Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg huet ze vill Gemengen – muss méi Drock gemaach gi, fir Fusiounen ze maachen?
best online dating apps sydney

Lëtzebuerg huet ze vill Gemengen – muss méi Drock gemaach gi, fir Fusiounen ze maachen?

Eng TNS-Iléres Ëmfro vum RTL huet elo erginn, datt ganzer

https://moien.lu/single-guy-dating-a-single-mom/
best online dating apps sydney

https://moien.lu/free-soweto-dating-site/

D’Campagne “Krieg beginnt hier” an dat interregionaalt Friddensnetzwierk “QuattroPax” ruffen den

25 Joer SOS Faim – De Kampf muss weidergefouert ginn
best online dating apps sydney

25 Joer SOS Faim – De Kampf muss weidergefouert ginn

1993 gegrënnt, ënnerstëtzt déi lëtzebuergesch ONG SOS Faim, eng nohalteg

GayMat: Zesumme si mer méi staark

Et gëtt a Punkto Akzeptanz nach vill ze maachen

GayMat: Zesumme si mer méi staark

Fir déi 18. Editioun vun GayMat an déi fënneft „Marche de l’Egalité“ haten sech nees honnerte Leit zu Esch Uelzecht afonnt. E grousse Moment, dee vum Wieder beschtens profitéiert huet. A mat Ausnam vum ADR waren all politesch Parteie beim Evenement präsent.

Organiséiert vun der Asbl Rosa Lëtzebuerg, war et eng laang Woch mat villen Animatiounen, Ronndëschgespréicher an enger Ausstellung. Mam grousse Fest op der Stadhausplaz huet de GayMat en erfollegräichen Ofschloss fonnt. Ënnert dem Motto „Stand Together“ huet d’LGBTI-Communautéit net nëmmen op hir Rechter higewisen. Si maachen sech Staark géint all Form vun Diskriminatioun, wou se och ëmmer stattfënnt. Ganz besonnesch um Häerze läit hinnen d’Schicksal vun de Schwulen a Lesben an Tschetschenien.

All anescht, all D’Selwecht

Der Buergermeeschtesch vun Esch war et bei dësem mëttlerweil traditionelle Volleksfest, dann och wichteg op ee puer Saachen hinzeweisen. „Dat wat haut op dëser Plaz lass ass, representéiert dat wat all Dag zu Esch gelieft gëtt“, ënnersträicht d’Vera Spautz (LSAP) an senger Ried.

Foto: Martine de la Gardère

Mer wieren all anescht an all d’Selwecht, wat sech net zulescht positiv op de Mouvement auswierkt. Den Ëmzuch gëtt all Joer méi grouss an et wier flott gewiescht ze gesinn, datt dëst Joer sech och d’US-Demokraten (Democrates Abroad) ugeschloss hunn.

Zesummestoen ass an der haideger Welt esou wichteg wéi ni

Vera Spautz, Buergermeeschtesch vun Esch/Uelzecht

„Zesummestoen ass an der haideger Welt esou wichteg wéi ni“, seet d’Vera Spautz am Zesummenhang mat de schlëmmen Ereegnesser déi den Ament an Tschetschenien vir sech ginn. Et wier nach wäit dovunner ewech, iwwerall op der Welt en Urecht op seng sexuell Ausriichtung ze hunn.

D’Gefor geet vun deenen aus déi et net besser wëssen

Esou gëtt et engem da kloer, datt nach vill Aarbecht an ee beschwéierleche Wee virun engem läit, iert d’Mënsche verstinn, datt seng sexuell Orientatioun net wielt, mee déi ugebuer ass. „Et dierf een ee Mënsch net no senger Ethnie, reliéiser an/oder sexueller Orientatioun jugéieren“, esou d’Buergermeeschtesch weider.

Foto: Martine de la Gardère

Foto: Martine de la Gardère

D’Ignoranz ass d’Quell vun allem Iwwel an dowéinst mëscht eng Gay Pride och Sënn. Se ass néideg fir ënner Beweis ze stellen, datt mer all Mënsche sinn an een Usproch op en eegent d’Liewen hunn. Ee Wiessel an der Mentalitéit muss zur Grondlag vun engem gesonde Versteesdemech ginn.

Datt 1967, Groussbritannien seng Gesetzer verännert huet an d’Homosexualitéit net méi bestrooft gi sinn, war ee grousse Schratt. Et huet awer nach bis 2017 gedauert, iert sech London offiziell bei den Affer entschëllegt huet. Ee Geste, déi Beispillsweis fir den Oscar Wilde ze spéit komm ass. Et dierf een et net méi esou wäit komme loossen

All Dag am Asaz

Vir d’Asbl Rosa Lëtzebuerg ass et dann och net domadder gedoen, all Joer ee fest ze organiséieren. Nee et muss sech all Dag op ee neits agesat ginn. Eng Aarbecht déi awer hir Friichten dréit, och, wa wéi gesot, nach ee laangen a beschwéierleche Wee ze goen ass.

Gaymat

Foto: Martine de la Gardère

An deem Sënn ass dann och de Projet „Refugees Welcome“ entstanen. Och ënnert de Refugiéë befannen sech Leit déi schwul oder lesbesch sinn. Déi hunn mat nach gréissere Problemer ze kämpfen, wëll se net nëmme wéinst hirem Flüchtlingsstatut vun der Gesellschaft ofgeleent ginn. Si mussen sech och nach an den eegene Reie géint villes erwieren.

Rosa Lëtzebuerg huet also wéi een hei dierf feststellen, genuch ze dinn. Hei am Land ass et wuel – och wéinst dem politesche Wëlle – besser ginn. Et stinn och nach Gesetzer aus, déi awer ouni Problem an der Chamber missten den erwaarten Zousproch kréien. Mir kommen also virun – an op mannst dat war um Samschdeg eng ganz gutt Nouvelle!

Ähnlech Sujeten LGBT, Rosa Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel