Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Proppert Waasser: Sécherheet ass wichteg an huet e Präisschëld ëmhänken
Neiegkeeten

Proppert Waasser: Sécherheet ass wichteg an huet e Präisschëld ëmhänken

No engem Feier an der Industriezon zu Suessem war Läschwaasser

Flash-COVID N°2: Drogekonsum wärend der Pandemie
Neiegkeeten

Flash-COVID N°2: Drogekonsum wärend der Pandemie

Déi zweet Editioun vu Flash-COVID beschäftegt sech mat der Situatioun

Elektronesche Patientendossier – Nach vill oppe Froen
Neiegkeeten

Elektronesche Patientendossier – Nach vill oppe Froen

Vill Bierger kruten an der rezenter Vergaangenheet ee Bréif zum

D’Handelskummer verlaangt Flexibilitéit beim neien Dateschutz

Di nei Reegelungen suergen fir Kappzerbrieches

D’Handelskummer verlaangt Flexibilitéit beim neien Dateschutz

Elo wou Lëtzebuerg muss déi zwou Bréisseler Direktiven (UE/2016/680 & UE/2016/681), déi Privatpersounen e bessere Schutz vun hiren Daten an Donnéeë soll zousécheren, an nationaalt Recht muss ëmsetzen, ginn et naturgeméiss vill Organisatiounen, déi heizou der Regierung en Avis zoudroen.

Gewosst ass, datt dat europäescht Reglement zum Dateschutz (GDPR) de 25. Mee europawäit a Kraaft trëtt, wat elo schonn op ville Plaze vir eescht Kappzerbrieches suergt. Wann d‘Handelskummer elo dëst Reglement u sech begréisst, well et derzou kéint bäidroen d‘Vertrauen an d‘Entwécklung vun der digitaler Wirtschaft ze verbesseren, esou bedeit dëst Reglement awer och fir d‘Betriber eng zousätzlech Finanzlaascht.

An dësem Kontext weist d‘Handelskummer och drop hin, datt d‘Dispositiounen, déi aus dem Gesetzprojet 7184 zum Dateschutz (perséinlech Donnéeën) an déi zwee Projete fir groussherzoglech Reglementer, déi zum engem iwwert de Sëtz vun der CNPD, an zum aneren iwwert d‘Indemnitéite vu senge Membere befënnt, zäitgläich a Kraaft trieden.

Fir d‘Handelskummer stellt déi nei Reglementatioun e Paradigmewiessel duer, well Lëtzebuerg vun engem System, an deem et Prozedure fir d‘Umeldung an Geneemegunge ginn huet (ex ante) elo zu engem System iwwergeet, deen eng Kontroll virgesäit (ex post) woubäi de Prinzip vun der Verantwortlechkeet ugewannt gëtt. Anescht ausgedréckt: wie perséinlech Daten „behandelt“ oder perséinlech Daten am Optrag traitéiert gëtt haftbar.

Dat kann deier ginn

An hirem Avis geet d‘Handelskummer dann och méi prezis op d‘Dispositioune vum Gesetz an, déi de GDPR ëmsetzen. Wann also déi penal Sanktiounen, esou wei am modifizéierte Gesetz vum 2. August 2002 net méi am Gesetzprojet optauchen, wat natierlech begréisst gëtt, esou sinn schwéier finanziell Sanktioune virgesinn. Déi sollen dann och vu nationalen Autoritéite verhaange ginn.

Tatsächlech ass et esou, datt et laut dem GDPR administrativ Strofe ka ginn, déi bis zu 20 Milliounen Euro, oder am Fall vun enger Entreprise, bis zu 4% vum globalen Ëmsaz dierfen ausmaachen. Woubäi et den EU-Memberlänner fräi gestallt ass aner oder weider Sanktiounen anzeféieren.

Dat féiert dozou, datt ee sech op der Handelskummer d‘Fro stellt, vu dat laut Artikel 50 d‘CNPD d‘Autoritéit wier déi d‘Strof géif ausschwätzen, dës Dispositioun konform mam GDPR ass? Dat natierlech am Zesummenhang mat der Feststellung datt d‘Staaten aner Sanktiounen, wéi déi administrativ bestëmme kann, wann et entspriechend verschidde Violatioune gëtt.

Sech elo schonn der Schold bewosst

Well een an der Handelskummer iwwerzeegt schéngt, datt d‘Entreprisen dat mam Dateschutz net esou séier an de Grëff wäerte kréien, gëtt vun der CNPD verlaangt, „flexibel“ ze sinn, op mannst an den éischte Méint no Akraafttriede vum Reglement. Dat ass wuel keen Ageständnis, mee léisst de Schluss zou, datt een et mat den Donnéeën, besonnesch déi vun de Clienten, net ëmmer schéngt eescht geholl ze hunn.

Mee zu Lëtzebuerg ass een „entrepreneur friendly“ an dat kann dann och d‘Handelskummer begréissen. Esou huet Lëtzebuerg keng gréisser spezifesch Dispositiounen an den GDPR afléisse gelooss. Och d‘Gesetz selwer ass net iwwerluede ginn, esou dat d‘Konformitéit aus der Siicht vun den Entreprisë realistesch bleift. Et ass awer richteg, datt d‘Entreprisen, ugesicht den Ännerungen deenen si sech musse stellen, genuch Problemer wäerte begéinen. Ofgesi vun de Käschten déi de GDPR generéiert, dierf ee sech froen, wou se déi Leit sollen hierhuelen?

Zudeem fuerdert d‘Handelskummer d‘Ophiewe vun den Artikelen L. 261-1 an L. 261-2 vum Aarbechtsrecht, déi den Traitement vun de perséinlechen Daten am Zesummenhang mat der Iwwerwaachung vun de Salariéeën op der Aarbechtsplaz betreffen. Domatter soll all juristesch Onsécherheet vermidde ginn. Dat ass och richteg, well béid Gesetz-Artikel op dat modifizéiert Gesetz vum 2. August 2002 verweisen, wat jo duerch d‘EU-Reglement seng Gültegkeet verléiert.

Ähnlech Sujeten Dateschutz, GDPR, Handelskummer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel