Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gemeng Fréiseng: D‘CSV knoutert, Är Equipe behält d‘Rou
https://moien.lu/free-dating-sites-in-india-delhi/

Gemeng Fréiseng: D‘CSV knoutert, Är Equipe behält d‘Rou

Et war eng flott an ënnerhalent Gemengerotssëtzung déi engem zu

husband always on dating sites
https://moien.lu/free-dating-sites-in-india-delhi/

https://moien.lu/universoul-circus-hookup/

Vun der tierkescher Presidence gëtt matgedeelt, datt béid Presidenten, de

Pipo Peng: Dee Séiersten op der Welt
https://moien.lu/free-dating-sites-in-india-delhi/

Pipo Peng: Dee Séiersten op der Welt

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Stellt de GDPR d‘Presseaarbecht zu Lëtzebuerg a Fro?

Stellt de GDPR d‘Presseaarbecht zu Lëtzebuerg a Fro?

Ab dem 25. Mee trëtt de GDPR (General Data Protection Regulation) a Kraaft a och fir d‘Fotografen, egal op Amateur oder Beruffsfotograf, wäert sech Munches veränneren. D‘Virschrëften zu der Datespäicherung, zu deenen och déi digital Fotografie am Beräich vun der Publikatioun gehéiert, ginn zolidd verschäerft.

Vir ze verstoe wat do op eis duer kënnt, e puer Erklärungen: e méigleche Verstouss ass ëmmer da méiglech, wann „onbedeelegter“ op enger Foto „erkennbar“ sinn. Dat gëllt besonnesch bei Sports- an Eventfotoen. Laut dem GDPR misst een technesch gesinn, vun all Persoun déi um Bild ze erkennen ass, an net direkt mat Geschéien eppes ze dinn huet (domatter ass och de Spectateur gemengt), eng schrëftlech Zouso hunn, iert ee se dierf verëffentlechen.

Fir den Amateur dee beispillsweis eng Kanddaf oder Hochzäit fotograféiert, an wou déi Leit déi dës Fotoen am sozialen Netzwierk oppe verëffentlechen, misst all Invité him schrëftlech bescheinegen, datt si averstane sinn fotograféiert ze ginn, datt hien d‘Fotoe späicheren a verëffentlechen dierf. Sollt een dem Fotograf Schlechtes wëllen, kéinten him onmoosseg Geldstrofe bléien. Hei ass eng Rechtsonsécherheet agefloss, déi d‘Enn vun der Fotografie, esou wéi mir se kennen, bedeit.

Wat ass gemengt?

Bis ewell ass et esou, datt Fotoen (op Amateur, Profi oder Pressefotograf) déi am Kader vun ëffentleche Veranstaltunge gemaach ginn, a wou Persounen als sougenannt „Bäiwierk“ op der Foto sinn (zum Beispill d‘Spectateure vun engem Concert op der Kinnekswiss), ouni Awëllegung dierfe mat verëffentlecht ginn.

Mam GDPR gëllt all digital Foto als „Datenerhiewung“. Den Hannergrond heizou ass däitlech am Reglement beschriwwen: Digitalkameraen, Handyen oder ähnlech Apparater maachen haut net nëmme méi eng „Foto“, mee se späicheren eng helle Wull un zousätzlechen Daten. Auerzäit, GPS-Koordinaten a villes méi landen en der EXIF-Datei vum Bild.

EXIF steet fir „exchangeable image file format“ a sinn d‘Meta-Daten vun engem Bild. All Kamera, Smartphone an Tablett, späichert dës Date Standardméisseg of. Dat awer ass laut GDPR net zoulässeg, wat bedeit, datt zukünfteg nëmmen nach Persoune vun der Institutionaliséierter Press oder Medien, esou Biller maachen dierften, woubäi och hei de Kader kloer definéiert gëtt.

Laut GDPR geet et net méi duer „Korrespondent“ oder „fräie Mataarbechter“ (am Sënn wéi et zu Lëtzebuerg gehandhaabt gëtt) ze sinn. De Fotograf muss „Journalist“ sinn, esou wéi dat vum Presserot definéiert ass. Fräi Fotografen, Blogger oder Amateure mussen dann, wann eng Foto ëffentlech zougänglech ass, d‘Zoustëmmung vun alle Persounen déi am Bild sinn, kritt hunn.

Richteg hefteg ass dobäi, datt et irrelevant ass, op dat Bild jeemools verëffentlecht gëtt. Eleng d‘Opnam gemaach ze hunn, gëllt als Datenerhiewung an ënnerläit dem GDPR. Am Kloertext: d‘Fotograféiere vun enger Persoun stellt eng Erhiewung vu persounebezunnen Daten duer. Et ass ze erkenne wéi déi Persoun ausgesäit, wéi e Geschlecht, Alter, Rass se huet, a wou a wéini d‘Bild „opgeholl“ ginn ass. Laut GDPR ass dat e Verstouss géint de Schutz vum perséinleche Recht.

Net anzehalen

Dës GDPR-Fuerderung ass – wann ee sech eleng op d‘Presseaarbecht fokusséiert – schlicht an ergräifend net anzehalen, ausser et mécht ee (sech) kee Bild. Bleiwe mer emol beim Concert op der Kinnekswiss: ugeholl, de Pressefotograf huet vu jidderengem deen dohinner komm ass, eng schrëftlech Zouso, an awer reklaméiert herno een. Et ass „ëmmer“ de Fotograf deen de Beweis erbrénge muss, an och e frëndlecht Laachen an d‘Kamera déngt net als „Zouso“.

Richteg krass ass dann och de Passus, an deem festgeluecht ass, datt déi fotograféiert Persoun zu all Ament an ouni Begrënnung seng Awëllegung kann zréckzéien. An deem Fall gesäit et wuel esou aus, datt de Fotograf kee Schuedenersatz muss leeschten, mee d‘Bild muss geläscht an eng weider Verbreedung verhënnert ginn.

Elo gëtt et e puer Ausnahmen, déi dem Fotograf awer net wierklech weiderhëllefen. Analogfotografie (wann d‘Biller net digitaliséiert ginn) a Fotoen aus dem familiäre Krees, oder Biller vu verstuerwene Persoune sinn „erlaabt“. An dat ass dann och net fir ze laachen, well et ka richteg deier ginn. Konkret kënnen engem Fuerderunge bis zu 20 Milliounen Euro, oder 4% vum Joresëmsaz, gestallt ginn.

Alles hänkt vun der Regierung of

Iert elo jiddereen deen ouni ugemellt ze sinn (also ouni Pressekaart) fir eng Zeitung oder d‘Tëlee „Biller“ maache geet, sech onroueg Nuechten zouwennt, de GDPR ka vun all Memberstaat mat sougenannte „Öffnungsklauselen“ entschäerft ginn. A Schweden beispillsweis heescht et: „De GDPR esou wéi aner Dateschutzreglementer fann an deem Ëmfang, wou si géint d‘Presse- oder Meenungsfräiheet verstoussen, keng Uwennung“.

Leider ass Lëtzebuerg an dëser Hisiicht gären de leschten an der Klasse. Hei huet et nach kee Gesetz oder groussherzoglecht Reglement, dat onzoumuttbar Aschränkunge verhënnert. Mee et ass jo nach Zäit, an och wa keng zoustänneg Stell iwwerhaapt verstanen huet wat mir vun hinne gewollt hunn, iergendeen wäert sech schonn ëm dëse Problem këmmeren (oder och net).

Jiddereen, deen awer fir eng Zeitung oder soss e Medium schafft, sollt sech vun deem, deen him den Opdrag erdeelt (egal op en dofir bezuelt gëtt oder och net) mindestens e Schrëftstéck fuerderen, mat deem hie noweise kann, datt hien eppes wéi en „offiziellen“ Opdrag huet. Wann een en Affekot als Kolleg huet, kann et net schueden dësen ze froen. Woubäi, esou eis Feststellung, och bei den Affekote kaum een weess wéi et wierklech ausgesäit.

Ähnlech Sujeten Fotografie, GDPR, Pressefräiheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel