Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kollektivvertrag fir de Cactus: E laange Sträit gëtt bäigeluecht
Neiegkeeten

Kollektivvertrag fir de Cactus: E laange Sträit gëtt bäigeluecht

Et war net einfach, dofir laangwiereg an awer ass nees

Brasilien schaaft den Aarbechtsministère of
Neiegkeeten

Brasilien schaaft den Aarbechtsministère of

Wéi et en héije Responsabel vun der Exekutive, déi den

Wie kann eis Foussgängerzone retten?
Neiegkeeten

Wie kann eis Foussgängerzone retten?

Et kënnt engem bal vir, wéi wann d’Diskussioun all puer

Gebuertsdag emol anescht: „Mir dierfen net bei dech kommen, denken awer un dech!“

Gebuertsdag emol anescht: „Mir dierfen net bei dech kommen, denken awer un dech!“

Wann eppes gezwongenermoossen ausfält, muss ee sech eng Nei afale loossen. Elo wou Lëtzebuerg duerch den neiaartege Coronavirus vu Restriktiounen an Ausgangsspären gepräägt ass, gëllt et kreativ ze ginn. Ma, dat gëllt och, wann d’Bomi hiren 90. Gebuertsdag ofgeschiermt vun der Famill feiere muss. Dës häerzlech Aktioun beweist, datt grad elo originell Iddien d’Freed oprecht erhale kënnen.

Eigentlech sollten zu Réiden un der Attert Enn dës Mounts méi Gebuertsdeeg vun den Awunner, zesumme mat hire Léifsten, gläichzäiteg gefeiert ginn. Als besonnesch vulnerabel Persounen sinn d’Senioren elo vun der Baussewelt getrennt, d’Festivitéite sinn ofgesot. Dëse Fait konnt d’Duechter an de Jong vun der Bomi Yvonne awer net drun hënneren, hier fir dëse stolzen 90. Gebuertsdag ze gratuléieren.

Déi wéinegst Persounen am héijen Alter sinn a Saachen modern Technologien geüübt. Datt een de Grousselteren emol schnell iwwert Handy ee Message oder eng Foto schéckt, fält soumat ewech. Fir dem Gebuertsdagskand awer eng kleng Freed ze maachen, hunn d’Annette an den Erny hirer Mamm mat Schëlter, getrennt duerch eng Fënster, alles Guddes gewënscht.

Gebuertsdag

© Shari Pleimelding/moien.lu

Mat vill Häerz

D’Banneren mat der Opschrëft „Alles Guddes Mamm fir deng 90 Joer, déck Kussen!“ an „Pass op dech op! Wann de Virus besiegt ass,feieren mir däi Gebuertsdag no! Mir dierfen net bei dech kommen, denken awer un dech!“ hunn dobäi net nëmmen dem Gebuertsdagskand, mee alle Bewunner, déi mat hir um Dësch am Hall souzen, zu Tréine geréiert.

D’Nout mécht kreativ, kleng léif Gesten dinn grad elo der Séil gutt. Nodeems hannert a virun der Scheif fir de Gebuertsdag gesonge ginn ass, war d’Aktioun och schonn nees eriwwer. Déi glécklech Gesiichter säitens dem Gebuertsdagskand, den Awunner an den zwee kreative Käpp huet sech awer sécherlech nach eng Zäitche méi laang gehalen.

Gebuertsdag

© Shari Pleimelding/moien.lu

D’Awunner sinn informéiert

Wéi d’Personal vum Altersheem zu Réiden un der Attert spéider erkläert huet, suergt een dofir, datt d’Senioren zu all Ament d’Neiegkeeten zum Coronavirus gewuer ginn. D’Fernseher lafen an Dauerschläif, d’Zeitunge gi virgelies. Och fir d’Ënnerhalung vun den Awunner ass gesuergt: d’Offer un Atelieren ass erweidert ginn, dat beispillsweis duerch d’Bemole vu Blummendëppen, pünktlech zum Fréijoer.

An dësem Kader erënnere mir nach emol drun, datt zënter gëschter Owend zu Lëtzebuerg den Noutstand a Kraaft getrueden ass. De Message „bleift Doheem!“ sollt een elo ëmsou méi eescht huelen, d’Haus just am Eeschtfall verloossen (Aarbecht, Akafe goen, wichteg medezinesch Rendez-Vousen). Wie sech net un d’Reegelen hält, ka mat uergen Strofe rechnen.

Opmaacherfoto © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten 90. Gebuertsdag, Alles Guddes, Altersheim, Ausgangsspären, Bomi Yvonne, Coronavirus, Covid-19, Kreativitéit, Noriichten, vulnerabel Persounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel