooss. Eng ëffentlech Kundgebung am Quartier Bakirköy, war gläichfalls ënnersot ginn. Heifir gouf et en Argument…

Istanbul

© Ozkan Arslan/DHA

Esou hunn d‘Autoritéiten d‘Parad an d‘Kundgebung verbueden, well déi eng „Gefor fir déi ëffentlech Sécherheet“ an zudeem eng „Gefor fir d‘Volléksgesondheet“ géif duerstellen. Dat selwecht Argument ass och zu Izmir an Antalya benotzt ginn. 2014 hat et déi lescht „geneemegt“ Parad ginn, deemools hate wäit iwwer 100.000 Mënschen un der Demonstratioun deelgeholl.

Istanbul

Elif Özturk/Anadolu Ajansi

Säit de Recep Tayyip Erdogan d‘Muecht iwwerholl huet, spillt déi sexuell Ausriichtung an der Gesellschaft nees eng gréisser Roll. Den tierkesche President, dee Schwuler a Lesben fir eng Bedreeung vum gesellschaftleche Liewen hält, well esou „Biller“ net gesinn. Esou sinn déi agesate Gouverneuren, déi d‘Geneemegung solle ginn, gehalen all Manifestatioun ze verbidden.

mat indymedia/vie/tlv

Foto: © Louis Fishman (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Gay Pride, Istanbul, Police, Tréinegas, Waasserwerfer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel