Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europawahlen 2019: Konferenzen an Aschreiwung op d’Wielerlëscht
International Neiegkeeten

Europawahlen 2019: Konferenzen an Aschreiwung op d’Wielerlëscht

De 26. Mee 2019 sinn Europawahlen – ee Grond méi,

Auszeechnunge fir Nationalfeierdag 2019
International Neiegkeeten

Auszeechnunge fir Nationalfeierdag 2019

Am Kader vun Nationalfeierdag huet um vergaangenen Dënschdeg d’Familljen- an

Gérard Anzia: „Näischt maache kënnt net an d‘Tut
International Neiegkeeten

Gérard Anzia: „Näischt maache kënnt net an d‘Tut

Am Kontext vun der Bloalge-Pescht um Stauséi an zu Wäisswampech,

Geet de giele Gileten d‘Loft aus?

Geet de giele Gileten d‘Loft aus?

Eng däitlech réckleefeg Mobiliséierung, hei an do eppes „Schnëssstécker“ mee kee Schued: dem Mouvement vun de giele Gileten am Frankräich war um Samschdeg eppes d‘Loft ausgaangen. Et staarke Kontrast zu de Woche virdrun, wou et nach méi hefteg hiergaangen ass, fir vum Emmanuel Macron méi Kafkraaft ze verlaangen.

Dëse fënnefte Manifestatioun-Samschdeg kann en als Text fir de President gesinn, deen zanter dem 17. November „wéi eng Sau duerch d‘Gaasse gedriwwe gëtt“. Den Emmanuel Macron huet dorops hin e Méindeg Moossnamen ugekënnegt, fir dësem Opstand en Enn ze bereeden. Eng Oprou déi hir Wuerzelen an de sozialen Netzwierker huet an duerch d‘Wirtschafts- a Steierpolitik ausgeléist gouf.

Fir den Inneminister, Christophe Castaner, ass „de klenge Protest“ eng gutt Geleeënheet fir en Appell via Twitter ze lancéieren: „D‘Kreesverkéier vum Land, Dag an Nuecht besat vu giele Gileten, déi mussen elo befreit ginn an d‘Sécherheet vun allen muss zur Reegel ginn. Elo muss den Dialog alleguerten déi zesummeféieren, déi Frankräich ëmgestalte wëllen“.

Géint 19 Auer hat den Inneministère 66.000 Manifestanten uechter ganz Frankräich gezielt. Dat ass nach d‘Hallschent vum leschte Weekend (126.000) ëm déi selwecht Zäit. Zu Bordeaux an Toulouse waren duebel esouvill Leit ënnerwee wéi zu Paräis. De President vun der Assemblée, Richard Ferrand, huet déi noutwenneg Baisse vun de Mobiliséierung begréisst, den Dialog ka kommen…

Dat lescht Wuert gouf nach net geschwat

En Dialog sécher, mee mat wiem? An de Sondagen ass dem President säi Stär um ënnergoen. Seng Zoustëmmung läit bei grad emol 23% „zefridden“ a 4% „ganz zefridden“, géintiwwer de 76% „onzefridden“, laut dem Sondage Ifop, fir de Journal du Dimanche.

Dësen Dag „ass a gewësser Weis en versoen, mee datt ass d‘Schold vun der Regierung déi eis net uerdentlech manifestéiere léisst“, mengt d‘Lucie, eng Haushaltshëllef vu 35 Joer, déi vu Melun op Paräis komm ass. De Laurent, en Informatiker deen „d‘Politik an d‘Representativitéit vum Bierger“ evoluéiere loosse wëll, wéist dat zréck: „Mir ginn ënnerstëtzt, iwwerall wou mir sinn gëtt getut“.

No de „Guerilla-Zeenen“ an dem offensichtlecher Vandalismus, Biller déi vun de Medien uechtert d‘Welt gedroe goufen, war Frankräich e Samschdeg nees zum Héichsécherheetstrakt verwandelt ginn. 69.000 Mann Sécherheetspersonal (8.000 eleng fir Paräis) si vu gepanzert Gefierer vun der Gendarmerie encadréiert ginn. An déi waren net drop aus sech virféieren ze loossen.

Zu Paräis, wou d‘Champs-Elysées déi vergaange Samschdeger den Epizenter vun der Oprou waren, konnt gëschter Owend schonn nees „opgemaach“ ginn. Am Nomëtteg hat et hei wuel e puer zesummestéiss mat den CRS ginn, mee näischt wat sech mat den Ausenanersetzunge vum leschte Weekend kéint vergläiche loossen. Et war och kee notabele Schued festzestellen.

Interpellatiounen, Untersuchungshaft a Verletzungen

Zu Bordeaux war d‘Stëmmung eppes méi „hëtzeg“. Hei huet déi eng Säit mat „Saachen“ ëm sech gehäit, déi aner huet mat Tréinegas de „Bombardement“ erwiedert. Um Enn hunn eng 30 Persounen sech hanner Gitter erëmfonnt. Zu St. Etienne en ähnlecht Bild (hei goufe 44 Persoune verhaft) grad wéi zu Toulouse, Nantes, Lyon oder Nanzeg. Zu Rennes, Caen a Stroossbuerg war et méi roueg.

Weider Zuelen déi Opschloss ginn: zu Paräis hat bis kuerz no 18 Auer 168 Interpellatioune ginn, dovunner 115 déi hiert virleefegt Enn um Kommissariat fonnt hunn. De Parquet vu Paräis huet bestätegt datt iwwert den Dag 114 Manifestanten an Untersuchungshaft geholl goufen.

Gileten

Déi Lëtzebuerger Kënschtlerin, Deborah de Robertis, mat hire Comparsen. Si hunn sech als „Marianne“ dat franséischt Symbol fir d‘Revolutioun an d‘Fräiheet, verkleet, a sech esou der Police entgéintgestallt. © Valérie Hache/AFP

Op dësem Samschdeg hu vill Manifestanten de „RIC“ (e Referendum op Biergerinitiativ) mee och d‘Demissioun vum Emmanuel Macron gefuerdert. „Mir Kämpfe bis mir zu eisem Recht kommen“, verséchert d‘Daisy, dat mat sengem Frënd aus der Isère op Paräis komm ass. Dës Koppel, déi sech selwer näischt gënnt fir de Kanner eppes fir Chrëschtdag ze kafen, wëll dat sech eppes ännert.

An der Haaptstad, op de Plaze wéi „Bastille“ oder „République“, haten d‘Banken a Geschäfter hir Fassade mat Spärholzplaken ausstafféiert. Ze grouss war d‘Angscht viru weiderem Vandalismus an Déifstall. Déi meescht Geschäfter haten allerdéngs d‘Dieren op, an och d‘Metro-Statiounen zu Paräis waren nach virun 19 Auer, alleguerten nees fir de Public zougänglech.

Fir den Handel e weidere „schwaarze“ Samschdeg

Am Ëmfeld vun de grousse Geschäfter a Galerien hunn sech d‘Leit mat hire Chrëschtdagsakeef gekräizt. Et war ee wäit ewech vum Besatzungszoustand vun de leschte Wochen. Trotz allem huet de President vun de Confederatioun vun de Geschäftsleit misse feststellen: „et ass eng reegelrecht Katastroph fir déi kleng Geschäftsleit. Si hunn och haut ness tëscht 40 a 70% Verloscht gemaach“.

Bei de giele Gilete mécht sech awer och esou eppes Frust breet. „Wann een dee ganze ‚blabla‘ op Facebook liest an da konkret gesäit wéi vill Leit op d‘Strooss ginn, dann hunn ech nach just op eppes Loscht: de Gilet auszedoen“, resuméiert zu Lyon d‘Stella (44) den Aktiounsdag. Esou huet et wuel nach „blockéiert“ Stroossen an Autobunne ginn, mee géint de Owend war nees alles op.

Ënnert den Annonce vum President, wourënner déi emblemateschst d‘Erhéijung vum Mindestloun ass, deen ëm 100 Euro soll ugehuewe ginn, ass zumindest op eng grondsätzlech Fuerderung vun de giele Gilete geäntwert ginn: „manner Taxen – méi Kafkraaft“. „Dem Macron seng Annonce sinn en éischt Réckschrëtt, et weist datt een hien zréckdrécke kann“, esou de Jacques (66) zu Lille.

„Dat sinn net déi Äntwerte mat deenen déi sozial Ongerechtegkeet verschwënnt, an eigentlech ass dat déi grondsätzlech Fuerderung: d‘Leit ginn ongläich behandelt, an et deet een déi Aarm fir d‘Steiererliichterunge vun de Räiche bezuelen“, ënnersträicht d‘Claire, eng Enseignante vu Lille.

D‘Bild vum Dag

Zu Paräis hunn eis Journalisten d‘Bild vum Dag agefaangen. Fënnef Fraen, verkleet als „Marianne“, hunn sech op de Champs-Elysées de Gendaarme entgéintgestallt. Et war eng „Performance“ vun der Lëtzebuerger Kënschtlerin, Deborah de Robertis.Mee och de grousse „Sit-in“ virun der Opéra de Paris, tëscht de Gedenkminutte fir d‘Affer vum Attentat vu Stroossbuerg an dem Mouvement vun de giele Gileten, war en Appell vum Vollek fir Fräiheet a Souveränitéit.

mam Juliette Montesse, dem Grégory Danel an de regional Büroen vun AFP

Foto: Et waren net méi déi Massen, déi sech nach de leschte Samschdeg mat de Sécherheetskräften ugeluecht hunn. Et war verhältnesméisseg „roueg“, et gouf gréisstendeels friddlech demonstréiert. © Christophe Archambault/AFP

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, giel Gileten, gilets jaunes, Kafkraaft, Manifestatioun, Paräis, Sozialkonflikt, Steieren
Nächsten Artikel Virrechten Artikel