Akademesch Sëtzung: 100 Joer Demokratie fir d’Fraen zu Lëtzebuerg!
Am Kader vum 100. Gebuertsdag vum Fraewahlrecht zu Lëtzebuerg hat
Am Kader vum 100. Gebuertsdag vum Fraewahlrecht zu Lëtzebuerg hat
Beim aussergewéinleche Kongress vun de Konservativen ass d‘Regierungskoalitioun net geschount
No engem villverspriechende Joresufank, huet de Wuesstem um Versécherungssecteur am
D’Gebäerdesproochgemeinschaft besteet aus den Asbl’en Nëmmen Mat Eis!, Solidaritéit mat Gehéiergeschiedegten an Daaflux. Bei hire Beméiungen, déi sech elo schonn iwwert méi wéi 15 Joer zéien, war de gréissten Erfolleg déi gesetzlech Unerkennung vun der Gebäerdesprooch um 24. Juli 2018. Wou et soss konstruktiv Gespréicher goufen a gemeinsam Léisunge gesicht gi sinn, kommen elo ëmmer méi Chantieren op.
Mam oppene Bréif hofft d’Gemeinschaft nees beieneen ze fannen. Kritik gëtt et un e puer Plazen:
Méi Matsproocherecht a Matbestëmmung: D’Gemeinschaft kritiséiert, datt ze oft iwwer si geschwat an decidéiert gëtt, amplaz e gemeinsamt Gespréich ze sichen, mee net mat hinnen zesummen. Generell géife vill Entscheedungen iwwert Betraffener geholl ginn, ouni direkt no hire Besoinen ze froen oder Experten matanzebezéien.
Net genuch Transparenz: Als eenzeg spezialiséiert Schoul fir Schüler mat geschiedegtem Gehéier sollt et selbstverständlech sinn, datt de Centre de Logopédie mat der Gebäerdesproochgemeinschaft kommunizéiert. D’Realitéit gesäit awer esou aus, datt si weder um neiste Stand zu de Schüler gehalen, an et och keng Informatiounen zu Konzepter, Strategien a Methode ginn. Generell muss een ëmmer hannerfroen, wien fir wat zoustänneg fir uschléissend un eng Informatioun ze kommen.
Komplizéierte Pabeierkrom: D’Gemeinschaft fuerdert en einfachen an onbürokrateschen Zougang zu Gebäerdesproochdolmetscheren. Donieft gëtt no engem zentralen Zoustännegkeetsberäich verlaangt, amplaz d’Virgäng op méi Plazen ze verdeelen,sou datt d’Areeche vun Demande manner komplizéiert gëtt an och manner Zäit an Usproch hëlt.
Eng Zentral fir Gebäerdesproochdolmetscher fir Jiddwereen: Säit de Centre de Logopédie säin eegenen Dolmetscher huet, ass d’Gebäerdesproochgemeinschaft ageschränkt a kann net fir den alldeegleche Gebrauch einfach en Dolmetscher bestellen. Dofir fuerderen d’Memberen eng Zentral déi all Ufroen koordinéiert an d’Dolmetscher op de gewënscht Plaze verdeelt. Aktuell ginn et laang Waardezäite laang an e Manktem un Dolmetscher. D’Gemeinschaft ka sech mat senge Besoinen hannen an der Rei ustellen. „Dat ass befriemlech an net barrièrefräi“ heescht et am oppene Bréif.
Kee Gespréich mat de Betraffenen: Kritiséiert gëtt och, datt just iwwert en Dolmetscher diskutéiert gëtt. Seng Aarbecht gëtt geschat an dës Persoun kann op héijem Niveau Inhalter iwwersetzen. E Mënsch besteet awer och aus Gefiller a Bedierfnesser, déi och e forméierten Dolmetscher net representéiere kann. Et steet eigentlech all Betraffenem zou fir sech an d’Gemeinschaft schwätzen ze kënnen an dass ëm nogelauschtert gëtt. Verschidden Interessen muss de Betraffenen selbststänneg vertrieden, wouduerch méi oft den direkten Dialog gesicht sollt ginn.
Neutralitéit: Den Dolmetscher aus dem Centre de Logopédie kann duerch säin Aarbechtsverhältnis net neutral agéieren a fir d’Gemeinschaft schwätzen. Och den Direkter huet ze wéineg Kenntnisser iwwert déi reell Besoinen, an awer gëtt éischter mat Staatsbedéngschtetem geschwat wéi mat Betraffenen.
Just zesummen ass ee staark. Dofir fuerdert d’Gemeinschaft och d’Erausfuerderungen zesummen ze meeschteren an net laanschteneen ze schaffen.
De kompletten oppene Bréif mat weideren Detailer fannt Dir HEI.