Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
GLOW ass frësch, speziell a staark
International online dating environment

khayelitsha dating site

Gorgeous Ladies of Wrestling. Dofir steet GLOW. Den Numm ass

https://moien.lu/models-dating-rock-stars/
sidharth malhotra dating history
International online dating environment

Katar-Kris: Fuerderungen ofgeleent

De Katar, vu sengen Nopeschlänner wéinst presuméierter Ënnerstëtzung vum Terrorismus

surprise
Den SEW-OGBL start seng Campagne #echwieremech
International online dating environment

Den SEW-OGBL start seng Campagne #echwieremech

Beim Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL zerbrécht ee sech

Geet de Brexit an d‘Verlängerung?

EU-Kommissioun gewëllt de Brite weider Garantien ze ginn

Geet de Brexit an d‘Verlängerung?

Et sinn nach grad emol véier Woche bis zum „Brexit“, an no enger Scheedung am géigesäitegen Averständnes gesäit et net aus. Fir de Michel Barnier, deen d‘Verhandlunge mat de Brite gefouert huet, ass dat lescht Wuert awer nach net geschwat. Hie wier bereet de Brite beim sougenannte „Backstop“ fir Irland, entgéintzekommen. Um Accord selwer soll net méi gefréckelt ginn…

Am Interview mat der „Welt“ huet den „Chief Negotiator“ vun der EU gesot, datt een zu Bréissel d‘Mësstraue vun de Brite versteet, an een duerchaus weider Garantien zum temporäre Backstop ka ginn. A Groussbritannien gëtt gefaart, datt mat der europäescher Propose zum Ëmgang mat Irland, d‘Land nach ëmmer un d‘EU gebonne wier. Dat kritt déi britesch Regierung awer net op d‘Rei.

De „Backstop“, deen eigentlech en Noutfallmechanissem ass, a verhënnere soll datt et op der Insel nees zu enger physescher Grenz kënnt, ass entweder guer net oder schlecht erkläert ginn. A wann ee fir en Ament déi wirtschaftlech Komponent ausblennt, fir sech de biergerkrichsähnlechen Zoustand vun Nordirland nees an Erënnerung ze ruffen, versteet een d‘Bedeitung vun oppene Grenze besser.

Fir dëse Fridden ze erhalen, gëtt mam Backstop erreecht, datt Nordirland an der europäescher Zollunioun bleift. Dat bedeit eigentlech just, datt bis et zu engem neien Handelsofkommes tëscht Groussbritannien an der EU kënnt, an deem déi iresch Situatioun enger Léisung kann zougefouert ginn, et fir Nordirland e separate Statut gëtt. An dëse „Statut“ ass et deen d‘Briten net wëllen.

Interessant och d‘Ausso vum Michel Barnier, datt mëttlerweil d‘EU-Memberlänner sech op eng „Verlängerung“ vum Austrëtt kéinte verstännegen. Groussbritannien géif also net den 29. Mäerz Mëtternuecht austrieden. Eppes dat eigentlech ausgeschloss ginn ass, an et erschéngt als gewot ze behaapten, datt eng „Verlängerung vun der Frist“ ënnert de Memberlänner Eestëmmegkeet erhält.

Déi wëllen zumindest wësse firwat esou eng „Verlängerung“ soll gutt sinn. Wann ee sech kéint sécher sinn, datt d‘Briten tatsächlech eng Léisung erbäiféiere wëllen, wier et eng Optioun. Bis dohinner ass et awer als éischt um britesche Parlament sech eens ze ginn. Den 12. Mäerz soll am briteschen „House of Commons“ de Brexit-Accord, nach emol zur Ofstëmmung virgeluecht ginn.

Brexit

Eréischt no dësem Vott, kann am EU-Rot iwwert eng méiglech Verlängerung debattéiert ginn. Den Antrag u Bréissel, kann awer eigentlech fréistens de 14. Mäerz virgeluecht ginn, a beim nächste Sommet vum 21. Mäerz muss dann doriwwer entscheet ginn. Vill Zäit bleift also net, an et dierf ee behaapten, datt eng Prolongatioun um Festland kéint als Kaddo u Groussbritannien betruecht ginn.

Mat deem ganze Gedeessems sollt een awer uecht dinn, wéi sech esou eng Verlängerung op déi fir de Mee festgeluechten EU-Wahlen auswierkt. Zitt Bréissel d‘Scheedung net wéi geplangt duerch, geet alt nees vill Kredibilitéit verluer. De Brexit wäert sech bei enger Prolongatioun awer an den europäesche Wahlkampf alueden. Dat wier vill Waasser op d‘Mille vun den Euroskeptiker…

mat indymedia/bru/lon

Foto: © Blake Morgan

Ähnlech Sujeten Brexit, EU-Rot, Europawahlen 2019, Michel Barnier, Nordirland, Verlängerung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel