Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Erschreckenden Aarbechtsmaartbericht aus den USA
Meenung Neiegkeeten

Erschreckenden Aarbechtsmaartbericht aus den USA

Am Amerika vum Donald Trump leeft zanter dem Ausbroch vun

China gesäit sech net als Befehlsempfänger vu Washington
Meenung Neiegkeeten

China gesäit sech net als Befehlsempfänger vu Washington

D‘Fuerderunge vun den USA, China soll gefällegst Nordkorea dozou bréngen

Zeréck vum Cap Vert: 171 Persounen sinn duerch d’Luxair zeréck an hirer Heemescht
Meenung Neiegkeeten

Zeréck vum Cap Vert: 171 Persounen sinn duerch d’Luxair zeréck an hirer Heemescht

Nodeems duerch déi aktuell Kris vun der Covid-19-Pandemie Passagéierflich gestrach

Geet et ëm de Klima oder ëm de Goss? (e Kommentar)

Geet et ëm de Klima oder ëm de Goss? (e Kommentar)

Nodeems de Claude Turmes e Freideg géintiwwer der Press an am vu Bertelsmann verwalte Staatssender nach emol säin ambitionéierte Klimaplang (dee beschten an Europa) agaangen ass, stoung déi erwaarte CO²-Steier nieft all Humpen um Comptoir. De Klimaplang vum Minister, e Paradigmewiessel oder e gudde Plang wéi och un de leschte Cent vum Bierger kënnt?

Et ass sécher richteg, datt eng Steier eleng de Klima net rette wäert, mee et ass genee esou richteg datt een ouni Geld de Klima net rette kann. Datt Gefierer an Zukunft nëmmen nach „elektresch“ solle sinn ass utopesch, hei brauch et méi ënnerschiddlech Usätz: Waasserstoff ass beispillsweis eng Optioun déi een esou net sollt op d‘Säit leeën, an och un der Effizienz muss sech eppes änneren.

Déi meescht vun eis sinn sech dann och bewosst, datt e „weider esou“ jiddefalls net realistesch ass, mee esou wierklech bereet Hand un de Portmonni ze leeën ass och keen. Iwwerhaapt ass dëse pekuniäre Volet, déi rout Linn déi net sollt iwwerschratt ginn, schliisslech huet de Minister an déi ganz Regierung de Message „Klimagerechtegkeet“ oft genuch ëm d‘Ouere geschloe kritt.

Wann ee sech elo de Plang ukuckt (20 Euro pro ausgestousser Tonn CO² an d‘Erhéijung vun den Accisen) an deem wëll séchergestallt ginn, datt déi akommesschwaach Menage solle „gerecht“ behandelt an déi „gutt Schüler“ steierlech gefërdert solle ginn, da kléngt et bal esou, wéi wann déi CO²-Steier „käschtenneutral“wier. Dat ass jo awer net Fall, firwat sech freet: „Wie blecht?“.

Dës CO²-Steier ass esou käschtenneutral fir akommesschwaach Menage wéi d‘TVA. Et ass eng indirekt Steier déi an éischter Linn d‘Salariat trëfft. Glécklech ass do wien säin Tankstopp steierlech geltend maache kann… An wann ee seet, datt een dat sollt verquësse kënnen, dee vergësst, datt et sech fir vill Menagen och beim Heize wäert bemierkbar maachen, besonnesch fir d‘Locatairen.

Wat eist Land – an eigentlech déi ganz Welt brauch – ass e Mentalitéitswiessel an do ass „Drock“ ee bewäert schlecht Mëttel. De Mënsch gëtt zuweile séier rabbelkäppeg, wat esouwuel un der Politik wéi un der Wirtschaft geleeën ass, där de Mënsch net vertraue kann oder wëll. De Challenge vum Klimawandel – och fir déi wou iwwerzeegt datt et deen net gëtt – brauch awer Vertrauen.

An dann ass do nach eppes, wat säitens der Politik wierklech nëmmen an de seelenste Fäll mat op de Leescht geholl gëtt. Wéi en Impakt hunn déi sëllech Konflikter an déi global, all Dag vum Militär, op zu Land, um Waasser oder an der Loft, getätegt „Beweegungen“ op de Klima? Wéini ginn déi grouss Konzerner, bei Ëmweltverschmotzung och dem Schued entspriechend bestrooft?

Nach emol, e Klimaplang ass richteg well noutwenneg. Sozial gerecht kann eng Steier, besonnesch wa se „indirekt“ ass net sinn, an dat muss esou och gesot sinn. Déi gréisste Laascht entfält dann och nees op de Mëttelstand (dee bezilt jo nach Steieren) dat kann och dee beschte Wëlle vum Minister net vun der Hand weisen. An déi „Aarm“ ginn och ouni CO²-Steier ëmmer méi aarm…

Zum Gléck ass Lëtzebuerg nach net Frankräich: ee gudde Lëtzebuerger mécht seng Fauscht an der Täsch a mault um Comptoir oder setzt anonym e Kommentar an d‘Netz. Dat war et dann och schonn. Et geet eis ebe gutt, a bei de nächste Wahle gëtt jo souwisou alles besser, well dann all déi wou dat politesch ugeléiert hunn dann net méi gewielt ginn. Gutt dat ass schlecht Ironie, mee awer.

Wann et, wéi dat vun der Politik net nëmmen heizuland behaapt gëtt, net bëlleg gëtt d‘Klimaziler anzehalen, da wier et eventuell un der Zäit och emol en Zeechen ze setzen, an déi Räich entspriechend hirem Verméigen ze besteieren. Och d‘Konzerner egal op Internet oder Produktioun, mussen endlech „richteg“ besteiert ginn. Steierdumping ass Gëft fir de (soziale) Klima…

Foto: Andrey Yalansky / Twenty20

Ähnlech Sujeten Claude Turmes, CO²-Emissiounen, CO²-Steier, Klimagesetz, Klimanoutstand, Klimaplang
Nächsten Artikel Virrechten Artikel