Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Wat leeft dann hei? De Baachequiz!
International Neiegkeeten

Wat leeft dann hei? De Baachequiz!

No eisem Flossquiz hu mer eis decidéiert, datt eis Baachen

D‘CGFP hëlt d‘Regierung an d‘Flicht
International Neiegkeeten

D‘CGFP hëlt d‘Regierung an d‘Flicht

Net méi spéit wéi de 15. Juni haten sech CGFP

Nofolleg vum „Jott Zé Jott“ suergt fir vill Gespréich an de Kulisse vu Bréissel
International Neiegkeeten

Nofolleg vum „Jott Zé Jott“ suergt fir vill Gespréich an de Kulisse vu Bréissel

D‘Mandat vum Jean-Claude Juncker als President vun der EU-Kommissioun geet

GDPR: Bréissel dréit nach emol un der Schrauf vum Dateschutz

GDPR: Bréissel dréit nach emol un der Schrauf vum Dateschutz

Ab dem 25. Mee huet Europa e neit Reglement, mat deem, esou zumindest de Wonsch vun den Technokraten, d‘Bierger nees d‘Kontroll iwwert hir Daten zeréckerhale sollen. Si gesinn sech, wéinst dem rezente Skandal bei Facebook, an hirem Aktionismus bestätegt.

Mam GDPR (generell Dateschutzreglementéierung) ginn nei individuell Rechter geschafe respektiv, bestoend Rechter gestäerkt. Den Entreprise gi strikt Verflichtungen operluecht, wann si Date vun hire Clienten oder Salariéeën aus der EU sammelen oder stockéieren. Egal wou se hire Sëtz hunn.

Onlinehandel, Banken, oder ëffentlech Institutioune mussen sech dem GDPR ënnerwerfen, soss kann et deier ginn, richteg deier. De „richtegen Ëmgang mat Daten“ esou wéi dat vu Facebook, Google oder Twitter verlaangt gëtt – fir déi perséinlech Date Boergeld duerstellen – kënnt also?

„Et sinn är Daten, iwwerhuelt d‘Kontroll“ heescht et säitens der EU-Kommissioun an engem „Bierger-Guide“ deen eng ganz Lëscht vu Virdeeler vum GDPR Opweises huet, mat deenen de Mëssbrauch, de Déifstall oder déi onzoulässeg Notzung, soll verhënnert ginn.

Wéi wichteg Dateschutz ass, weist de Beispill vu Cambridge Analytica (déi elo, no erkläerter Faillite, „Emerdata“ heeschen) wou sech iwwer Facebook un d‘Date vu Milliounen Notzer erugemaach huet. CA hätt domatter de Presidente-Wahlkampf an den USA beaflosst.

A Bréissel fënnt de Virfall gutt. „Wann ech eng offiziell Campagne zum GDPR hätt wëlle lancéieren, wier mir dat ni esou gutt gelonge wéi Facebook“, mengt d‘EU-Kommissärin fir Justiz, Vera Jourova. De Skandal hat opgewisen, datt mir eis an engem Datendschungel befannen.

International Standarde gefuerdert

„De leschte Skandal huet däitlech gemaach, datt den Internet mat all senge Servicer, zu engem Dschungel verkomm ass, an deem mir eis alleguerte verléieren“, esou d‘Vera Jourova, déi zefridde feststellt, datt d‘Demarche vun der EU och an den USA op Zousproch stéisst.

Op d‘Amerikaner elo en éierlechen Interessi hunn international Standarden anzeféieren, ass net sécher. Mee „d‘Vertrauen ass en Imperativ, et brauch ee Jore fir dat opzebauen, an nëmme Sekonne fir et ze zerstéieren. Traureg, mee déi digital Giganten hunn d‘Lektioun séier verstanen“, betount d‘Viviane Reding (CSV / PPE)

„Zum Gléck hu mir Europäer déi richteg Gesetzer geschafe fir d‘Vertrauen nees zréckzegewannen“, felicitéiert sech déi lëtzebuergesch Europadeputéiert, déi schonn 2012 de GDPR op den Dësch geluecht hat. Si war deemools op de Widderstand vun de Lobbyisten an de Länner gestouss.

A senger Ried vum 10. Mee an Däitschland, huet de franséische President Emmanuel Macron de couragéierte Choix vum EU-Reglement begréisst. Et wier e wichtege Stee vum Gebai vun der „numerescher Souveränitéit“ mat deem e sech enger muechtvoller Industrie géinteniwwer stellt.

D‘Reegelen, déi de 25. Mee a Kraaft triede ware schonn 2016 ugeholl ginn, mee et war de Memberlänner eng Transitiounszäit vun zwee Joer zougestane ginn, fir d‘Reglement am nationale Recht ënnerzebréngen. Och d‘Wirtschaft huet Zäit gebraucht, sech op de GDPR anzestellen.

D‘Recht ze „wëssen“

Am Reglement ass enthalen, d‘Recht fir d‘Bierger „ze wësse wien mat wellechem Zil hir Date verschafft“. Et ass och festgehale ginn, datt de Bierger elo d‘Recht huet sech „net behandelen“ ze loossen, dat ganz besonnesch am Kontext vun der kommerzieller Prospektioun.

De GDPR detailléiert d‘Konditioune fir d‘Läschung (d‘Recht op Vergiessen) vun de gespäicherten Daten. Et ass esouguer virgesinn, datt d‘Notzer „mussen“ informéiert ginn, falls et en net autoriséierten Zougrëff op hir Date ginn huet.

Ganz kloer Moossname gi fir de Gebrauch vun Donnéeë vu Kanner ergraff. Hei mussen d‘Eltere vu Kanner am Alter bis 13 – 16 Joer (je no Land) d‘Erlaabnes erdeelen, iert eng Entreprise se iwwerhaapt encodéieren dierf. A fir wien sech dorunner hält kann et deier ginn.

Wie géint de GDPR verstéisst, muss mat Sanktioune rechnen. Dat ka bis zu 20 Milliounen Euro, oder 4% vum globale Joresëmsaz ausmaachen. Bréissel ass awer der Meenung, datt déi nei Moossname gutt fir d‘Entreprise sinn, well se nees d‘Vertraue vum Konsument hierstellt.

Net esou gutt dann awer de Constat, datt eng ganz Rei Länner net bis zum 25. Mee fäerdeg ginn. Op Mannst 8 Länner hunn hir Legislatioun nach net ugepasst. Dat suergt fir Onsécherheet, a gëtt vum Vera Jourova bedauert. Si gesäit hei awer kee Widderstand, éischter Noléissegkeet.

Bei deene „groussen“ ass e scho säit Wochen am gaangen d‘Konditioune fir d‘Notzung ze veränneren – déi natierlech och nees kee Mënsch gelies huet – an gesäit och an der Uwennung vum GDPR kee Problem, just méi Aarbecht.

Et ass dann och bei de klengen a mëttelstännege Betriber, awer och de Gemengen, wou déi zousätzlech Bürokratie an d‘Angscht viru Sanktiounen am gréissten ass. Déi kleng Strukture mussen sech op eppes astellen, fir dat si net d‘Moyenen hunn.

Fir dës Lacune ze fëllen, stinn da spezialiséiert Affekoten-Etüden zur Verfügung, wat op e neits zu enger wirtschaftlecher Belaaschtung, besonnesch fir déi kleng Entreprise a Gemenge, féiere wäert. Am Moment werft den GDPR méi Froen op, wéi e Léisungen ubitt.

mam Cédric Simon/AFP

Ähnlech Sujeten Dateschutz, Europa, GDPR, Vera Jourova
Nächsten Artikel Virrechten Artikel