Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – D’Ierfgroussherzogin Stéphanie huet Gebuertsdag!
Neiegkeeten

What the Fakt – D’Ierfgroussherzogin Stéphanie huet Gebuertsdag!

Um haitegen 18. Februar gëtt d’Ierfgroussherzogin Stéphanie vun Nassau 35.

„De Mann, deen ëmmer laacht“ vum Joseph Kayser
Neiegkeeten

„De Mann, deen ëmmer laacht“ vum Joseph Kayser

Firwat ass e Mënsch esou, wéi en ass? Genen, Erzéiung,

Eng nei Kinnigin fir d‘Mirabellen aus Loutrengen
Neiegkeeten

Eng nei Kinnigin fir d‘Mirabellen aus Loutrengen

Am Kader vum traditionelle Fest vun der Mirabelle zu Metz,

Et goufen iwwert 6.000 Gebuerten am leschte Joer – mee ëmmer manner pro Fra

Et goufen iwwert 6.000 Gebuerten am leschte Joer – mee ëmmer manner pro Fra

Den Taux vun de Gebuerte geet am Land weider erof: Mëttlerweil kommen op all Fra zu Lëtzebuerg 1,4 Gebuerten. Am Joer 2000 waren et der 1.78. Dobäi gëtt et zwar ëmmer nach en Ënnerscheed tëscht de Lëtzebuergerinnen (1,23) an Net-Lëtzebuergerinnen (1,60), mee d’Tendenz ass bei deenen zwee Gruppéierunge gläich.

Dëst ass eng vun de Konklusiounen, déi de Statec an hirer Etude zu de Gebuerte vum Joer 2016 getraff huet. Insgesamt goufen et 6.050 Gebuerten zu Lëtzebuerg, woubäi 103,5 Jongen op 100 Meedercher komm sinn. Eng Fluktuatioun, déi awer am normale Beräich läit. An engem Punkt hu mer zu Lëtzebuerg zougeluecht: Bei de Zwillings- an Drillingsgebuerten (Iwwert Drillingen si mer 2016 net eraus komm) si mer mëttlerweil op 2% erop (239 Gebuerten).

Kulturell Differenze maachen sech och bei den Nimm bemierkbar

Am Trend leien iwwregens och gewësse Nimm: Emma, Mia a Lara sinn déi beléiftste Nimm fir Meedercher, Gabriel, Luca an Noah fir d’Jongen. Bei de Lëtzebuerger Elteren ass iwwregens den Numm Emma un der Spëtzt, gefollegt vu Mia a Julie. Bei de Jongen ass et de Leo, de Ben an de Luca, déi sech déi éischt dräi Plazen deelen. Bei den Net-Lëtzebuerger sinn de Gabriel, David an Enzo déi beléiftsten Nimm bei de Jongen; bei de Meedercher sinn et Emma, Sofia a Lara.

Interessant ass d‘Evolutioun vun de Gebuertenzuelen bei Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger: Do schéngen sech d‘Niveauen sou lues zimlech staark uneneen unzegläichen. D‘Lëtzebuerger kommen 2016 op 10,1 Promille an d‘Net-Lëtzebuerger op 10,6 Promille. 2000 stoung et 10,6 zu 17,3 an 1990 bei 12,0 zu 15,3. Insgesamt muss festgehale ginn, datt d‘Zuel vun de Gebuerte bei de Lëtzebuerger zënter 2010 staark bäigeholl huet, woubäi de Statec analyséiert, datt dëst och mat der 2008er Reform vum Lëtzebuerger Nationalitéite Gesetz zesummen hänkt. Doduercher kritt all Kand, deem seng Elteren keng Lëtzebuerger sinn, mee op mannst een Elterendeel zu Lëtzebuerg gebuer ass, d‘Nationalitéit.

Ähnlech Sujeten EU, Lëtzebuerg, Populatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel