Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘USA wëlle Russland nei Sanktiounen imposéieren
International Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-sodapop-would-include/

Nodeems Moskau den Delai versträiche gelooss huet, ouni déi vu

infp dating advice
International Neiegkeeten

Méi Congé a Fräizäit fir d‘Bierger a Biergerinnen

E Mount nom Untrëtt vun de neier Regierung, schaaft d‘Dräierkoalitioun

Kalifornien ass duerchgerëselt ginn
International Neiegkeeten

Kalifornien ass duerchgerëselt ginn

En Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 6,4 op der Richterskala,

Gaza: Déidleche Joresdag

Beim Protest „Eng-Millioun-Marsch“ koum et zur Ausenanersetzung mat der israelescher Arméi

Gaza: Déidleche Joresdag

Beim Joresdag vun de wëchentlechen Demonstratioun op der Grenz tëscht Gaza an Israel, ass selbstverständlech demonstréiert ginn, a genee esou selbstverständlech ass et nees zur Uwennung vu Gewalt komm. Bei Zesummestéiss mat der Arméi si Jugendlecher zu Dout komm…

Zu Dausenden haten sech d‘Palestinenser an der Gazasträif un der Grenz zu Israel versammelt, an de Bilan dee vun der Hamas geleete Regierung virgeluecht gëtt ass bedenklech. Dräi 17 järeger an een 20 Joer jonke Mann si bei Konfrontatioune mat den Zaldote vun Tsahal erschoss ginn. Ee vun den Doudesfäll war schonn e Freideg notéiert ginn. Laut dem Gesondheetsministère wieren alles an allem 316 Mënsche blesséiert ginn, dovunner 64 déi Schossverletzungen opweisen.

Joresdag

Sanitäter evakuéieren déi blesséiert Demonstrante mat einfachste Mëttel. © AJ

Déi israelesch Autoritéiten hu matgedeelt, datt d‘Arméi vu ronn 40.000 Demonstranten ausgaangen ass déi sech un de Protester bedeelegt hätten. D‘Zaldoten si vu Randaléierer mat Steng beworf ginn, an et wiere Granaten a Sprengsätz op de Sécherheetszonk geworf ginn. Carcasse vu Pneue goufen a Brand gestach, an d‘Demonstrante wiere geféierlech no un d‘Grenz erugetrueden. Fir de Protest opzeléisen hunn d‘Zaldoten Tréinegas agesat, mee och „echt“ Munitioun ass verschoss ginn.

Aflossräich a Radikal: d‘Hamas

Zum Protest ënnert dem Motto „Eng-Millioun-Marsch“ hat déi radikalislamesch Hamas opgeruff, a mat dëser Aktioun sollt un den Ufank vun den Demonstratioune beim Grenzzonk, virun engem Joer erënnert ginn. Déi israelesch Autoritéiten haten d‘Awunner vu Gaza opgefuerdert, sech mindestens 300 Meter vun der grenz ewechzehalen. Laut der Hamas hätten sech „déi mécht“ Demonstranten och un dës Uweisung gehalen, an d‘Konfrontatioune wiere Provokatioune vun der Arméi geschëlt.

Joresdag

An der Gazasträif waren iwwerdeems all d‘Geschäfter zou bliwwen… D‘Organisateure vun den Demonstratiounen hunn dann och annoncéiert, datt de wëchentleche Protest wäert weidergefouert ginn, bis all d‘Ziler erreecht sinn. Eng vun den Haaptfuerderungen: d‘Recht op de Retour an déi Gebidder déi haut Israel zougerechent ginn. Wa gewosst ass, datt dës Demonstratiounen ëmmer op hefteg Géigewier stoussen, muss mat weideren Doudegen a Verletzte gerechent ginn.

Joresdag

Protester um Grenzzonk zu Israel ginn ëmmer vu Gewalt begleet, wat ugesiichts de Moyenen op där enger an anerer Säit, zu de bekannte Konsequenze féiert. © AJ

D‘Palestinenser gedenken um 30. Mäerz dem „Dag vum Buedem“. Heimatter gëtt op déi 1976 getätegt Enteegnungen an den Dout vu sechs Mënschen higewisen, déi zu Sachnin vun der israelescher Police erschoss gi waren. Déi sechs hate géint d‘Beschlagnahmung vun hire Lännereie protestéiert. Iwwert d‘Joer 2018, si laut enger Aktivistegrupp 196 Palestinenser – dorënner 41 Mannerjäreger – gestuerwen, dausende wieren duerch Schosswaffe verletzt ginn.

indymedia/tlv

Foto: Zwee 17 Joer jonk Palestinenser si beim Protest „Eng-Millioun-marsch“ erschoss ginn, eng Rei weider Persoune sinn duerch Schrapnell an/oder Tréinegas blesséiert ginn. D‘Demonstrante fierdern en Enn vun der Belagerung. © AJ

Ähnlech Sujeten Eng Millioun Marsch, Gaza, Great March of Return, Isarel, Protest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel