Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

200 Joer Karl Marx: Amplaz ze feieren, gëtt sech gestridden
International Neiegkeeten

quebec dating sites

Däitschland gesäit sech als Land vun de Dichter an Denker,

https://moien.lu/what-is-a-good-online-dating-headline/
International Neiegkeeten

D‘ASTI militéiert fir en Zesummeliewen an d‘Integratioun

Lëtzebuerg ass multikulturell a säi Räichtum huet et virun allem

Informatiounsdeeg bei der Lëtzebuerger Arméi: 550 Schüler waren dobäi!
International Neiegkeeten

Informatiounsdeeg bei der Lëtzebuerger Arméi: 550 Schüler waren dobäi!

Tëscht dem 14. a 16. Mee huet d’Lëtzebuerger Arméi um Härebierg

Den US-Ausseminister verdeedegt geeschtegen Zoustand vum Trump

Den US-Ausseminister verdeedegt geeschtegen Zoustand vum Trump

No der Verëffentlechung vun engem Buch, dat sech mat de „Kulisse“ vum Wäissen haus beschäftegt a vum Donald Trump als „Brach“ ofgedoe ginn ass, huet sech de Rex Tillerson en häerz gefaasst an ass op d’Barrikade gaange fir de geeschtegen Zoustand vum US-President ze verdeedegen.

Dem Journalist Michel Wolff säi Buch „Fire and Fury: inside the Trump White House“ (ISBN 978-1-4087-1138-5 aktuell just op englesch ze kréien N.v.d.R.) ass zanter dem Freideg um Maart a verkeeft sech „wéi waarm Bréidercher“, esou zumindest d’Ausso vun Amazon. E Buch dat den Debat ronderëm d’Perséinlechkeet vum Donald Trump nees opliewen deet.

„Ech hunn ni säi geeschtegen Zoustand a Fro gestallt, ech hu kee Grond fir u sengem geeschtegen Zoustand ze zweiwelen“, esou de Rex Tillerson an engem Interview op CNN, leschte Freideg. „Hien ass net wéi déi fréier Presidenten“, betount den US-Ausseminister, deen net dementéiert huet, leschte Summer „privat“ de President als e „Mëllen“ bezeechent ze hunn. Seng Spriecherin hat et et awer gemaach…

Unhand villen Temoignagen – déi meescht Anonym a vum President als „fräi Erfonnt“ bezeechent – beschreift de Michael Wolff déi sëllechen Dysfonctionnementer vun der Exekutive an e Staatschef deen allergesch op Liesen ass. Oft géif deen sech schonn um hallwer siwen a säin Zëmmer zréckzéien, wou hie sech da sengen dräi Tëleeë géif zouwennen a vill uechter de „klenge Frëndeskrees“ telefonéieren.

Géigestand vun dëse Gespréicher wieren haaptsächlech Beschëllegungen a Behaaptungen: onéierlech Medien an de grousse Mangel u Loyalitéit vu senger Equipp. Seng ganz „Entourage géif sech Froe stellen op de Mann amstand wier ze regéieren“, esou den Auteur an engem Interview op NBC.

„Si soen hie wier wéi e Kand. Wat se domatter soe wëllen, ass, datt hien ëmmer direkt Satisfaktioun muss kréien. Alles dréint sech ëm hien (…) Hien ass wéi d’Boule vun engem Flipper, et geet of, an dat an all Richtung“, behaapt de Michael Wolff. Als Beispill ernimmt den Auteur de Fakt, datt den Donald Trump ëmmer déi selwecht Geschichten „dräi mol an zéng Minutten“ erzielt. Eng Tendenz déi een och bei ëffentlechen Optrëtter bemierkt hätt.

Elo ass déi Kritik géint den 71 järege Milliardär net wierklech nei, mee d’Buch fëllt de Requisitoire, deen 2015 a 2016 schonn d’Hillary Clinton an dem Trump seng republikanesch Géigner „ugeluecht“ hunn.

Ganz rezent hat de Senateur John McCain nach de President als „schlecht informéiert“ an „impulsiv“ bezeechent. De President vun der Aussenhandelskommissioun vum Senat, de Bob Corker, hat sengersäits dat Wäisst Haus als „Crèche fir Erwuessener“ genannt. „Ech weess aus sécherer Quell, datt et am Wäissen Haus all Dag d’Zil hien an der Gitt ze halen“, esou de Bob Corker am Oktober.

E beliesene Mënsch

Den Donald Trump ass natierlech ausser sech. Schrecklech rosen iwwert d’Ausschnëtter déi vun der Press genotzt ginn. Eng Press déi de Milliardär souwisou als „feindlech“ betruecht. No gewinntem Schema verdeedegt sech den US-President net ëffentlech, an och d’Spriecherin steet bausse vir.

Den Donald vertraut op Twitter an do konnt een e Freideg liesen: „Elo wou erwisen ass, datt d’Kollusioun mat Russland e Mäerchen ass, an datt déi eenzeg Kollusioun déi et ginn huet, tëscht dem Hillary Clinton an dem FBI/Russland, Medien – fake news – besteet. Domatter an elo och mat dësem Buch, gräifen se un alle Fronten un. Se sollte versichen eng Wal ze gewannen. Traureg!“.

Et ass d’Verdeedegung vu sengen Unhänger: de beschte Beweis vu senger Intelligenz ass, datt de Geschäftsmann, e Noviz an der Politik, sech géint d’Elite vun de Republikaner an den Demokrate bei de Presidentschaftswahlen duerchgesat huet.

Fir si weisen d’Medien e schlecht Bild vum Trump senger Reussite während dem éischte Joer un der Muecht: de Wuesstem, de niddrege Chômagetaux, de Succès am Kampf géint d’Organisatioun „Islamesche Staat“, d’Rekorder op der Bourse… „Komesch datt, esoubal den Donald Trump gewënnt, d’Medie sech un alles festhale wat anti-Trump ass (egal wéi kredibel et ass)…“, huet dem President säi Bouf an engem Tweet festgehalen.

Ënner den anere Veterane vun der Campagne, huet och de Brad Parscale vill Passagen aus dem Buch via Twitter dementéiert: „Falsch“, „verréckt“ … Zum Gedanken, datt de President net géif liesen, huet de fréieren Direkter vun der numerescher Campagne gesot: „Ech hunn den Donald Trump vill liese gesinn. Hien huet Kéip vun Dossiere ronderëm sech“.

Am Kongress ass d’Fro zum geeschtegen Zoustand vum Staatschef ëmmer manner en Tabu. Iwwert eng Dosen Demokraten (an ee Republikaner) hunn am Dezember eng Psychiaterin vun der Yale-Universitéit consultéiert. Déi freet sech ëffentlech wéi et mam President senger mentaler Gesondheet ausgesäit. Eppes wourop d’Spriecherin vum Wäissen Haus just „lächerlech“ äntwert.

Eegeluef deet och gutt

„Ugrëff ass déi beschte Verdeedegung“ muss sech den US-President gesot hunn, an huet um Samschdeg de Stéier mat den Haare gepaakt. „Während mengem ganze Liewen, ware meng mental Stabilitéit an de Fait immens intelligent ze sinn, meng zwee Atoute“, schreift den Donald Trump aus Camp David, wou hien sech mat de republikanesche Leader vum Kongress, zu informelle Gespréicher wëll treffen.

„Ech si vum ganz erfollegräiche Geschäftsmann zu engem Star op der Tëlee avancéiert a beim éischte Versuch President vun Amerika ginn. Ech mengen datt ee mech net nëmmen als gescheit bezeechne kann, mee als Genie… an e ganz stabille Genie“.

Dat ass emol eng Ausso, déi ee sech op der Zong sollt zergoe loossen. An tatsächlech ass ee net verréckt, nëmme well ee verréckt Saache seet oder mécht. Och muss een unerkennen, datt säin „Amercia First“ an den USA wierkt. Dergéintsetze kann een engersäits seng Aart a Weis ze kommunizéieren an och seng Aussepolitik.

mam Ivan Couronne/AFP

Foto: Dem Journalist Michael Wolff säi Buch „Fire and Fury: Inside the Trump White House“ ass um Maart an a ville Librairië längst ausverkaf. Op alles wat doranner „verrode“ gëtt stëmmt, ass net gewosst. Mee wéi heescht et am Volleksmond: „Keen Damp ouni Feier“. © Andrew Caballero-Reynolds/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Michael Wolff, Rex Tillerson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel