Search

You may also like

Spärung am Rondpoint Irgäertchen ab e Freideg
Neiegkeeten

Spärung am Rondpoint Irgäertchen ab e Freideg

Am Kader vun den Erneierungsaarbechten am Rondpoint Irgäertche gëtt vu

OGBL: Globalverhandlunge vum ganzen ëffentleche Secteur
Neiegkeeten

OGBL: Globalverhandlunge vum ganzen ëffentleche Secteur

Um 11. Februar huet sech d’Delegatioun vum OGBL, zesumme mam

Den éischten Escape Room a Frankräich: op de Spure vun engem Rockstar
Neiegkeeten

Den éischten Escape Room a Frankräich: op de Spure vun engem Rockstar

Eng knapp véierel Stonn vu Metz ewech kann een an

Puer Freed: Gebuert vum Prënz Charles (Video-Message a Fotoen)

„Fir meng Fra a mech ass deen Dag natierlech ee vun de schéinsten Deeg, déi ee sech am Liewe vun Elteren kann erwaarden“, erkläert den Ierfgroussherzog a frësch gebakene Papp vum Prënz Charles am Video-Message. Um Sonndeg, den 10. Mee 2020 ass dat éischt Kand vun der ierfgroussherzoglecher Koppel fréi Moies op d’Welt komm.

Mat engem Gewiicht vun 3,190 kg an enger Gréisst vun 50 cm huet den Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume um 5:13 Auer an der Stater Maternité Grande-Duchesse Charlotte d’Liicht vun der Welt erbléckt. Fir de Prënz Guillaume ass et eng immens Freed dës Noriicht deelen ze kënnen.

Et sollt allerdéngs och eng schwéier Gebuert ginn. De Puppelchen huet per Kaiserschnëtt misse gebuer ginn, wouduerch d’Ierfgroussherzogin bis en Dënschdeg, respektiv e Mëttwoch am Spidol bleiwe muss. Fir d’Elteren deet sech awer elo eng nei Perspektiv op a si freeë sech hoffentlech geschwënn der ganzer Famill de klenge Prënz virstellen ze kënnen.

A Gedanken ass déi ierfgroussherzoglech Koppel bei alle Famillen, déi aktuell duerch d’Pandemie getrennt sinn.

De Prënz Charles hu S.A.R. de Groussherzog a S.A.R. d’Groussherzogin per Video-Konferenz kennegeléiert. An der Billergalerie uewen fannt Dir e puer Andréck zu dësem freedege Moment.

Fotoen © Cour grand-ducale / Sophie Margue
Video © Cour grand-ducale / FreelensTV

Related topics Cour Grand-Ducale, Elteren, Gebuert, Ierfgroussherzog Guillaume, Ierfgroussherzogin Stephanie, Maternité, Message, Pandemie, Prënz Charles, S.A.R. d'Groussherzogin Maria Teresa, S.A.R. de Groussherzog Henri, Video-Konferenz
Next post Previous post